Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg an Éisträich stelle sech géint eng Renaissance vun der Atomenergie

Den Ausbau vum ungareschen Atomkraaftwierk PAKS II huet zu enger

angry
Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt
International Neiegkeeten

Doppingverdacht beim Spiller vum CS-Fola bestätegt

Déi Lëtzebuerger Antidopping-Agentur (ALAD) huet um Méindeg d‘Virwërf géint den

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun
International Neiegkeeten

Der neier Escher Koalitioun feelt et un Innovatioun

Um Méindegowend war et zu Esch Uelzecht endlech esou wäit,

Microsoft fir eng Reglementéierung vun der Gesiichtserkennung

Microsoft fir eng Reglementéierung vun der Gesiichtserkennung

E Freideg huet de juristeschen Direkter vu Microsoft sech fir eng Reglementéierung vun den Technologien agesat, déi sech mat der Gesiichtserkennung beschäftegen. Hien huet dëse Schratt domatter begrënnt, datt dës Technologien e Risk fir d‘Recht op Privatsphär duerstellt an esouguer déi individuell Fräiheeten a Fro stellt.

An engem Blog rifft de Brad Smith d‘US-Regierung op, dem Asaz vun der Gesiichtserkennung eng juristesch Grondlag ze ginn. „Stellt iech eng Regierung vir, déi iech op Schratt an Tratt de ganze lescht Mount ‚begleet‘ huet, ouni datt dir dat erlaabt hätt oder dovunner wësst. (…) Stellt iech eng Datebank vir, an där all d‘Leit ofgespäichert sinn déi un engem politesche Rassemblement deel geholl hunn“. An et sinn net nëmme Regierungen un dësen Informatiounen interesséiert.

Entreprise kéinte mat dëser Technologie hir Visiteuren a Clienten observéieren, ouni dat déi et matkréien, an dës Date sammelen déi dann Entscheedunge beaflosse kënnen, wéi d‘Zouso fir e Kredit oder eng Aarbechtsplaz. Natierlech kann eng Entreprise esou och dat eegent Personal nach eppes besser kontrolléieren. Laut dem Brad Smith, si Welte wéi se an de Filmer „Minority Report“ oder „Enemy of the State“ duergestallt ginn, derbäi „méiglech“ ze ginn.

En „zréck“ gëtt et net méi

„Datt sinn alles Froen déi d‘Verantwortung vun den Entreprisen aus dem Technologiesecteur, déi esou Produkter hierstellen, erhéijen. Dat ganzt fuerdert eng staatlech Reglementéierung déi gutt iwwerluecht wëll sinn, an d‘Aféiere vu Normen déi eng Notzung vun de Gesiichtserkennung definéiert“, esou d‘Ausféierung vum Brad Smith, deen nach en iwwerraschende Statement huet:

„Et kann ongewéinlech erschéngen, datt eng Entreprise vun der Regierung eng Reglementatioun fir seng Produkter fuerdert, mee et besti vill Mäert an deenen eng iwwerluechte Reglementatioun zu engem besseren Ëmfeld fir béid, de Konsument an de Fabrikant, bäigedroen huet.

Hei sollt een dann awer wëssen, datt Microsoft d‘Gesiichtserkennung schonn zanter Joren asetzt. Esou beispillsweis fir numeresch Biller ze zortéieren. D‘Technologie ka genotzt fir en iPhone ze entspären, Accès zum Bankkonto ze erhalen oder der Police hëllefen e gesichte Brigang oder en entfouert Kand erëmzefannen. Esou huet d‘Gesiichtserkennung derzou bäigedroen, den Tireur vun Annapolis séier ze identifizéieren.

D‘Gesiichtserkennung ass awer fir all déi wou déi individuell Rechter verdeedegen e rout Duch. Si stellen d‘Fiabilitéit vun dëser Technologie a Fro, a behaapten datt d‘Gesiichtserkennung primär den Zweck vun der Iwwerwaachung erfëllt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Brad Smith, Gesiichtserkennung, Iwwerwaachung, Microsoft, Reglementéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    4

  • Cool

    7

  • Fail

    1

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    5

  • Crazy

    9

  • Love

    0