Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“
International Neiegkeeten

Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“

Bei der Pressekonferenz vun der ALFI, déi sech op déi

surprise
Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad
International Neiegkeeten

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei

money
Et ginn nees masseg Autoe verkaf
International Neiegkeeten

Et ginn nees masseg Autoe verkaf

Den Autosalon war wéinst der sanitärer Kris net wierklech dat

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun

Fir de 55 Joer jonke Boris Johnson gëtt d‘Infektioun mam Coronavirus Covid19 bedreelech

Brittesche Regierungschef op der Intensivstatioun

Hien hat laang „gewaart“, fir net ze soen hien hätt d‘Situatioun ënnerschätzt. Nodeems spéitstens den 11. Februar jidderengem hätt misse kloer sinn, datt déi an der chinesescher Provënz Hubei ausgesprachen Epidemie, sech géif zu enger Pandemie entwéckelen, haten d‘Britten de Covid19 zur „onmëttelbarer Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet erkläert. Éischt Infektiounsfäll gouf et schonn

Mëtt Mäerz waren d‘Bistroen an d‘Pub‘s nach op, de Schoulbetrib ass ganz „normal“ weidergelaf an de Boris „King of the World“ Johnson wat sech sécher, datt dësem Problem mat „Vernonft“ bäizekommen ass. Et gouf sécherlech Appeller „op Distanz ze goen“ an den eelere Bierger gouf un d‘Häerz geluecht sech et op de Couch doheem gemitterlech ze maachen, mee dat war et dann och.

Wéi de Boris Johnson um 16. Mäerz dem Winston Churchill säi Slogan aus dem 2. Weltkrich: „Keep calm an carry on“ – also d‘Rou beworen a weider maachen – beméit huet, war d‘Absicht derhannert, déi sougenannt Häerdenimmunitéit erbäizeféieren. Dee Schoss ass no hanne lass gaangen, well déi britesch NHS, dëser globaler sanitärer Kris absolut näischt entgéintzesetzen huet.

Fir de brittesche Premier war bis dohinner d‘Welt nach an der Rei, an hien huet d‘NHS, déi seng Virgänger – och wéinst feelendem Engagement säitens den Oppositiounsparteien – ganz bewosst iwwer Joerzéngten d‘Finanzmëttel, an esou och den Handlungsspillraum, gekierzt hunn, an den Himmel gelueft. Schutzausrëschtung, Beotmungsapparater, Intensivbetter awer gouf et keng.

De 27. Mäerz dunn, huet de Boris Johnson via Twitter erkläert, datt hie positiv op de Covid19 getest gi wier a sech selwer a Quarantaine gesat hätt. Hien hätt ganz geréng Symptomer, liicht Féiwer mee zolitten Houscht. An do wou sech eiseree vläicht ugefaangen hätt Gedanken ze maachen, huet de brittesche Premier „Zouversiicht“ verbreet. Allerdéngs hat de Virus schonn den Zepter iwwerholl…

Regierungschef

Um Méindeg huet de brittesche Premier sech vu senger schwangerer Liewensgefäertin, déi och – laut eegener Ausso – eng Woch mat Covid19-Symptomer a Bett geleeë war, missen trennen an, esou den offizielle Wuertlaut, preventiv a fir weider Ënnersichungen an d‘Spidol musse goen. An nach ëmmer war alles a beschter Uerdnung. Et gouf verséchert hie kéint weider d‘Regierung leeden.

Ignoranz a Pandemie: ee geféierleche Cocktail

Elo ass zanter gëschter Owend gewosst, och wann de Wuertlaut am Communiqué aus der Downing Street 10 stramm beméit ass d‘Faite kleng ze halen, datt de BoJo, op Empfeelung vum „Medical Team“ op d‘Intensivstatioun verluecht gi wier, datt natierlech just preventiv… Woubäi dat eppes gelunn ass, well et ass erwisen, datt sech dem Premier säin Zoustand staark verschlechtert huet.

D‘Regierungsgeschäfter ginn elo vum Ausseminister Dominic Raab iwwerholl, deen de Britte verkënnt huet, datt déi gesamt Regierungsekipp versprécht dem Premierminister seng Pläng am Kampf géint de Coronavirus voll an ëmfänglech ëmzesetzen. Ugesiichts dem Feigefill, dat de Boris Johnson bis ewell gewisen hat, sollt dës Ausso de brittesche Bierger wéi eng Bedreeung virkommen.

RegierungschefFir de prominente Patient, deen nach Méindegnomëttes getweet huet, dat wier alle nëmmen hallef esou schlëmm wéi et sech unhéiert. Déi fréiere Parteichef vun den Tories, Ian Duncan Smith, sollt een elo keng „Interpretatiounen“ am Kontext vun der Behandlungsmethod ustriewen. „Ech si sécher datt d‘Dokteren dat gemaach hu fir hie komplett ze stabiliséieren“, esou seng Siicht op de Fall.

Wéi schlëmm et elo tatsächlech ass? Wann ee weess wéi d‘Politiker mat der Wourecht ëmginn, wäert et wuel net ganz esou gutt ausgesinn, wéi et behaapt gëtt, mee dout ass de Mann och nach net. D‘Britten déi vill Humor hunn a gäre Wetten ofschléissen, hunn een neie Wee fonnt, wéi ee sech politesch ausdrécke kann. Dem BoJo seng Fans wetten datt en et iwwerlieft, déi aner halen dergéint.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Luke Stackpoole / unsplash

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Intensivstatioun, NHS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel