Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema
Auto dating three day rule how carbon dating works quora

rock band 4 online multiplayer matchmaking

Et soll een sech zwar net op d’sozial Netzwierker verloossen,

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
Auto dating three day rule how carbon dating works quora

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!
Auto dating three day rule how carbon dating works quora

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint

EU: d’Reform vun den Autorerechter

EU: d’Reform vun den Autorerechter

D’EU vun den 28 ass um Freideg, trotz der Oppositioun vun Däitschland, zu engem éischte Kompromëss komm, fir d’Autorerechter (Copyright) ze reforméieren. Sënn an Zweck vun der Reform ass et, sécher ze stellen, datt d’Internetplattformen d’Editeuren (Press) an d’Artiste besser fir hir Onlineproduktioune bezuelen.

„Et huet laang gedauert, mee den Prozess mat deem d’Propose fir eng „Copyright-Direktive“ soll ugeholl ginn huet d’Kéier kritt. Déi bulgaresch Presidence vun der EU huet elo d’Mandat fir mam EU-Parlament Verhandlungen opzehuelen“, heescht et an engem Tweet vum Elitsa Zlateva, Spriecherin vun der permanenter bulgarescher Vertriedung bei der EU.

Zu Bréissel vereent, ass et den Ambassadeure vun den 28 Memberlänner gelongen, sech mat der qualifizéierter Majoritéit op en Text, dee vu Bulgarien virgeluecht ginn ass, ze eenegen. D’Mandat ass mat der qualifizéierter Majoritéit bewëllegt ginn (55% vun de Memberen, déi op mannst 65% vun der EU-Populatioun vertrieden). Ënnert de Länner déi sech gestrieft hunn, war och Däitschland.

D’Reform vun den Autorerechter gëtt vun den Internetplattformen, de nordesche Memberlänner an den Europadeputéierte mat liberaler Tendenz schwéier kritiséiert. Och vill Juriste stäipen sech dergéint. Si werfen der Reform vir, déi bekanntsten oder gréisste Pressehaiser zum Nodeel vun den onofhängege Medien a Startups ze bevirdeelegen, an d’Meenungsfräiheet anzeschränken.

E Lobby vun den Internetplattformen, d’CCIA (Computer & Communications Industry Association) huet sech direkt iwwert den Text opgereegt deen „ en irreparabele Schued fir déi fundamental europäesch Rechter, d’Wirtschaft, d’Kompetitivitéit an d’Kreativitéit, géif provozéieren“. Dat gesäit déi franséisch Kulturministesch, Françoise Nyssen anescht, si huet sech iwwert d’Resultat gefreet.

Den „droit voisin“

Bulgarien huet elo de schwieregen Opdrag mam EU-Parlament Verhandlungen opzehuelen. Bei dëse Verhandlunge geet et ëm D’Propose déi de 14. September 2016 vun der EU-Kommissioun virgeluecht gi war. Zil vun dëser Propose ass et, d’Autorerecht ze „moderniséieren“. Eng Noutwennegkeet déi sech duerch déi digital Revolutioun erginn huet.

D’EU-Parlament huet sech awer nach net zu enger „Positioun“ duerchgerongen, an et dierf ee gespaant sinn, op d’Europadeputéiert am Juni hei e Fortschrëtt virweise kënnen. Bei den zwee Punkten déi besonnesch kontroverséiert sinn, hunn déi 28 zu engem Kompromëss fonnt: fir unzefänke mat der Schafung vun engem „droit voisin“ fir d’Press-Editeuren.

AutorerechterVirgeschloe vun der EU-Kommissioun, soll dësen „droit voisin“ den Zeitungen a Revuen, mee och de Presseagencen, wéi beispillsweis der AFP – déi sech vun hiren Inhalter a Beiträg vun de „feed reader“ (Aggregateuren) wéi Google News beklaut betruechten – erméigleche bezuelt ze ginn. Tatsächlech huet den Internet den traditionelle Wirtschaftsmodell vun der Press op d’Kopp gestallt.

De Verkaf vu „Pabeier“ ass zolidd zréckgaangen, an och bei d’Recetten déi duerch Reklamm generéiert goufe sinn agebrach. D’Françoise Nyssen gesäit an der Reform: „Den Accord aktéiert d’Schafen, op EU-Niveau, vun engem ‘droit voisin’ fir d’Press-Editeuren, dat eng gerecht a spezifesch Remuneratioun vun hire Wierker sécherstellt, wa Bäiträg Online genotzt ginn“.

Fir zu engem Kompromëss ze fannen, huet déi bulgaresch Presidence virgeschloen, datt all Land sech dee Kritär gëtt dat et fir richteg hält, fir d’Aggregateure bezuelen ze doen. Da wieren:

  • entweder d’Gréisst vum Artikel;
  • seng Originalitéit – an dësem prezise Fall géif en Text dee just e Fakt erëmgëtt, wéi beispillsweis „iwwer 3.000 Doudeger bei engem Äerdbiewen“ net ënnert den „droit voisin“ falen;
  • oder eng Mëschung vu béidem.

Technologië fir Autorerechter ze schützen

E weidere Sträitpunkt op deem sech d’Vertrieder vun der EU eenege konnten: d’Propose vun der EU-Kommissioun, d’Plattformen déi Videoen deelen (wéi YouTube oder Dailymotion) ze zwéngen, Technologien anzesetzen, déi et méiglech maachen automatesch Inhalter (Lidder oder audiovisuell Wierker) ze erkennen, déi d’Erlaabnes vum Auteur brauchen, oder geläscht musse ginn.

Hei geet et drëms, den Titulaire vun den Autorerechter d’Kapassitéit ze ginn, e Präis ze verhandelen an fir d’Online-Exploitatioun vun hire Wierker bezuelt ze ginn. Bis ewell hunn dës „Plattformen“ ëmmer nees drop higewisen, datt si just de „Provider“ sinn, fir User déi Inhalt eroplueden. Elo ginn si „Verantwortlech“ fir de Copyright.

Wat elo d’Remuneratioun betrëfft, esou hat Däitschland gefuerdert, datt ee fir déi Entreprisen eng Ausnam mécht, déi e Geschäftsëmsaz ënner 20 Milliounen Euro virweise kënnen. Eng Fuerderung déi um Enn keng Zoustëmmung fonnt huet.

mam Céline Le Prioux/AFP

Ähnlech Sujeten Autorerechter, EU-Kommissioun, EU-Parlament, Medien, Reform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel