Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen
Neiegkeeten

Finanzministeren op Besuch: De Pierre Gramegna empfänkt seng Amtskollegen

Op Invitatioun vum Finanzminister Pierre Gramegna hu sech um 26.

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten
Neiegkeeten

Oppositioun ka sech bei Kommunalwahlen an Ungarn behaapten

A villen ungaresche Groussstied huet déi faschistesch Fidesz vum Viktor

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘CGFP erfreet iwwert d‘Aféierung vun den Zäitspuerkonten am ëffentlechen Déngscht

Fënnef Deeg an der Woch bis zur Pensioun a Vollzäit

Regierung versus Gewerkschaften

De Sozialdialog soll nees opgeholl ginn, mee esou richteg matenaner geschwat hu se nach net

Regierung versus Gewerkschaften

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel mat senger ganzer Ekipp vun de Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL an engem oppene Bréif „interpelléiert“ goufen, gouf der Demande vun dësen entsprach. Eng Delegatioun vun den national representative Gewerkschafte gouf gëschter am Schlass zu Senneng empfaangen.

D‘Gewerkschaften haten der Regierung zimlech zolidd de Marsch geblosen an deels onverhuele mat Konsequenze gedreet, wann si net géifen an de Prozess zur Ausaarbechtung vum Pandemie-Gesetz, dat elo Covid19-Gesetz heesche soll, agebonne ginn. Zudeem wat sech bei dëser Entrevue erginn huet, gëtt et wéineg ze soen, ausser datt déi dräi Gewerkschaften hir Proposen an natierlech och hir Revendicatioune virgeluecht hunn.

Et wier „nogelauschtert“ heescht et säitens dem OGBL, dee am Schlass vu de Presidentin Nora Back vertruede gouf. Et wier e sécherlech frou, datt et nees esou eppes wéi en Dialog gëtt, mee wierklech Äntwerte schéngt net ginn ze hunn, well d‘Skepsis war der OGBL-Presidentin am Gesiicht ofzeliesen.

Den Text, deen nach de Moien an der Chamber den Deputéierte virgeluecht gëtt, steet nämlech schonn, an et muss ee sech froen dierfen, wéi sech d‘Gewerkschaften elo nach an dëst Gesetz mat abrénge kënnen. Wann et nämlech sollt drëms goen, datt d‘Revendicatiounen nach sollen an d‘Gesetz, wéi och an d‘Strategie zur wirtschaftlecher Relance sollen afléissen, misst sech eppes begannt ginn, den 24. Juni gëtt d‘Noutstandsgesetz schliisslech op en Enn.

Vill Zäit bleift also net, an eeschthaft mat der Zivilgesellschaft diskutéiere well d‘Regierung ganz offensichtlech net. Schonn an der Presidentekonferenz gouf hannert zouen Dieren diskutéiert an de Bedeelegte gesot, si dierften sech net ëffentlech zum „Avant-Avant-Projet“ äusseren. Wat elo déi gefuerdert Sëtzung vun der Tripartite ugeet, esou schéngt och do säitens der Regierung wéineg Interessi ze ginn.

Déi ass awer net eleng vum Onnëtz vun esou enger Entrevue iwwerzeegt, och d‘Patronatsvertrieder sinn es de Gewerkschafte midd, déi an hiren Aen alles géifen dru setzen, fir déi wirtschaftlech Reprise ze sabotéieren. Dat huet zumindest gëschter de President vun der Handwierkerfederatioun, Michel Reckinger an engem Tweet esou duerchblécke gelooss. Hie gouf doranner vum Romain Schmit, Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun, ënnerstëtzt, deen sech op en Artikel an vu Paperjam berifft.

Interessant dann och déi nei Positioun vum Aarbechtsminister Dan Kersch, deen der Meenung ass, datt eng Sëtzung vun der Tripartite eréischt da Sënn mécht, wann den Impakt vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch d‘Covid19-Pandemie, bekannt ass. Sollt deem bis den 10 Juni net esou sinn, da wäert zu bilaterale Gespréicher kommen, wat jo esou gesinn och eigentlech am Sënn vun de Patronatsvertrieder wier, déi hunn nämlech keng Loscht sech mat de Plogeeschter ze ënnerhalen.

Et bleift also spannend beim Aarmdrécken tëscht Gewerkschaften a Regierung. Dës verléisst sech awer offensichtlech nach ëmmer op déi onbezuelbar Gedold vun de Bierger. Dat d‘Vollek am grousse ganze ganz zefridde mat der Krisegestioun ass, dat richteg an duerchaus berechtegt. Mee zanter 14 Deeg huet sech den Toun vun der Regierung eppes verännert, an dat ass elo och an de Menagen esou ukomm.

Dat dierft och dem groussen Drock vun der Wirtschaft geschëlt sinn. Déi bestëmmen nach ëmmer wéi eng Politik gemaach gëtt a wéi se auszeriichten ass, och wann d‘Regierung beméit bleift deem ze widderspriechen. Et dierf een dann och sécher sinn, datt d‘Handschrëft vun dësen apoliteschen „Interessevertrieder“ schonn am Gesetzprojet erëmzefannen ass.

Woubäi et duerchaus verständlech a sënnvoll ass, datt sech och d‘Patronat un der Elaboratioun vun engem „globale Gesetzestext“ bedeelegt, mee jo awer net Fiederféierend dierf sinn. Dat deem awer schéngt esou ze sinn, datt huet d‘Regierung mat hirer Geheimniskréimerei selwer ze veräntwerten, besonnesch wou an dësem Gesetz och d‘Aarbechtsrecht wäert betraff sinn.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Ähnlech Sujeten CGFP, Covid19-Gesetz, Gewerkschaften, LCGB, OGBL, Regierung, Sozialdialog, Tripartite
Nächsten Artikel Virrechten Artikel