Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi steet et mat den Infektiounsfäll an de Schoulen?
Stories

Wéi steet et mat den Infektiounsfäll an de Schoulen?

An der Froestonn vun der Chamber huet den Deputéierte Sven

Robert Plant mat neiem Album am Oktober
Stories

Robert Plant mat neiem Album am Oktober

„Carry Fire“ ass no dräi Joer, zanter dem leschten Album,

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik
Stories

Stater Braderie: Vill Leit, vill gutt Geschäfter an e bëssi Politik

De „Fouerméindeg“ op deem an der Stad Lëtzebuerg déi traditionell

D‘Reform vun der SNCF aus der Siicht vun der Regierung, erkläert

D‘Reform vun der SNCF aus der Siicht vun der Regierung, erkläert

Déi franséisch Regierung huet sech virgeholl d‘Eisebunn vu Grond op ze reforméieren, an dat nach virum Summer. D‘SNCF soll sech veränneren, an et kënnt dobäi zu engem eemolege Cocktail vu parlamentareschem Debat, Concertatioun an dem Asaz vun Ordonnancen.

Eng Reform, déi op grousse Widderstand säitens den Eisebunnsgewerkschafte stéisst. Déi hunn sech fir de Streik entscheet. E Streik, deen awer an Etappen ausgefouert gëtt, well nëmmen zwee vu fënnef Deeg effektiv gestreikt soll ginn. Eng Ausnam, d‘Gewerkschaft SudRail, déi iwwert de Streik vun Dag zu Dag ofstëmmt.

D‘Struktur vun der SNCF

D‘SNCF ass aktuell aus dräi ëffentlechen Etablissementer mat industriellem a kommerziellem Charakter zesummegesat: SNCF (d‘Direktioun); SNCF-Mobilitéit (d‘Zich) an SNCF-Reseau (d‘Schinnen). D‘Regierung huet sech virgeholl d‘Eisebunn an eng méi integréiert „National Gesellschaft mat ëffentlechem Kapital“ ëmzewandelen.

Tatsächlech ass et esou, datt den aktuelle Statut eng illimitéiert Staatsgarantie séchert. Dat ass net vereenbar mat der Erëffnung fir d‘Konkurrenz fir SNCF-Mobilitéit, a géif SNCF-Reseau aus der Verantwortung huelen, deenen hir Schold ausser Kontroll ka geroden.

De Modell op dee sech bezu gëtt, ass dee vun der Deutsche Bahn (DB). E Modell deen och bei den europäeschen Autoritéite vill Zoustëmmung fënnt. D‘Deutsche Bahn besteet aus enger Holding, déi verschidde Filialen ënnerhält, déi sech den ënnerschiddlechen Aktivitéiten unhëlt.

Wat d‘Zukunft vun de Garen ubelaangt, esou ass hei den Debat hefteg. Sollen se mat den Zich an SNCF-Mobilitéit integréiert ginn, wéi dat bis ewell de Fall ass? Sollen se un SNCF-Reseau ugegliddert ginn? Oder, als drëtt Variant, sollten d‘Garë vläicht Autonom geréiert ginn? E Punkt deen nach op de Konsens ze waarde schéngt.

Onmoosseg Scholden

E weidere Problem, deen allen Experten no selwer provozéiert ginn ass, sinn déi onmoosseg Scholden, déi d‘SNCF sech iwwert déi leschte Joren operluecht huet. D‘Schold vun der SNCF huet Enn 2017 bei 46,6 Milliarden Euro geleeën. Eng Schold déi, wann sech net konsequent eppes ännert, 2026 bei iwwer 62 Milliarden Euro leie kann.

Wat d‘Iwwernam vun der ganzer oder engem Deel vun der Schold betrëfft, déi virun allem dem Bau vu Linne fir héich Vitesse geschëlt ass, esou huet sech de Premierminister Edouard Philippe hei all Optiounen op gelooss. „D‘Regierung wäert säin Deel u Verantwortung virum Enn vum Quinquennat iwwerhuelen, fir d‘Liewensfäegkeet vum Eisebunnssystem ofzesécheren“.

Dat kann dann awer, esou d‘Experten, nëmme gelénge wann d‘SNCF seng Leeschtung gesteigert kritt. Dofir bréicht d‘Eisebunn allerdéngs Zäit, déi se net huet. Zudeem muss zu de Scholden elo och nach de Verloscht, deen duerch de Streik entsteet, berécksiichtegt ginn.

Sech der Konkurrenz opmaachen

Der Konkurrenz den Zougang zum Schinneverkéier ze erlaben, ass e Bestanddeel vun de lafende Gespréicher. D‘Transportministesch Elisabeth Borne, hat um Freideg de Kalenner zur progressiver Erëffnung fir d‘Konkurrenz preziséiert.

