Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten
International Neiegkeeten

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten

Ab elo direkt, profitéieren all d‘Membere vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL)

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus
International Neiegkeeten

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland
International Neiegkeeten

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland

Eng Rei Memberlänner vun der EU hunn e Freideg ugekënnegt,

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Nofolleg vir d‘Theresa May: den US-President huet e Favorit

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng well d‘Insel an Oppositioun zur EU steet. Do ass et verständlech a konsequent, datt sech den US-President als Frënd a Beroder fir d‘Zukunft vun de Briten asetzt. Hie weess dann och schonn, wien den nächste Premierminister gëtt.

Et gëtt zimlech vill droleg a manner droleg Gesellen, déi et op de Poste vu Theresa May ofgesinn hunn, mee un Enn kann et net ee ginn. An dat sollt am beschten ee sinn, mat deem de Milliardär aus USA auskënnt. De Kandidat sollt deemno net éierlech sinn, en destruktive Charakter wier och vu Virdeel an wann en och nach eng Hang zum „nationalisteschen“ huet, kritt hien den Zouschlag.

Dat kann een net dem Zoufall iwwerloossen an esou gëtt sech dann an d‘Successioun fir Downing Street N°10 agemëscht. Laut dem Locataire aus dem Wäissen Haus – dee jo och nach bestätegt huet sech fir en zweet Mandat opgestallt ze hunn, an dofir schonn 30 Milliounen Dollar gespent krut – wier déi beschte Wiel fir d‘Briten de fréieren Ausseminister Boris Johnson. Dat ass interessant…

Regimewiessel

Géintiwwer dem Tabloïd „Sun“ huet den US-President ausgesot: „Ech sinn iwwerzeegt datt de Boris Johnson ee fantastesche Job maache géif. Ech hat hien ëmmer gären“. Woubäi den Donald Trump awer diplomatesch bemierkt, datt hien net wéisst ob säi „Frënd“ d‘Wahle gewanne kann. Et wier awer eng talentéiert Persoun… an dës Remark ass wäit ewech vun onintresséiert.

Eigentlech si se géint Amëschung

Wann elo de Milliardär sech säi Favorit ausgewielt huet, esou gëtt awer och nach aner Aspiranten, déi sech fir d‘Mandat vum Premierminister qualifizéieren. Esou zum Beispill den Ausseminister Jeremy Hunt, dee sech d‘lescht staark gemaacht hat, fir e Fräihandelsofkommes tëscht den USA a Groussbritannien op d‘Been ze stellen. A géint dëse Borscht huet den US-President och näischt.

Realistesch Chance ginn och dem Inneminister Sajid Javid an dem Ëmweltminister Michael Gove zougestanen, woubäi déi net op dem Donald Trump senger Wonschlëscht stinn. Déi sinn dann och wéineg bis guer net „amused“ iwwert dem US-President seng „Wahlkampfhëllef“. Déi politesch Lager wieren opgestallt, an dem Trump säi Staatsbesuch déi aner Woch geet mat Spannung erwaart.

Dee wier awer gutt beroden sech drop anzestellen, datt net all d‘Briten hie mat oppenen Äerm wäerten empfänken. De Milliardär war 2018 schonn emol zu London, an d‘Geleeënheet net verpasst, dem Theresa May an der „Sun“ gehéierlech iwwert de Mond ze fueren. Hien hat am Juli der Premierministesch virgeworf, seng Rotschléi zum Brexit net behäerzegen ze wëllen.

Neit Spill… neit Gléck?

An och d‘lescht Joer hat sech den Donald Trump scho fir de Boris Johnson agesat. Esou bleift hie sech wéinstens Trei. Wat elo de Brexit betrëfft, esou muss ofgewaart ginn, wien – wann d‘Theresa May de 7. Juni de Virsëtz vun de Konservativen (Tories) ofginn huet – sech dësem Dossier unhëlt, a méiglecherweis dann och Enn Juli den Job vum Premierminister iwwerhuele wäert.

Regimewiessel

Gutt datt den Donald Trump fir Groussbritannien aner Moossstief uwennt, wéi hien dat fir säi Land ëmmer fuerdert. An da soen se all, datt et ëmmer nëmmen d‘Russe sinn, déi sech an „friem Ugeleeënheeten“ géifen amëschen. © White House (handout)

Dem Milliardär säi Kandidat huet jiddefalls däitlech gemaach, datt hien de Brexit – och ouni Accord – wäert ëmsetzen. A well et grad esou schéin ass, kann sech dem Trump säin nationale Sécherheetsberoder, John Bolton, net zréckhalen a muss och säi Pefferkär bäileeën. Hie gesäit den Austrëtt aus der Unioun als virdeelhaft fir béid Säiten, also d‘USA a Groussbritannien.

„De Wonsch vun den USA ass et, datt Groussbritannien dee vum Vollek gewënschte Wee geet an déi europäesch Unioun verléisst“, esou de Bolton am „The Telegraph“. De „Beroder“ huet de Referendum vun 2016 dann nach als „Triumph vun der Demokratie“ bezeechent an drop higewisen, datt den US-President en Handelsofkommes wëll dat London aus der EU-Gefaangenschaft befreit.

mat indymedia/lon/was/nyc

Illustratioun: Peggy a Marco lachmann-Anke / Pixabay

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Donald Trump, Groussbritannien, Jeremy Hunt, John Bolton, Mayxit, Staatsvisite, Theresa May, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel