Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg de Regierungsrot eng Sëtzung ofgehalen. An dësem Kontext ass sech iwwert déi aktuell international an europapolitesch Politik ënnerhale ginn.

De Rot huet bei dëser Geleeënheet d‘Prioritéite vun der Lëtzebuerger Presidence vum Comité vun de Ministere vun der Benelux-Unioun fir 2019 ugeholl. Lëtzebuerg huet dës Presidence den 1. Januar iwwerdroe kritt. Si geet den 31. Dezember op en Enn. Zu de Prioritéite vun der Benelux-Presidence gehéiere folgend Themen:

Am Kontext vun – engem méiglecherweis „haarden“ – Brexit, hunn sech d‘Minister iwwert de Statut vun eise britesche Matbierger ënnerhalen. Detailer dozou, fannt déi ënner „Brexit: d‘Rechter vun de Bierger“.

Vum Ministerrot ass de Projet vun engem groussherzogleche Reglement ugeholl ginn, deen eng Modifikatioun vum groussherzogleche Reglement vum 23. Dezember 2013 virgesäit. Deen handelt vum autonome Recht op d‘Bestëmmung vun den Accisen an aner Dispositiounen iwwer den manufakturéierten Tubak.

Heibäi geet et drëms d‘Hausse vun der Taxatioun vum Tubak (klenggeschnidden) dee fir „selwer ze dréinen“ ass. Et muss sech dem Minimum-Taux vun de globalen Accisen, vun 48% vum duerchschnëttlech Verkafspräis am Eenzelhandel, esou wéi dat an der EU-Direktiv 2011/64/UE vum 21. Juni 2011 virgesinn ass, ugepasst ginn.

mam SIP