Search

You may also like

Budget 2020: Nom Rapporter hat d‘Oppositioun d‘Wuert
International Neiegkeeten

Budget 2020: Nom Rapporter hat d‘Oppositioun d‘Wuert

Wann de Rapporter Yves Cruchten (LSAP) mat sengem Bericht zum

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
International Neiegkeeten

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!

Vergaangene Sonndeg huet déi Hamburger Ska-Punk Band Rantanplan zu Saarbrécken

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel
International Neiegkeeten

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel

De passive Schlëssel mécht engem d‘Liewen als Chauffeur méi einfach,

Regierungsbildung an Israel gescheitert

An Israel bereeden se sech op déi drëtt Wahle bannent engem Joer vir

Regierungsbildung an Israel gescheitert

De Benny Gantz (Blo-Wäiss) huet d‘Handduch gehäit an dem President Reuven Rivlin d‘Mandat zur Regierungsbildung zréckginn. Virun him war de rietskonservative Benjamin „Bibi“ Netanyahu (Likud) scho gescheitert, firwat Neiwahlen am Raum stinn. Et wieren déi drëtt Parlamentswahle bannent engem Joer.

Nodeems de Benny Gantz säi Mandat ofginn huet, kann elo (theoretesch) all Deputéierte versichen, eng Majoritéit vun 61 (vun am Ganzen 120) Parlamentarier zesummenzekréien an esou eppes wéi eng Regierungskoalitioun ze sichen. Dofir sinn 21 Deeg ugesat an et ass net dovunner auszegoen, datt et engem ka geléngen. Dat heescht d‘Israelie musse spéitstens am Mäerz nees wiele goen.

Komplizéiert

Eng Regierungsbildung an Israel ass komplizéiert, well weder dat riets-reliéist nach dat mëtt-lénks Lager iwwert eng Majoritéit verfüügt. Den israelesche President Reuven Rivlin hat sech fir eng Eenheetsregierung vu Kahol Lavan mat der Likud ausgeschwat. Dem Benny Gantz seng Ekipp war mat 33 Mandater viru Likud (32) déi stäerkste Kraaft. Eng Koalitioun ass un der Likud gescheitert.

Regierungsbildung

Fir eng Regierungsbildung hätt sech de Benny Gantz ob déi arabesch Deputéiert miss stäipe kënnen an dat war no der Annonce vum US-Ausseminister Mike Pompeo, dee verkënnt huet datt déi vun Israel an de besate Gebidder Westjordanland an Ostjerusalem gebaute Siidlungen, net géint dat internationaalt Recht verstoussen, net méi méiglech. Wéi kéinten déi och esou eppes guttheeschen?

An elo?

Bezitt ee sech op déi lescht Sondagen, géif et am Fall vun enger Wahl zimlech sécher dat selwecht Resultat wéi am September ginn. Kahol Lavan géif mat 33 Mandater stäerkste Kraaft bleiwen, de Likud géif ee Mandat verléieren, déi arabesch Lëscht kéim nees op 13 an Israel Beitenu gewënnt ee Sëtz a kéim op 9 Mandater. Dat heescht: nach ëmmer keng Majoritéit ouni grouss Koalitioun…

An der tëscht muss sech awer de Benjamin Netanyahu ee puer Gedanke maachen. Deem stinn dräi Ukloe wéinst Korruptioun an d‘Haus, wat sech duerchaus op seng politesch Zukunft auswierke kann. Him gëtt Bestiechlechkeet, Bedruch a Verontreiung virgeworf. Eng Entscheedung vun der Justiz gëtt sech bis Enn vum Joer erwaart. Da wäert sech weisen, op de „Bibi“ nach Muecht huet…

mat indymedia/tlv

Foto: Eduardo Catro / Pixabay

Related topics Arabesch Lëscht, Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Parlamentswahlen
Next post Previous post