Search

You may also like

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC
International Neiegkeeten Stories

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC

Am Kader vun enger rezenter Ënnerriedung tëscht dem Konsumenteschutz (ULC)

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU
International Neiegkeeten Stories

EUROSTAT: neisten Informatiounen iwwert d’Hauspräisentwécklung an der EU

D’Hauspräisser am europäesche Raum si, wéi och an der EU,

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
International Neiegkeeten Stories

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

Ex-Bänker gëtt Regierungschef an Italien

No enger kuerzer Regierungskris, huet de fréiere GoldmanSachs Employé d‘Mandat vum Regierungschef iwwerholl

Ex-Bänker gëtt Regierungschef an Italien

De Staatspresident Sergio Mattarella huet de Mario Draghi, ee Samschdeg als neie Regierungschef vereedegt. Kuerz drop ass dann am Quirinal-Palais, dem Amtssëtz vum Staatspresident, déi nei Regierungsekipp vereedegt ginn. De Mario Draghi hat d‘Lëscht vu sengem Kabinett schonn um Freideg bekannt ginn.

Et ass eng interessant Zesummesetzung, well de „Super“ Mario huet seng „Patchwork-Regierung“ esouwuel mat „rietsen“ wéi mat „lénke“ Politiker besat. Vervollstännegt gëtt d‘Ekipp duerch sougenannt „parteilos“ Experten. Domadder ass zumindest d‘Regierungskris ofgewannt ginn, déi Italien zanter Januar am Grëff hat. Déi virecht Regierung hat bal 18 Méint iwwerstanen.

Dem Mario Draghi seng Regierung, ass schonn déi drëtt, an dat an der lafender Legislaturperiod. Et gëtt net ausgeschloss, datt déi 67. Regierung an der Geschicht vun der italienescher Republik, dës Krisen, déi wirtschaftlech, wéi déi sanitär, an de Grëff kritt. Et schéngt awer Zweiwel ze hunn, wéi laang se sech hale kann. Hei treffe géigesätzlech Ideologien openaner, déi net zu enaner passen.

15 Vertrieder vu bal alle gréissere Parteien (just d‘Faschiste vun der Partei „Fratelli d‘Italia“ hunn eng kloer Oppositioun ugekënnegt. Aacht Ressorte solle vun „Experte“ geleet ginn. Dozou gehéiert den Daniele Franco, deen zum Finanzminister ernannt ginn ass. Den Daniele Franco war bis ewell de Generaldirekter vun der italienescher Zentralbank „Banca d‘Italia“ a kenger Partei zougehéiereg.

Paritéit gëtt iwwerbewäert

Interessant nach d‘Feststellung, datt an der „neier“ Regierung och nees zentral Acteure vun der leschter Regierung sëtzen. Esou beispillsweis den Ausseminister Luigi di Maio vum Movimento Cinque Stelle (M5S) oder de Gesondheetsminister Roberto Speranza vun der klenger lénker Partei „Liberi e Uguali“. Am stäerkste vertrueden ass allerdéngs de Movimento Cinque Stelle…

U sech logesch, si stellt ëmmerhin 30% vun de Mandater am Parlament. Mee d‘Sozialdemokrate (PD), déi neofaschistesch „Forza Italia“ (FI) vum Silvio Berlusconi an déi däitlech faschistesch orientéiert „Lega Nord“ vum Matteo Salvini, hu Plaz gemaach kritt. Esouguer dem Matteo Renzi seng Splitterpartei „Italia Viva“, déi d‘Regierungskris ausgeléist huet, dierf nees matspillen.

An Italien hunn dann och nach ëmmer d‘Männer d‘Soen. Si sinn et déi d‘Entscheedungen treffen, a Fraen, dat ass bekannt, sollen sech hir Männer, d‘Kanner an de Stot këmmeren… Zumindest muss et erlaabt sinn dem Mario Draghi dëse Gedanken, jo Liewensastellung ënnerstellen. A senger Regierung huet 23 Mandater, vun deenen der nëmmen aacht vu Fraen ausgefëllt ginn. Zoufall?

Parlament gëtt sech Konstruktiv

De Matteo Salvini (LN) an de Silvio Berlusconi (FI) haten der Draghi-Regierung scho virun der Vereedegung vill Erfolleg gewënscht. Den Nicola Zingaretti (PD) huet verséchert, datt seng Partei d‘Regierung mat Loyalitéit an aus Iwwerzeegung wäert ënnerstëtzen. D‘Isa Maggi, Politikerin a Virsëtzend vum Fraeverband huet et mat Kritik versicht. Si bedauert de Mangel u Gläichstellung.

Erënnere mir nach emol drun, datt déi lescht Regierungskris aus dem Sträit ëm den Asaz vun 200 Milliarden Euro „Coronavirus-Finanzhëllef“ vu Bréissel ervirgaangen ass. Elo muss awer och Italien bis Abrëll „säi Plang“ virgeluecht hunn, aus deem ervirgeet, wéi ee gedenkt dës Gelder an déi richteg Hänn ëmzeleeden. Et war folgerichteg net wierklech méiglech Neiwalen anzeberuffen.

Ganz duerch ass de „Super Mario“ nach net. D‘Regierung ass wuel am Amt an dierf mat schaffen ufänken, mee de Mario Draghi muss sech nach zwou Vertrauensfroe stellen. Wann sech un der Agenda näischt méi ännert, sollen de nächste Mëttwoch de Senat an d‘Parlamentskummer doriwwer befannen. Hei dierft net zu Iwwerraschunge kommen, d‘Majoritéite gëllen als geséchert.

Vill Vertraue fir de Bänker

Fir de Banquier, deen hei déi gréisste Koalitiounsregierung zanter Joerzéngten zesummebruecht huet, ass et eng grouss Satisfaktioun feststellen ze kënnen, datt bal all d‘Parteien am Parlament hien elo ënnerstëtzen. An dat obwuel all d‘Schlësselpositiounen un „Experte“ vergi goufen, déi keng politesch, mee erwisenermoosse streng wirtschaftlech Interessen (besonnesch déi eegen) vertrieden.

De fréieren Direkter vun der Zentralbank gëtt Finanzminister; ee Physiker an Technologiemanager vu „Leonardo“ (italienesche Rëschtungskonzern mat Aktivitéiten an de Beräicher Loft a Raumfaart) soll sech ëm déi technologesch Transitioun këmmeren; en ex-Europachef vun engem vun der weltwäit gréissten Telekommunikatiounskonzerner soll Italien an den digitalen Zäitalter aféieren an déi fréier Presidentin vum Verfassungsgeriicht kritt de Portefeuille vum Justizministère operluecht.

Vun der virechter Regierung ginn iwwerholl: de Gesondheetsminister (LEU), de Verdeedegung- an de Kulturminister (PD), esou wei den Ausseminister (M5S). All déi aner Mandater sinn nei besat ginn, dat deels mat „wichtege“ Leit aus dem Lager vun de Populisten an de Faschisten. Déi sollen déi politesch Schwéiergewiichter – Salvini a Renzi – mee och Deeler vum M5S an der Gitt halen.

Flexibelen Interpretatiounsspillraum

Wéi an ob et de Parteien an dëser Regierung geléngt, déi vëlleg géigesätzlech Parteiinteressen der neier politescher Konkordanz ze afferen, muss een elo ofwaarden. Verwonnerlech beispillsweis de Fait, datt de Faschist Matteo Salvini ob emol déi italienesch Migratiounspolitik un déi europäesch Ausriichtung uschléisse wëll. Woubäi dës „Politik“ an der EU der Frontex iwwerlooss gëtt…

Ob de Mario Draghi, dee ganz am Sënn vu senge fréiere Patrone versicht huet, déi finanzpolitesch Interesse vun 19 Memberlänner ënnert een Hutt ze kréien, seng Regierung, d‘Parlament an de Senat vereent kritt? Bezunn op déi wirtschaftlech Situatioun vum Land, wou d‘Wirtschaftsleeschtung am Joer 2020 ëm 9% agebrach ass, an d‘Noutwennegkeet d‘Finanzhëllef unzehuelen, ass et méiglech.

Dat setzt allerdéngs och viraus, datt den neie Ministerpresident dëse politesche Sammelsurium zur Zesummenaarbecht motivéiert kritt. Et bleift am weidere Verlaf dann och nach ze klären, wéi eng Interessen d‘Experte vertriede wäerten. 200 Milliarden Euro si vill Geld, an dat erwächt schonn eppes Begier. Mee wat dëst Gelt betrëfft, muss fir unzefänken, elo emol ee Plang virgeluecht ginn.

mat indymedia/rom

Foto: © Governo Italiano/Presidenzia del Consiglio déi Ministri

Related topics EU-Finanzhëllef, Italien, Mario Draghi, Regierung, Sergio Mattarella
Next post Previous post