Search

You may also like

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
Neiegkeeten

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!

Säit senger Grënnung am Joer 2009 konnt den nationale Sproocheninstitut

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
Neiegkeeten

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

Lëtzebuerg kritt säin éischte Jazz & Swing Festival
Neiegkeeten

Lëtzebuerg kritt säin éischte Jazz & Swing Festival

Mat engem Tribut fir de Jean-Baptiste „Django“ Reinhardt deen de

De Regierungsrot léisst et gemälleg ugoen

Si si virbereet an decidéiert jidderzäit nei Moossnamen am Kampf géint de Covid19 ze ergräifen

De Regierungsrot léisst et gemälleg ugoen

Et war déi beschten Nouvelle vum Dag: Bis op Weideres soll de Bierger keng nei Restriktiounen operluecht ginn, mee et wier ee ganz Opmierksam a bereet kuerzfristeg nei Mesuren ze ergräifen, falls d‘Situatioun dat géif erfuerderlech maachen. An domadder wier d‘Sëtzung vum Regierungsrot eigentlech ofschléissend Resuméiert. Mee ganz esou einfach ass et dann awer och alt net…

Datt et net „esou einfach“ ass, berout emol grondsätzlech um Premierminister senger emotioneller Ausso beim Debat zum Covid19-Gesetz, dat déi lescht Woch an der Chamber vun der Koalitioun gestëmmt ginn ass. Hien hat hei an de Raum gestallt, datt dëse Mëttwoch 4. November zur „Stonn vun der Wourecht“ komme géif. Leider ass „d‘heure de vérité“ iergendanzwousch hänke bliwwen.

Op et elo soll begréisst ginn, datt sech de Regierungsrot – fir den Ament – géint e Reconfinement ausgeschwat huet, an sech de Regierungschef mat senge Minister, esou zumindest verlautbaart et de Communiqué, mat enger Situatiounsiwwersiicht zefridde ginn huet, bleift oppen. D‘Strategie sollt zwar „transparent“ sinn, mee d‘Excuse vun der „Reaktivitéit“ bitt hei der Regierung Spillraum.

Esou bleift den Ament bei der Spärstonn an de sonstege Bestëmmunge wéi se am Gesetz decidéiert goufen. Et huet awer och Decisioune ginn: de partielle Chômage/Kuerzaarbecht ass elo offiziell bis zum 30l. Juni 2021 verlängert ginn. Och eng Rei Derogatiounen am Aarbechtsrecht si beschloss ginn. Aus der Kommunikatioun geet leider net ervir, op dat mat de Sozialpartner ofgeschwat gouf.

Et hat e Virspill…

Virun der Sëtzung vum Regierungsrot, huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert eng Entrevue mat der Gesondheetskommissioun gehat, wou si de Standpunkt vun der Regierung verdeedegt huet. De President vun der Kommissioun, Mars di Bartolomeo, huet hei erkläert, datt sech d‘Lag eppes berouegt hätt, firwat een et net fir opportun gehalen huet, weider Mesuren ze recommandéieren.

Zudeem, esou de President vun der Gesondheetskommissioun, wier de leschte Moossnamepak grad emol eng Woch a Kraaft, an et sollt een emol ofwaarden, wat dës Mesure bewierken. Mee och de Mars di Bartolomeo steet hannert dem Regierungschef a weist kloer drop hinn, datt eis déi vum Xavier Bettel annoncéiert „Stonn vun der Wourecht“ nach bevirsteet. En Datum gouf net genannt.

An de Reie vun der Oppositioun war een ee Freideg erwisenermoossen net esou „iwwerzeegt“ an de Marc Baum (déi lénk) stellt hei fest, datt d‘Regierung mam Réck zur Mauer steet. Déi géif op déi liicht besser Infektiounszuele, dann awer gläichzäiteg op déi ugespaante Situatioun an de Spideeler verweisen. Bei der aktueller Evolutioun, géif eise Gesondheetssystem net méi laang duerhalen…

Vun de Pirate kënnt de Constat, datt d‘Regierung an de Reaktioun-Modus iwwergaangen ass, wou jo awer d‘Anticipatioun grad elo gefuerdert ass. De Sven Clement hält u senge Fuerderunge fest, datt d‘Regierung sech virun der Virlag vun neien Texter, am Virfeld, also iert e Gesetz virgeluecht gëtt, mat den Deputéierte concertéiere sollt oder misst. Ee Lockdown gëtt hei awer net gefuerdert.

…an et kritt en Nospill

Déi lénk hätten sech allerdéngs ee partiellen an zäitlech begrenzte Reconfinement virstelle kënnen. Esou mengt de Marc Baum, datt et wuel judiciéis gewiescht wier, do ze intervenéiere wou déi meeschten Interaktioune stattfannen. Op där anerer Säit hält den Deputéierte vun déi lénk, déi am Gesetz festgehale Spärstonn och weiderhi fir eng vëlleg onpassend Mesure. Et ass eben net einfach.

Méi konkret gëtt awer och d‘CSV net, woubäi den Deputéierte Claude Wiseler ee gutt Argument an d‘Spill bréngt. Hie gëtt ze bedenken, datt dës „Berouegung“ vill mat der Allerhellegevakanz kann ze dinn hunn. Et wier eng Zäit wou déi sozial Kontakter per se manner wieren, an datt grad keng Schoul ass, misst am Kontext vun den Infektiounszuele berécksiichtegt ginn.

Hien huet awer och erkläert, datt et bei der Entrevue mat der Ministesch emol grondsätzlech drëms gaangen ass, den Debat ze faktualiséieren. D‘CSV géif jo d‘Ziler vun der Regierung matdroen, et géif een awer drop insistéieren, och aner proaktiv Moossnamen ze behäerzegen, dat notamment beim Tracing, de Schoulen an de Gestioun vun den Tester bei symptomatesche Persounen.

De Mars di Bartolomeo huet nach emol betount, datt d‘Situatioun deeglech nei bewäert gëtt, mee dee vum Premier an de Raum gestallten Etat de Kris och vun der LSAP verworf gëtt. Hien hält fest, datt d‘Chamber bewisen huet, och ganz zügeg Gesetzer stëmmen ze kënnen, an datt op all Urgence muss mat beduecht reagéiert ginn. Elo heescht et also weider ofwaarde wat sech nach alles deet…

Illustratioun: Et geet op Chrëschtdag duer… an sech de Kleesche mat enger Mask virstellen, ee Beemchen am Desinfektioun-Look opriichten, mee virun allem nëmmen am klengste Familljekrees ze feieren… un dee Gedanke muss sech nach gewinnt ginn. © Volodymyr Hryschenko / unsplash

Related topics Aschränkungen, Confinement, Covid19, Infektiounszuelen, Lockdown, Regierungsrot
Next post Previous post