Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn
International Neiegkeeten

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut
International Neiegkeeten

Mam Tram op Bouneweg – d’Bréck fir den Tram gëtt gebaut

De François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten huet

dislike
Wann de Jughurt sauer schmaacht
International Neiegkeeten

Wann de Jughurt sauer schmaacht

Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren

Ass d‘Reform vun den Autorerechter an der EU duerch?

Wat ass Nei, wou gëtt et Ausnamen, a kënnt et zur Zensur? Hei e puer Äntwerten

Ass d‘Reform vun den Autorerechter an der EU duerch?

Mir haten déi lescht Woch op de méigleche Kompromëss bei der Reform vun den Autorerechter an der EU bericht. Gëschter hu sech Europaparlament, EU-Komissioun an de EU-Rot, bis an de spéiden Owend eran iwwert den Entworf gestridden. Ass dat elo d‘Enn vum fräien Internet?

D‘Zil vun der Reform sinn déi grouss US-Internetkonzerner wéi Google, Twitter oder Facebook, déi op hire Plattforme Biller, Musek an Texter „deelen“ déi eigentlech duerch d‘Autorerecht geschützt sinn. Wéi et heescht, géif sech awer generell ëmmer un d‘Recht gehale ginn, d‘Auteure fir hir Aarbechten, beispillsweis iwwer Lizenzen entschiedegt. Dat awer schéngt net wäit genuch ze goen.

Elo soll et, wann en User zum Beispill eppes op säi Facebook-Account eropluet oder deelt, net méi den User selwer sinn dee bestrooft gëtt, wann hien d‘Autorerecht verletzt, mee Facebook. Domatter sollen déi Plattforme gezwonge ginn, aktiv géint „Mëssbrauch“ virzegoen. Si hätten sech zudeem ze engagéieren, den Auteure vu geschützte „Wierker“ iwwert eng Lizenz e stéck vum Kuch ofzeginn.

Autorerechter

An dësem Kontext war d‘Suerg grouss, datt d‘Moossnam besonnesch den Entreprisen, déi am digitale Secteur aktiv sinn, den Teppech ënnert de Féiss kéint entzéien. Dësen Awand ass dann och berécksiichtegt ginn, an am elo virleienden Entworf, sinn déi „kleng“ an déi „jonk“ Entreprise, déi nach net um Maart vum Erfolleg gekusst goufen, vun dëser Oplag – zumindest zäitlech – befreit.

Eng Reegel déi och bei privaten an/oder net-kommerzielle Projete (wéi beispillsweis Wikipedia) soll ugewannt ginn. Dat ass vernënfteg a sécherlech och wichteg, mee egal wéi oft ee sech den Text duerchliest oder wien ee freet: wou d‘Grenz – am juristesche Sënn – verleeft, ass beim beschte Wëllen net festzestellen. Et wier flott, wann ee sech esou géif ausdrécken dat et verständlech ass.

Eng digital Barrière: den Uploadfilter

Well et unhand der Dateflut kaum méiglech ass – well schlicht Personell net ze bewältegen – manuell alles op juristesch Korrektheet ze iwwerpréiwen, solle sougenannt Uploadfilter, also Algorithmen, d‘Iwwerpréiwung vun enger méiglecher Autorerechtsverletzung iwwerhuelen. Domatter géif alles wat „verdächteg“ erschéngt auszortéiert, an d‘Meenungsfräiheet ageschränkt.

Zensur geet guer net, a Meenungsfräiheet ass an der EU e verbréifte Recht. Mat iwwer 4,5 Milliounen Ënnerschrëften déi sech géint den Artikel 13 vun der Reform gewannt hunn. Woubäi sech den Artikel 13 net explizit op déi kritiséiert Uploadfilter festleet. Allerdéngs, esou d‘Argument vun de Géigner, sinn d‘Filter fir d‘Plattformen déi eenzeg Méiglechkeet Rechtssécherheet ze hunn.

Well Algorithmen awer nëmmen esou gutt sinn, wéi déi wou se erstallt hunn, muss ee kee Kregéiler sinn fir sech drop ze behaapten, datt esou Filter net „differenzéiere“ kënnen, also sech oft wäerten „iren“ an Inhalter wéi beispillsweis Zitater, Rezensiounen oder satiresch „Veronstaltung“ als e Verstouss géint d‘Reegelen erkennen, an hir Verëffentlechung verbidden. Wéi gesot: net einfach…

Elo wou et beim Text zur Reform awer schonn emol zur Eenegung komm ass, muss dësen nach an de nationale Parlamenter virgeluecht ginn. Eng endgülteg Entscheedung sollt et allerdéngs nach virun den Europawahlen am Mee ginn. D‘Piraten an d‘Ekologisten am EU-Parlament hu weiderhi Bedenken, mee net dat néidegt politescht Gewiicht sech der Reform entgéintzestellen.

Dat heescht, sollten si sech weider géint den Artikel 13 asetzen, mussen si hir national Parlamenter vun der Sënnhaftegkeet vun hiren Argumenter iwwerzeegen. Ouni deem virgräifen ze wëllen: do stinn d‘Chancen net gutt. Ass d‘Reform dann emol vun alle bis ugeholl, gëtt nach eng bis zu zwee Joer laang Transitiounsphas, iert déi an der Reform enthale Reegelen a Kraaft triede kënnen.

mam Emely an dem Jonas, indymedia/bru

Ähnlech Sujeten Artikel 13, Autorerechter, EU, Julia Reda, Piraten, Uploadfilter, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel