Search

You may also like

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)
Neiegkeeten

Den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP)

Wat schonn emol wichteg ass – den Dossier opmaachen (oder net)

Stuerm iwwer Griicheland
Neiegkeeten

Stuerm iwwer Griicheland

Nom Passage vum Wierbelstuerm „Ianos“ an engem weidere Stuermdéif: ëmgestierzte

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?
Neiegkeeten

Wéi bewältegt d’Europäesch Union d’Covid19 Kris?

De Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament organiséiert eng Talkronn iwwert

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen

Déi gréng mussen hir Regierungsekipp nei opstellen

Wéinst dem nach ëmmer schlechte Gesondheetszoustand vum Justizminister Félix Braz, sinn déi gréng elo awer gezwongen hir Regierungsekipp nei opzestellen. De Minister fir Kasären-Alldag a funktionell Mobilitéit, François Bausch, gëtt Vizepremierminister an d‘Juristin Sam Tanson bleift endgülteg en Charge vum Justizministère. Elo brauch nach een deen dem Sam de Logement ofhëlt.

Wann elo dat ganzt mam Vizepremier a Justizministère éischter eng formell Ugeleeënheet dierft sinn, esou kéint et mam Logementsministère ënner Ëmstänn eppes méi komplizéiert ginn. Fir de Parteipresident Christian Kmiotek ass et natierlech eng „schwiereg“ Situatioun, mee hie wëll hei awer net vun enger Kris schwätzen. Trotz allen Emotiounen, muss een elo e klore Kapp behalen.

Et huet ee schliisslech vum Wieler Verantwortung opgedroen a Vertrauen zougedroe kritt, an dat misst ee respektéieren. Zudeem ass ee „Koalitiounspartner“ firwat een och eng Responsabilitéit géintiwwer der Regierungsekipp huet. Déi muss sech dierfen op ee verloossen, a fir datt deem och esou ass, huet sech um Dënschdegowend den Exekutivcomité op eng Entscheedung gëeenegt.

Déi nei Opstellung muss allerdéngs nach op engem Kongress, dee vir en Donneschdeg an aacht Deeg virgesinn ass, bestätegt ginn. Et gouf – an dat ass wierklech wichteg an och richteg – dann nach emol kloergestallt, datt déi gréng als Partei an d‘Koalitiounspartner och weiderhin hannert dem Felix Braz stinn, dee quasi als „Membre Honoraire“ vun dëser Regierung ka betruecht ginn.

Eng gutt Wiel treffen

D‘Presidentin Djuna Bernard huet an dësem Kontext och drop higewisen, datt et dem Félix Braz den Ëmstänn entspriechend „besser“ geet, hien elo awer seng Kraaft a seng Gesondheet stieche muss. Als Partei stinn déi gréng hannert hirem Frënd a senger Famill, déi och wëllen datt no vir gekuckt gëtt. Stellt sech déi kruzial Fro, wie réckelt elo an d‘Chamber no an wie gëtt Minister?

Eng Decisioun, déi um Kongress muss getraff ginn. Well déi Persoun déi d‘Mandat fir de Logement iwwerhëlt, gëtt och „delegéierte“ Minister fir Bannesécherheet a Verdeedegung. An et ass hei net, wéi wann déi gréng elo masseg Optiounen hätten. Eng ass ausgeschloss: esou wier de Logement e predestinéierte Ministère fir de charismateschen Député-Maire vun Déifferdeng gewiescht.

Dee fält aus „bekannte Grënn“ aus, wat ville Spekulatiounen e fruchtbare Buedem bitt. Och déi aner Parteien, an éischter Linn d‘Oppositiounsparteien, wäerte mat gréisster Opmierksamkeet verfollege wat sech do um Kongress vun déi gréng nächsten Donneschdeg alles zoudroe wäert. Vill Politiker gesinn d‘Fraktiounscheffin Josée Lorsché am Logement, mee op si dat och wëll ass net gewosst.

Related topics Christian Kmiotek, déi gréng, Felix Braz, Josée Lorsché, Regierungsekipp, Roberto Traversini, Sam Tanson
Next post Previous post