Search

You may also like

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
Money Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill
Money Neiegkeeten

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill

Um haitege Welt-Braille-Dag steet déi vum Fransous Louis Braille entwéckelt

D‘Message vum OGBL (Video)
Money Neiegkeeten

D‘Message vum OGBL (Video)

Grad an Zäite wou Noutstandsgesetzer d‘Kontroll iwwert eise soss dach

money

D‘Regierung mécht wat méiglech ass

Vun neien Hëllefe fir d‘Wirtschaft an därer déi an d‘Verlängerung geschéckt ginn

D‘Regierung mécht wat méiglech ass

E Freideg huet d‘Regierung nei Hëllefsmoossnamen annoncéiert, an dës Nouvelle ass besonnesch am Horesca-Secteur begréisst ginn. De Beruffsverband war allerdéngs och gutt an dës Decisiounen agebonne ginn. Et ass jo awer och e vun dem am stäerkste betraffene Secteuren.

Et war dann och en éischter zefriddene Gesiichtsausdrock dee sech den Horesca-Generalsekretär François Koepp leeschte konnt. De Fong fir d‘Relance gëtt bis an de Mäerz 2021 verlängert, esou och d‘Méiglechkeet op Kuerzaarbecht zougräifen ze kënnen. Zudeem soll et eng nei Hëllef ginn, déi sech op déi betriblech Fix-Käschten ausriicht. A déi kënnen zuweile richteg erdréckend sinn.

De François Koepp huet dann och déi ganz schwiereg Situatioun vun den Hoteller an der Stad higewisen, déi wierklech op dës Finanzhëllef ugewisen ass. Mee hien ass net deen eenzegen dee sech iwwert d‘Reaktivitéit vun der Regierung erfreet. Och d‘Confederatioun vum Handel (CLC) begréisst déi vun der Regierung beschlosse Mesuren, besonnesch fir déi kleng Geschäfter.

Den Nicolas Henckes erkennt an dëse Moossname vill gutt Usätz. Hien hält se fir ubruecht an och richteg, nodeems esouvill fir d‘Salariée gemaach gouf. Mee et sollt ee sech näischt virmaachen. Et gesäit nach ëmmer Düster aus an esou richteg Hoffnung – bezunn op d‘Chrëschtdagsgeschäft – dat een Ëmsazméisseg nach emol Punkte kann, huet awer och de Patron vun der CLC net wierklech.

Et gëtt nees legiferéiert

Um Freideg hat de Mëttelstandsminister Lex Delles säin neie Gesetzprojet presentéiert, an deem wéi gesot d‘Verlängerung vum Fong fir d‘Relance zugonschte vum Tourismussecteur, der Kultur, dem Eventberäich asw. festgehale gëtt. Dës Hëllef soll elo och dem Eenzelhandel, an den an der Weiderbildung aktiven Organisatiounen zougestane ginn. Un de Reegele selwer ännert näischt.

D‘Finanzsprëtz bezitt sech op den Zäitraum vun Dezember 2020 bis Mäerz 2021 an ass enger Rei Bedingungen ënnerworf. Et heescht ech hei, datt den Demandeur eng Perte vun op mannst 25% beim Ëmsaz noweise muss. D‘Hëllef gëtt dann op der Basis vun Zuel vun de Beschäftegte (Salarié oder Independant) berechent. Déi läit bei 1.250 Euro (wa geschafft gëtt) a bei 250 Euro (Chômage).

Weider heescht et, datt d‘Regierung beschloss hätt eng Hëllef ze schafen, déi an der Form vun enger Contributioun fir d‘Entreprisen, déi besonnesch ënnert de Folge vun der sanitärer Kris leiden. Dat si wéi schon erwähnt, den Tourismus, den Eventberäich an elo och d‘Weiderbildungsorganisatiounen. Hei gëtt et dann nees inkoherent, fir net ze soen onverständlech, bezunn op Grondlage fir d‘Hëllef.

Esou hunn si et gesot

Fir déi 4 Méint (also vun Dezember bis Mäerz) gëtt d‘Hëllef als Kapital-Subventioun ausbezuelt. Berechent gëtt dat unhand den ongedeckte Käschten. Hei heescht et dann awer, datt de Verloscht beim Ëmsaz 40% géintiwwer dem Virjoer ausmaache muss. Zudeem gëtt et e Plafong. Fir eng Mikroentreprise läit dëse bei 20.000 Euro, fir ee klenge Betrib gëtt et der 100.000 an doriwwer eraus sinn et maximal 200.000 Euro/Mount, déi kënne beusprocht ginn.

Et ass awer den Entreprisen iwwerlooss, op wéi eng Hëllef si zougräife wëllen. Wien do ee gudde Comptabel huet ass nees däitlech am Virdeel. Wei och ëmmer… et gëllt sech ze entscheeden, ob een et virzitt vum Plang fir d‘Relance, oder eng Stäip bei den ongedeckte Käschten an Usproch ze huelen. Béides jiddefalls geet net. Et dierf awer nach drun erënnert ginn, datt d‘Generaldirektioun vum Mëttelstand och direkt Hëllefe bereetgestallt huet, déi net musse rembourséiert ginn.

Da muss och drop higewise ginn, datt d‘EU-Kommissioun mëttlerweil annoncéiert huet, datt eist Land an d‘Phas vun der Wirtschaftsrezessioun agetrueden ass, an de BIP ëm gutt 4,5% dierft an d‘Gette goen. Fir 2021 awer sinn d‘Previsiounen nees besser, hei soll de BIP dann nees ëm 2,3% klammen. Woubäi dat viraussetzt, datt dës Kris och esou lues op en Enn kënnt. De Franz Fayot, Wirtschaftsminister huet bestätegt, dat eng Rei Hëllefsmoossname wäerte weidergefouert ginn.

Fir de Beräich Kultur ass d‘Sam Tanson zoustänneg. D‘Ministesch huet hei weider Hëllefe fir de Secteur annoncéiert. Dat emol fir d‘Méint November an Dezember. Et sinn Hëllefe mat „sozialem Charakter“ déi fir Beruffskënschtler an déi op d‘Produktiounsdauer beschäftegt Mataarbechter geduecht ass. Den Ëmfang vun den Ausgabe beleeft op estiméiert 480.000 Euro. Tëscht Mäerz an August hat de Kulturministère schonn 930.000 Euro fir dës Beruffsgrupp fräigeschalt.

Illustratioun: D‘Regierung hat vun Ufank u versprach keen am Ree stoen ze loossen, an huet dofir de grousse Präbbeli erausgeholl. Datt ass esou richteg wéi noutwenneg, wäert awer net verhënneren, datt et de trotzdem vill wäert ginn, déi um Enn zoppnaass aus dem Schluet erauskommen. © J W / unsplash

Related topics Covid19, Kuerzaarbecht, Relance, Rezessioun, Sanitär Kris, Subventiounen, Wirtschaftskris
Next post Previous post