Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
Et ass Autofestival… an dir wëllt aus Ëmweltgrënn ären Diesel ofginn
christian singles dating free https://moien.lu/best-dating-site-for-geeks/

orifice hook up drawing

Op „Marsch fir de Klima“ oder „Youth 4 Climate“, an

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg
christian singles dating free https://moien.lu/best-dating-site-for-geeks/

Verhidde gëtt fir d‘Dammen eppes méi bëlleg

Mat hirer Ënnerschrëft ënnert eng Konventioun, hunn d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung
christian singles dating free https://moien.lu/best-dating-site-for-geeks/

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung

Déi spuenesch Regierung huet rabiat Moossname geholl fir ze verhënneren

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou

Et brauch nach d‘Zoustëmmung vum EU-Parlament an der EU-Kommissioun

D‘Reform vun den Autorerechter an der EU geet op e Kompromëss zou

Et ass scho vill Tënt gefloss an esou munch Tastatur huet drënner gelidden: D‘Reform vun den Autorerechter an der EU. Elo schéngt een e Kompromëss fonnt ze hunn, zumindest wann ee sech op der Säit vum Julia Reda informéiert huet.

Um spéide Freidegowend hunn 20 Länner fir e Reformentworf gestëmmt deen op der Grondlag vun engem Kompromëss tëscht Frankräich an Däitschland entstanen ass. 7 Länner waren dergéint. De Sträit ëm d‘Reform vun den Autorerechter ass also nach net ganz bäigeluecht. Den 11. Februar gëtt de Sujet nach emol hanner zouen Dieren diskutéiert, iert am Abrëll d‘EU-Parlament ofstëmmt.

Zil vun dëser Reform ass et, an der EU vun de 27, ee fir all Land gültegt Autorerecht – dat dem digitale Gesellschaftswandel ugepasst ass – anzeféieren. Esou soll an dësem Gesetz festgehale ginn, datt online Plattformen – wéi Beispillsweis Vimeo, YouTube a Facebook – haftbar gemaach ginn, wa Benotzer géint de „Copyright“ verstoussen, also Wierker verëffentlechen déi geschützt sinn.

An dat ass en zentrale Punkt am Sträit bei enger eigentlech noutwenneger Reform. Dës Plattformen, déi laienhaft ausgedréckt, nëmme „Plaz zur Verfügung stellen“, géifen duerch dës Moossnam quasi gezwongen e sougenannten „Uploadfilter“ anzesetzen. Déi Mass un „Uploads“ ka mënschlech net kontrolléiert ginn. Et wier also en Algorithmus, deen den Inhalt op Autorerechtsverletzunge préift.

Schränken Autorerechter d‘Meenungsfräiheet an?

D‘Géigner vun der Reform behaapten, datt mam Asaz vun den automatiséierte Préifmechanissem, déi all Inhalter virun hirer Verëffentlechung op Verstéiss checke mussen, et onweigerlech zu enger Aschränkung vun der Meenungsfräiheet komme wäert. Interessant hei: et ass esouwuel säitens den interesséierte Plattforme wéi och vun der Internet-Communautéit géint d‘Reform protestéiert ginn.

En anere Punkt deen zu heftegen Diskussioune gefouert huet, ass dat „Recht op Leeschtungsschutz“ fir d‘Medien. Dat heescht, datt wann d‘Reform a senger aktueller Form ugeholl gëtt, all déi Plattforme wéi Google News, Twitter, asw… sech bei all Verlag mussen eng Autorisatioun anhuele fir Titel an Ausschnëtter verëffentlechen ze dierfen. Eventuell misst dofir esouguer bezuelt ginn.

Bei eisen däitschen Noperen, sinn et de Beruffsverband vun den däitsche Verlager (BDVZ) an de Verband vun den däitschen Zeitungsverlager (VDZ), déi de Kompromëss an engem gemeinsame Communiqué begréisst hunn. Hiren „oppene Bréif“ vum 1.Februar un d‘Kanzlerin Angela Merkel, an de Franséische President Emmanuel Macron, schéngt seng Wierkung voll entfaalt ze hunn…

Esou erfreet een sech iwwert déi „eemoleg Chance fir e staarke Schutz vu Presseverëffentlechungen an der digitaler Welt, déi e bessert Gläichgewiicht tëscht de mächtegen Internetrisen an der fräier Press hierstellen“. Et muss ee sech awer och dierfen ukucken, wiem dës „fräi Press“ gehéiert, a bedenken, datt déi ugeschwaten Internetrisen eege Medie besetzen oder bestoend Verlager opkafen.

Ausnamen déi d‘Reegel bestätege sollen

Wa Mënsche wéi beispillsweis de Jeff Bezos – Patron vun Amazon – sech eng Washington Post fir 250 Milliounen US-Dollar (5. August 2013) leeschten, ass de Prinzip „Pressefräiheet“ schonn a Fro gestallt. An Däitschland beherrschen dräi Familljen d‘Medielandschaft: Springer (Axel-Springer Verlag), Mohn (Bertelsmann), Burda (Hubert Burda Media). Si maachen do d‘Meenungsbildung.

Et ass deemno net wierklech einfach mat der Presse- a Meenungsfräiheet, an esou Konzentratioune féieren zu berechtegten Zweiwel un der Kredibilitéit vun den Noriichten déi verbreet ginn. Et sinn awer och si, déi staark genuch sinn, op d‘Reform vun den Autorerechter an Europa Afloss ze huele firwat et schwéier ass ze gänzlech ze verdäiwelen.

An dësem Kompromëss gëtt elo am Bezuch op d‘Internetplattformen eng Verännerung: esou sollen déi online Portaler déi et nach keng dräi Joer gëtt, vum Gesetz ausgeholl ginn. Dat selwecht soll och fir Plattforme gëllen, déi manner wéi fënnef Milliounen „Notzer“ oder e Joresëmsaz vu manner wéi 10 Milliounen Euro noweise kënnen. Dat léisst dem Mëssbrauch vill Dieren op…

Elo mussen déi 20 Länner, déi sech fir dëse Kompromëss entscheet hunn, nach mam EU-Parlament an der EU-Kommissioun eens ginn. Schonn den 11. Februar steet de Sujet op der Dagesuerdnung, dann awer nach hannert zouen Dieren. Sollt et da geléngen all déi ënnerschiddlech Kommissiounen iwwerzeegt ze kréien, kéint d‘Autorerechtsreform nach virun den EU-Wahlen ugeholl ginn.

mat indymedia/bru/ber

Ähnlech Sujeten Autorerechter, Copyright, EU, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Medien, Meenungsfräiheet, Reform, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel