Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E chargéierte Regierungsrot
half price hook up columbus ohio

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

new dating apps in india
half price hook up columbus ohio

https://moien.lu/alaskan-bush-family-dating/

Nodeems den Donald Trump sech gëschter fir de Boris Johnson

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un
half price hook up columbus ohio

Kongress FN: De Steve Bannon leet sech mat de Medien un

De fréiere Beroder vum Donald Trump, Steve Bannon, war um

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister Dan Kersch. „All déi Ziler déi mir eis gesat hate sinn erreecht ginn“ erfreet sech de Minister mat Bléck op „seng“ Reform, déi den 1. Januar 2017 an Kraaft getrueden ass.

Eng Reform déi drop gemënzt ass, eng méi stabil Gemengefinanz sécherzestellen, an d‘Ënnerscheeder tëscht de Gemengen an de Regiounen auszegläichen. D‘Reform huet dann och e stolze Präis: 98,7 Milliounen Euro sinn esou de Gemengen zougestane ginn.

Zur Erënnerung: D‘Reform vun de Gemengefinanzen huet als Zil d‘Recetten, déi hinnen zoustinn, zesummenzeféieren. Dat heescht d‘Gewerbesteier (ICC) an de kommunale Fong zur Finanz-Dotatioun, sinn eng an engem eenzege globalen Dotatiounsfong zesummegeluecht ginn.

An de Minister beleet dann och mat Zuelen, datt deem esou ass wéi hei behaapt gëtt. Virun der Reform, huet dat niddregst Akommes pro Awunner fir eng Gemeng bei 1.987 Euro geleeën. Mat der Reform sinn et zukünfteg 2.514 Euro déi de Gemengen zougestane ginn.

D‘Zuele schwätze fir sech

De Verdeelerschlëssel vun der Reform bezitt sech op fënnef Kritären, no deenen déi 102 Gemengen hir Dotatioun erhalen. 82% entfalen op d‘Awunner, 3% op déi bezuelte Beschäftegung, 9% entfalen op den sozioekonomeschen Index, 1% op déi sozial Wunnengen an d‘Fläch fléisst mat 5% an d‘Berechnung an.

Nieft engem Ausgläich vun de bestoenden Ongläichheeten, wollt den Inneminister mat der Reform, och den Amenagement vum Territoire berécksiichtegen, d‘Schafe vun Aarbechtsplazen an de Bau vu sozialem Wunnraum begënschtegen. An d‘Zuele schéngen dem Dan Kersch Recht ze ginn.

An de Regiounen huet sech dann och eppes gedoen, a vum Ministère gëtt et dozou och Zuelen. Esou ass d‘Duerchschnëttsakommes am ganze Land geklommen: vun 2.539 op 2.767 Euro am Süden, vun 2.564 op 2.757 Euro am Zentrum, vun 2.529 op 2.790 Euro am Osten, a vun 2.674 op 2.832 Euro am Norden.

Zil vun der Reform war et e Gläichgewiicht tëscht de Gemengen hierzestellen. Op der Basis vu kloren an Transparente Kritären, wier dat och erreecht ginn, betount den Dan Kersch. De Minister ass dann och zefridden, datt hien den Awänn vun der CSV konnt Paroli bidden.

Et gëtt Gewënner a Verléierer

Béi enger Reform kann et awer net nëmme Gewënner ginn. 79 Gemenge wiere besser gestallt ginn, an 23 Gemenge hätten Abousse missen hinhuelen. E puer Gemengen hunn esouguer richteg vun der Reform profitéiert.

Dozou zielen Esch-Uelzecht, Déifferdeng, Diddeleng a Suessem am Süden, Hesper am Zentrum, Iechternach am Osten, Ettelbréck a Wolz am Norden.

Wann den Inneminister elo am Liicht vum Erfolleg glänze kann, esou muss sech d‘Oppositioun agestoen, datt een net nach weider 30 bis 40 Joer op déi dote Reform waarde konnt. An et ass dann och éischter eng Feststellung wéi Gestëppels, wann den Dan Kersch drop hiweist, datt d‘CSV, mam Jean-Marie Halsdorf, wuel beméit war, awer ni eng Äntwert op d‘Problemer virgeluecht huet.

Ähnlech Sujeten Dan Kersch, Gemengefinanzen, Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel