Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht
Neiegkeeten

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht

E Mëttwoch ass déi nei Regierung vum Groussherzog vereedegt ginn,

dislike
Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen
Neiegkeeten

Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen

Däitschland beklot nom Passage vum heftegem Stuermdéif Xavier siwe Mënscheliewen.

Wéi gutt kenns du Réimech?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Réimech?

Réimech nennt sech gären d’Pärel vun der Musel. An déi

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach

D'Zuele vun den Demandeuren sinn am Joresverglach réckleefeg

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach

Insgesamt gouf et am Januar 2018 175 Ufroen zu Lëtzebuerg. Do mat abegraff sinn och déi Persounen, déi vu Griicheland an Italien aus relokaliséiert gi sinn. Vir e Januar war dëst den niddregste Stand zënter 2015, wou et der nëmmen 88 Demande goufen. Dëst weisen aktuell Zuelen, déi vum Ausseministère verëffentlecht gi sinn.

149 vun den Demandeuren am Januar – also 54% – gouf en Transfert beschloss. 17 Persoune kruten d’Demande refuséiert. 29 Persoune goufen am Kader vum Dublin Prozess vu Lëtzebuerg aus un aner Memberstaate vun der EU transferéiert. Am vergaangene Joer gouf et, wat traitéiert Demande ugeet, e Rekord: Ganzer 3186 Fäll goufe behandelt.

Bei den Hierkonftslänner fält op, datt Syrien mat 12% vun de Fäll nëmmen op déi zweet Plaz an der Ranglëscht kënnt. Dogéint kann sech Georgien mat 14,3% vun de Fäll un d’Spëtzt setzen. Serbien kënnt op 10,9%, während Algerien op 9,1% vun de Fäll kënnt. Aus dem Irak an an dem Afghanistan kommen der 6,9% an 6,3%. Insgesamt gouf et 29 Retouren am Januar, wouvunner nëmmen een eenzegen als “forcé” bezeechent gëtt.

Mam Service Information et Presse

Opmaacherfoto: A Syrien ass den éischten Hëllefs-Konvoi zënter November an der syrescher Rebellen-Enklave am ëstlechen Deel vu Ghouta ukomm. Intensiv Bombardementer duerch d’Arméi hunn 250 doudeg Ziviliste gefuerdert. Copyright: AFP PHOTO / ABDULMONAM EASSA

 

 

Ähnlech Sujeten Asyl, EU, Flüchtlingen, Lëtzebuerg, Syrien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel