Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn
Neiegkeeten

Neijoerschreceptioun zu Schëffleng: Och 2019 mussen d‘Äerm eropkrämpelt ginn

Den 8. Januar huet de Schëfflenger Gemengerot zur traditioneller Neijoerschreceptioun

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen
Neiegkeeten

Gemengerot Esch/Uelzecht: Eng läscht Sëtzung virun de Wahlen

Trotz engem gutt gefëllten Ordre du Jour, deen eng laang

Géint de Kriibs rocken!
Neiegkeeten

Géint de Kriibs rocken!

De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“

Een néie Projet vun der „Kooperativ vun der Atert“ mam Numm „Fleesch vun der Atert“ gouf elo lancéiert. Déi regional Aboboxen enthale Rand- a Schwéngefleesch, sou wéi och Poulet a kenne vum Konsument bei den aktuell fënnef Landwirte bestellt ginn.

Véier Mol d’Joer ginn d’Boxen ausgeliwwert. De Konsument muss am viraus bezuele fir dem Betrib d’Produktioun ze erméiglechen. D’Kooperativ këmmert sech doropshin em Logistik an déi ganz administrativ Ofwécklung. De regionale Metzler vu Réiden ass mat der Zoubereedung vun de Boxe beoptraagt an déngt als Verdeelerplaz. Sou kann eng optimal an onënnerbrach Killketten garantéiert ginn. Bis elo sinn scho bal 60 Reservéierungen agaange, wat een zimlech villverspriechenden Ufank ass!

Innovativ an eemoleg zu Lëtzebuerg

Et ass den éischte Projet, den an dëser Form hei am Land emgesetzt gëtt a gëllt als Symbol fir kuerz Weeër, de solidaresche Gedanken an den Erfahrungaustosch tëschent Konsument a Produzent. D’Konzept gëtt fachlech vun der Plattform „Solidaresch Landwirtschaft zu Lëtzebuerg“ begleet a mat enger Grupp aus Produzenten a Verbraucher ausgeschafft.

Fleesch vun der Atert

© Kooperativ vun der Atert

Finanziell Ënnerstëtzung huet de Projet bei der Europäescher Unioun, dem Landwirtschaftsministère an der Gemeng Biekerech fonnt. Domat beweist des Gemeng erëm hir Beméiunge fir eng nohalteg Entwécklung vun der Regioun un ze dreiwen an der Liewensmëttelautonomie ee Schrëtt méi no ze kommen.

De Landwirtschaftsminister Fernand Etgen lueft déi wäertvoll Aarbecht vun dësem Projet an stellt an Aussiicht, datt dësen Iddi vu solidarescher Landwirtschaft och am zukünftegen Agrargesetz berécksiichtegt an ënnerstëtzt wäert ginn. Mat regional a fair gehandelte Produiten ze handelen a sou Produzent a Konsument zësummen ze bréngen ass de richtege Wee fir d’Zukunft.

Méi Informatioune vum Projet „Fleesch vun der Atert“ fannt dir HEI an um Internetsite www.vunderatert.lu

Foto: (v.l.n.r.) Claude Petit, Gérard Anzia, Thierry Lagoda, Patrick François, Tom Goedert, Fernand Etgen, Landwirtschaftsminister, Georges Weis, Marc
Mathieu, Charel Goedert, Severin Boonen, Claude Loutsch
© Kooperativ vun der Atert

Ähnlech Sujeten fair, Fleesch vun der Atert, Fleeschkonsommatioun, Projet, regional
Nächsten Artikel Virrechten Artikel