Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer
International Money Neiegkeeten

Eng noutwenneg Reaktioun op de Verkéierschaos zu Walfer

Zanter dësem Méindeg ass zu Walfer Verkéierschaos well d’Stroossen (CR125

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
International Money Neiegkeeten

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech
International Money Neiegkeeten

Chantier tëscht den Echangeure Sennengerbierg a Mënsbech

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt de Stroossebelag op der Autobunn A1

money

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no drun en Accord zur Reform vun der Eurozon ze fannen. Esou d‘Ukënnegung vum franséische Finanzminister Bruno Le Maire.

„En Accord ass elo gräifbar“, twittert den Bruno Le Maire no der leschter Verhandlungsronn mat sengem däitschen Homolog, Olaf Scholz, zu Hamburg. De franséische Minister huet dann och gemengt, datt hien zouversiichtlech ass, datt den Accord schonn en Dënschdeg op héchstem Niveau, beim däitsch-franséische Sommet zu Paräis, ka finaliséiert ginn.

„Et sinn nach 2, vläicht dräi, wichteg Punkten déi musse gekläert ginn, mee déi si kloer definéiert an agegrenzt. Elo musse béid Staatscheffen (Angela Merkel an Emmanuel Macron) kucken, op dee leschte Schratt net scho ka beim Seminaire vun de Ministeren, en Dënschdeg, ka gemaach ginn“, heescht et säitens enger Source, aus dem enken Ëmfeld vun de Verhandlungen.

Déi däitsch Onsécherheet

Den Emmanuel Macron hat 2017 den Debat fir eng Neifaassung vun der Eurozon initiéiert. Mee Berlin huet den Dossier méintelaang schleefe gelooss, aus Angscht „vir déi aner Länner bezuelen ze mussen“. Den Detail zu der Konvergenz, déi d‘Finanzminister bei hirer Reunioun zu Hamburg elo schlussendlech wëllen hikritt hunn, huet de Bruno Le Maire net verroden.

Et schéngt dann awer, am Kontext vun de rezente Stellungname vu béide Regierungen, elo zu engem Accord fir d‘Schafe vun engem Investitiounsbudget vun der Eurozon ze kommen. „Et si richteg Fortschrëtter bei de sensibele Punkte gemaach ginn, besonnesch am Bezuch op de Budget vun der Eurozon“ esou eis Source weider.

Däitschland bleift awer der Usiicht, datt een dëse Budget soll op e mëttleren zweestellege Milliarde begrenzen. Den Emmanuel Macron hat sech e puer honnert Milliarde gewënscht. Finanzéiere kéint een de Budget iwwert eng Tax op d‘Finanztransaktiounen. De franséische Virschlag, eng Tax bei de „Risen aus dem digitale Secteur“ ze erhiewen, war awer vu Berlin zréckgewise ginn.

Méi Kompetenz fir de Stabilitéitsmechanissem?

De Rettungsfong vun der Eurozon fir déi Länner déi besonnesch héich verschëllt sinn, den ESM (Europäesche Stabilitéitsmechanissem) misst dann och méi Kompetenzen erhalen. Dee sollt dann och de Länner, déi mat enger exogener Kris konfrontéiert ginn (wéi beispillsweis Irland am Fall vu Problemer am Zesummenhang mam Brexit) Geld léine kënnen.

Eng Ëmbenennung an „Europäesche Währungsfong“, esou wéi dat vun Däitschland virgeschloe ginn ass, steet ausser Fro. Frankräich huet dëse Virschlag mam Argument refuséiert, datt een esou en Interessekonflikt mam Weltwährungsfong (IMF) kéint kréien. Däitschland huet sengersäits d‘Iddi vun engem Finanzminister oder Parlament fir d‘Eurozon zréckgewisen.

Och bei der Finaliséierung vun der Bankenunioun, déi d‘Eurozon besser viru Finanzkrise schütze soll, sinn sech Däitschland a Frankräich nach net eens. Frankräich géif et begréissen, wann et fir d‘Cliente vun alle Banken an der Eurozon, eng Depot-Garantie kéint ginn. Berlin awer verlaangt, datt d‘Banken als éischt hir Konten op nationalem Niveau berengegen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bankenunioun, Däitschland, Europäesche Stabilitéitsmechanissem, Eurozon, Frankräich
Nächsten Artikel Virrechten Artikel