Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?
Neiegkeeten

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?

No den traditionelle Sitzunge wärend der ganzer leschter Woch huet

Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang
Neiegkeeten

Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang

Vergaangenen Donneschdeg huet de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an

Schéisserei op US-Militärbasis zu Pearl Harbor
Neiegkeeten

Schéisserei op US-Militärbasis zu Pearl Harbor

En Zaldot vun der US-Navy huet virun ee puer Stonnen

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?

Den 1. Juli ass d‘Reform vun de Rettungsdéngschter a Kraaft getrueden, an den CGDIS huet de Kommando beim Rettungswiesen iwwerholl. E Mëttwoch huet den Inneminister Dan Kersch (LSAP) sech um Terrain ëmgekuckt a mat de Pompjeeën iwwert d‘Verännerunge geschwat.

A schonn am Virfeld zur Reform vun de Rettungsdéngschter, hat sech de Minister bei de ville Corpsen am Land ëmfrot, Reuniounen an Entrevuen organiséiert. E wichtegen a richtege Schratt, wou dem Dan Kersch vill Virschléi entgéint bruecht goufen. Mam Besuch bei de Pompjeeë vun Esch-Uelzecht, konnt de Minister sech vun den Auswierkunge vun der Reform e Bild maachen.

Eng gutt Feststellung: zur Organisatioun an der neier Befehlsstruktur gëtt et säitens de Pompjeeën an de Secouriste keng Reklamatioun. De Minister betount awer, datt de Projet „CGDIS“ net mam 1. Juli Ofgeschloss ginn ass. Villes géif hei nach kommen, notamment muss bei der Formatioun nach de neie Kader ausgeschafft an opgebaut ginn.

Fir den Escher Kommandant, Guy Bernar, deen zanter dem 1. Juli och de Chef vun der südlecher Zon ass, ass d‘Reform en Erfolleg. Déi nei Befehlsstruktur géif gutt funktionéieren, wéi et um Beispill vum Asaz beim Groussbrand an der Other-Strooss nozeweisen ass. Villes wier méi einfach ginn, och wann nach net alles Perfekt ass. De Personalproblem ass eng vun de gréisste Suergen.

Dat geet net vun haut op muer

De Problem vum Rekrutement ass dem Inneminister net friem, a hie weess och datt sech deen net iwwer Nuecht behiewe léisst. Den Escher Corps besteet aktuell aus 38 Pompjeeën, 20 Agenten an 3 Ambulancieren. An deen huet masseg ze dinn: iwwer honnert Asätz wéinst Feier, eng 400 technesch Interventiounen a ronn 3.500 Faarte fir d‘Ambulanz, an dat an den 1. sechs Méint vun 2018.

E weidere Problem mat deem den Escher Corps geplot ass: d‘Kasär gëtt ze kleng. Keen Ofstellraum an d‘Vestiaire hannert de Gefierer ass „ongesond“, an et gëtt och „Koordinatiounsschwieregkeeten“ tëscht dem alen an dem neie Gebai. Dat an de Grëff ze kréie geet dann och net vun haut op muer.

Hei weist den Inneminister dann awer drop hin, datt een sech aktuell iwwerleet, wéi a virun allem wou déi Escher Pompjeeë mat de Schëfflenger zesummegeluecht kënne ginn. De Regruppement gëllt och fir d‘Police-Kommissariater, a laut dem Dan Kersch sinn déi betraffe Buergermeeschter averstanen. Als Standuert kéim d‘Aloyse-Meyer Strooss a Fro, well den Terrain dem Staat gehéiert.

Nieft Esch-Uelzecht, huet den Dan Kersch sech och bei de Corpse vu Péiteng a Kayl-Téiteng ëngekuckt. Um haidegen Donneschdeg geet dann nach béi de Rettung- an Interventiounszenter (CIS) op Munneref, Nidderaanwen-Schëtter a Stengefort.

Foto: Visite vum Inneminister Dan Kersch beim Pompjeescorps zu Esch-Uelzecht. © MINT

Ähnlech Sujeten CGDIS, Dan Kersch, Esch-Uelzecht, Pompjeeën, Rettungsdéngschter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel