Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen
Neiegkeeten

Den Aarbechtsminister kritt am Dossier „Grenzgänger“ Zäit, Loft ze huelen

En Donneschdeg hunn sech um Kierchbierg d‘Memberlänner vun der EU

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

No de Wahle vum leschte Joer huet sech vill gedoen

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz
Neiegkeeten

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

E Sonndeg fannen d‘Wahle fir d‘Europaparlament statt. Op dësem Dag

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach

De Regierungsrot huet gëschter siegéiert an nieft dem Haaptthema „Covid19“ ass sech och mat der internationaler an der europäescher Politik beschäftegt ginn.

Si hunn erëm de „schéine Männche“ gemaach

D‘Ministeren hunn sech an hirer Reunioun mat der Aarbechtsmaartsituatioun am Land, wei och dem Impakt vun der Covid19-Pandemie op den Emploi – dat opgrond den Aarbechte vum Konjunkturcomité vum 28. Abrëll – beschäftegt.

An enger separater Pressekonferenz hunn den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) an de Syvicol-President Emile Eicher (CSV) d‘Modalitéite vun der Reprise an dem Accueil fir d‘Kanner aus de Grondschoule virgestallt. Hei konnt een dann och gewuer ginn, datt 96% vun de Schüler, déi gëschter nees an d‘Schoul hunn dierfe goen, uwiesend waren. Den Absenteismus vu 4% géif awer och an „normalen Zäite“ bestoen. De Gros vun de Schüler déi net an d‘Schoul gaange sinn, goufen als „vulnerabel Schüler“ duergestallt.

Laut dem Pressedéngscht (SIP) huet de Regierungsrot eng Rei nei Mesure festgeluecht fir dëser Kris ze begéinen. Dës Moossname bestinn aus Modifikatioune vum groussherzogleche Reglement zur Handhabung vun den Ofschlossexamen am Secondaire, wéi engem Gesetzprojet, deen eng Derogatioun vum Artikel 75 vum ziville Kodex virgesäit.

Sënn an Zweck vun der Modifikatioun vum groussherzogleche Reglement vum 31. Juli 2006, ass et Derogatioune fir d‘Schouljoer 2019/2020 festzeleeën. D‘Regierung hat bekanntlech de 16. Mäerz de Schoulbetrib astelle gelooss, fir ze verhënneren, datt sech de Covid19 iwwert den Ëmwee vun de Schoulen am ganze Land verbreet. Dat huet zur Konsequenz, datt et bei den Ofschlossexamen elo eppes komplizéiert ass. Impaktéiert sinn d‘Ofschlossexame selwer, wéi d‘Ausstelle vun Zensuren.

Bei de temporärer Derogatioun, am Bezuch op den Artikel 75 vum „Code Civil“ geet et u sech drëms, dem Offizéier vum Standesamt ze erlaben, eng Hochzäit och an engem anere Gebai wéi der Märei dierfen ofzeschléissen. Dës Derogatioun ass gülteg bis zum Enn vun der Kris an gëllt och nach 12 Méint weider, ab dem Mount wou d‘Kris als beendegt erkläert gëtt. An dësem Text ass d‘Zuel vun de Leit déi um Bestietnes an der Gemeng dierfen deelhuelen, net zréckbehale ginn.

Mam SIP

Foto: Elo wou d‘Medien nees zu de Pressekonferenzen zougelooss sinn, sinn déi an de Pressesall vum europäesche Konventiounszenter (ECCL) verluecht ginn. Dat erkläert sech duerch den nach ëmmer imminent noutwennege Sécherheetsofstand. Hei am Bild, d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) an de Premierminister Xavier Bettel (DP) um Wee an de Pressesall. © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Deconfinement, Paulette Lenert, Regierungsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel