Search

You may also like

dislike
COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt
Neiegkeeten

COP23: déi lénk vu Lëtzebuerger Regierung net iwwerzeegt

Och déi lénk stellt fest, datt bei der 23. Weltklimakonferenz

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny
Neiegkeeten

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny

Am Februar hat de sozialisteschen Deputéierte Mars di Bartolomeo nogefrot,

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus
Neiegkeeten

Porte Ouverte am Hollerecher Schluechthaus

Am Kader vun den europäeschen Deeg vum Patrimoine, déi vum

Net amstand et anescht ze maachen, priedegt d‘Regierung de Status quo

Net amstand et anescht ze maachen, priedegt d‘Regierung de Status quo

A senger Ried zur Lag vun der Natioun, huet de Premierminister Xavier Bettel däitlech gemaach, datt d‘Koalitioun net op der Héicht vun den Erausfuerderunge vun der Wirtschafts- a Sozialkris ass déi sech ofzeechent. D‘Situatioun ass Exzeptionell, an awer wëll d‘Regierung hire Koalitiounsprogramm net upassen. De Premierminister huet sech esouguer erlaabt d‘Iddien aus sengem Programm, als Experimenter ze qualifizéieren.

Wat elo d‘Experimentéierungsfreedegkeet betrëfft, esou feelt dem Xavier Bettel a senger Regierung dorunner net. Op där enger Säit ginn se vir, d‘Kafkraaft vun de Menagen net iwwer nei Steieren an Ugrëff ze huelen. Op där aner Säit wëllen si eng Karbontax aféieren, déi de Risk verbiergt d‘Ongläichheeten ze verdéiwen, dat ouni sech wierklech dem Problem vun der Äerderwiermung unzehuelen. Doriwwer eraus, schéngt d‘Regierung sech net eens ze sinn, wat d‘Utilitéit vun dëser Tax betrëfft. Laut dem Xavier Bettel, soll si d‘Konsumverhalen änneren; laut dem Energieminister, den Ekologist Claude Turmes, déngt se virun allem dozou d‘Keese vum Staat nees ze fëllen. déi lénk ass der Usiicht, datt ee keng fiskal Moossnamen aféiere soll, wann een net weess firwat ze gebraucht ginn.

A wat d‘Ëmwelt betrëfft – déi gréissten Erausfuerderung vun der Mënschheet laut dem Bettel – esou huet d‘Regierung keng Visioun a setzt weiderhin op de fiskalen Usporn, vun deem nëmmen e puer wéineger profitéieren. déi lénk hat virun ee puer Wochen ee sozial gerechte Modell presentéiert, fir den energeteschen Assainissement vun de Gebaier virzehuelen. An dësem spillen d‘Gemenge en determinante Rôle. Et gëtt Alternativen, mee d‘Regierung weigert sech dës ze gesinn.

Déi sozial Ongläichheete sinn dann och net emol vum Premierminister ugerass ginn. Dobäi spiert een déi ëmmer méi, notamment am Beräich vum Logement. Mee och do feelt et u Visioune säitens der Regierung, a Léisungen huet se och keng. De Gesetzprojet zum Bail à Loyer, mat sengem Dispositiv fir dat investéiert Kapital ze berechnen, riskéiert ganz kloer der Präisexplosioun vun de Loyeren eng legal Basis ze ginn. déi lénk hunn eng Gesetzespropositioun ausgeschafft, déi sech ebe grad un d‘Hausse vun der Präisser erumécht. Mee d‘Regierung huet et virgezunn dat ze ignoréieren.

Nieft der Logementskris, zeechent sech eng Kris um Aarbechtsmaart of. Laut dem, Xavier Bettel, wier de Chômage stabiliséiert. D‘Regierung verweigert sech dem Constat, datt de Confinement an den Ofschwong vun der Aktivitéit deen sech deem ugeschloss huet, ka laangfristeg Konsequenzen hunn. déi lénk warnt a fuerdert d‘Schafe vun enger staatlecher Beschäftegungsgarantie. Mënschen am Chômage, kéinten an de, fir déi ekologesch Transitioun essentiell Secteure – wéi beispillsweis d‘Landwirtschaft, de Recyclage an/oder déi zirkular Wirtschaft – agesat ginn. Fir den Ament, an de Pläng vun der Regierung, ass dës Transformatioun eng eidel Schuel.

Am Beräich vun der Fiskalitéit, weigert sech d‘Regierung och weiderhi Moossnamen ze ergräife fir déi grouss Fortunen oder d‘Akommes aus dem Kapital ze besteiere, a verzicht hei op nei Einnamen. déi lénk sinn der Usiicht, datt et kee bessere Moment gëtt, fir sech déi fiskal Instrumenter ze ginn, fir d‘Geld dohinner sichen ze goe wou et ass, also bei de grousse Fortunen. Et géif héich Zäit eng Verméigenssteier anzeféieren an esou eise Steiersystem méi gerecht ze maachen. Wann de Xavier Bettel ee „staarke Staat“ wëll, esou hien dat seet, da muss een sech och d‘Moyenen derzou ginn.

Dat ass iwwregens indispensabel fir ee gudden ëffentleche Gesondheetssystem oprecht ze erhalen. A senger Ried huet de Premierminister keng Pisten opgewisen, déi et géifen erlaben d‘Fleegepersonal besser auszebilden oder seng Effektiver ze stäerken. Wann een allerdéngs wëll hunn, datt de System och weiderhi performant ass, kënnt een net laanscht Investéieren. Dozou kënnt nach, datt d‘Pandemie opgewisen huet, datt et eng Abberzuel u Mënsche gëtt, déi ausgeklammert goufen, well si keng Krankekeess hunn. Dee Problem ass der Regierung wuel bekannt, mee si mécht näischt. déi lénk revendiquéiert d‘Schafe vun enger echter universeller medezinescher Couverture, fir deem entgéintzewierken.

Wann d‘Regierung sech obstinéiert hire Koalitiounsprogramm ëmzesetzen, wäert si net an der Lag sinn sech de groussen Erausfuerderunge wéi: Logement, sozial Ongläichheeten, d‘Ëmwelt an de Klima, ze stellen. déi lénk huet an der Ried keng Äntwerten op dréngend Froe fonnt, mee ass kloer decidéiert den Drock oprecht ze erhalen, a mat staarken, gerechten a konkrete Virschléi konteren.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Chambre des Députés/flickr

Related topics déi lénk, Klimakris, Logementskris, Ried zur Lag vun der Natioun, Sanitär Kris, Sozial Kris, Wirtschaftskris, Xavier Bettel
Next post Previous post