An enger éischter Phas solle just d‘Regioune vun der Privatiséierung betraff sinn, mat enger Ausnam: Ile-de-France. Et ass de Regiounen iwwerlooss wéi si d‘Ausschreiwung ab Dezember 2019 organiséiere wëllen. Et bleift méiglech och weiderhin (bis 2023) direkt mat der SNCF Verträg ofzeschléissen, déi dann awer fir eng maximal Lafzäit vun 10 Joer.

Den TGV muss sech an Dezember 2020 der Konkurrenz stellen. An der Ile-de-France, kritt IDF-Mobilitéit de selwechte Choix fir déi nei Linnen, déi tëscht 2019 an 2023 kreéiert ginn. Déi aner Linnen, ausgeholl RER, solle progressiv – tëscht 2023 an 2033 – opgemaach ginn. Den RER muss sech eréischt ab 2033 (Linnen C, D, an E) an ab 2039 (Linnen A a B) der Konkurrenz opmaachen.

D‘Modalitéiten zur Erëffnung fir d‘Konkurrenz

Mat der Concertatioun soll festgeluecht ginn, ënner wéi enge Konditiounen d‘Eisebunner vun enger Eisebunnsgesellschaft zur anerer wiesselen. Dat notamment beim Verloscht vum Aarbechtsvertrag dee mat der SNCF geschloss gi war. Hei ass da rieds vum „soziale Rucksak“.

E Freideg huet d‘Transportministesch preziséiert, datt d‘Salariéeën hir Rechter kënne behalen, ouni Zäitbegrenzung. Dat heescht, datt d‘Eisebunner hire Lounniveau, de besonnesche Regimm fir d‘Pensioun an d‘Aarbechtsgarantie behalen, wann si ënnert dem Eisebunnerstatut agestallt goufen.

Déi aner Konditiounen, wéi d‘Aarbechtszäit, d‘Facilitéite bei der Zirkulatioun oder den Zougang zu Spezialisten an der Medezin, mussen iwwer Kollektivverträg no de Branchen ausgehandelt ginn. E Punkt deen och op de Widderstand vun de Gewerkschafte stéisst.

De Statut vum Eisebunner

D‘Fro vum Statut ass déi gréissten Hürd, déi d‘Reform ze iwwerwannen huet. Den Eisebunnerstatut gëtt als gréisste Laascht fir d‘SNCF ugesinn. De Statut bitt dem Eisebunner e besonneschen awer rigide Schutz. Fir d‘Direktioun stellt de Statut en Drëttel vun den 30% Méikäschten duer, déi d‘SNCF géintiwwer der Konkurrenz huet.

Bei der SNCF, déi 147.000 Salariéeën zielt, hunn 131.000 Aarbechter den Eisebunnerstatut. Dëse Statut wëll d‘Regierung progressiv ofschafen. Den Datum steet wuel am Ament nach net fest, mee et ass virgesinn, datt déi nei Mataarbechter am Kader vun engem Kollektivvertrag agestallt ginn, deen nach net ausgehandelt ass. Och heiranner verbiergt sech Konfliktpotential.

Wéi d‘SNCF intern organiséiert ass

D‘Regierung fuerdert vun der Eisebunn méi effizient ze ginn. D‘Direktioun vum ëffentleche Grupp soll der Regierung nach virum Summer, e strategesche Projet presentéieren, fir notamment d‘Käschten un déi europäesch Standarden unzegläichen.

De grousse Patron, Guillaume Pepy, huet dann och drop higewisen, datt hie mat sengen Truppen e „Pakt Entreprise“ verhandele wëll, esou wéi et d‘Post virgemaach huet. Hien huet sech och virgeholl an d‘Formatioun an d‘Digitalisatioun ze investéieren. D‘Carrière sollen op sinn, d‘Organisatioun vun der Aarbecht méi flexibel – besonnesch op lokalem Niveau – gestalt ginn.

Wichteg wier et och eng gréisser industriell Produktivitéit ze erreechen, an déi vill genannten Dezentraliséierung vum Sozialdialog misst zum Droe kommen. Zu gudder Lescht an mam Bléck op d‘Scholden, mussen d‘Käschte gedréckt ginn. D‘Gewerkschafte gesinn an all dëse Mesurë just: „méi schaffe vir manner ze verdéngen“ a sinn net gewëllt dat einfach hinzehuelen.

mam Jean Liou/AFP

Foto: © Gérard Julien/AFP

Ähnlech Sujeten Gewerkschaften, Reform, SNCF, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel