Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/12-lead-motor-hookup/

dating lab limited jersey

Lëtzebuerg, den 22. Mee 2019. “Flex – Carsharing by CFL

Verkéierssécherheetscampagne am Januar
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/12-lead-motor-hookup/

Verkéierssécherheetscampagne am Januar

D‘Police informéiert datt vun haut un eng nei Verkéierssécherheetscampagne –

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell
Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/12-lead-motor-hookup/

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell

Monsanto huet en Dënschdeg d‘Prozedur fir an Appell ze goe

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?

Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Den neie Rutschtuerm © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Mat Musek vun der Réidener Museksschoul © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Déi éischt Ried koum vum President Patrick Wampach © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Den Tourismusminister Lex Delles © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
(v.l.n.r.) Patrick Wampach a Lex Delles © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
Och d'Inten ware mat dobäi! (v.l.n.r.) Patrick Wampach; Lex Delles a Jean-Claude Kemmer © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
(v.l.n.r.) Patrick Wampach; Lex Delles a Jean-Claude Kemmer © Shari Pleimelding/moien.lu

© Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
De Saunaberäich vun der Réidener Schwämm © Shari Pleimelding/moien.lu
Réidener Schwämm a seng nei Rutschen – bereet naass ze ginn?
(v.l.n.r.) Patrick Wampach; Lex Delles a Jean-Claude Kemmer © Shari Pleimelding/moien.lu

Gëschter Mëtteg sinn an der Réidener Schwämm déi zwou nei Rutschen ageweit ginn. An Zukunft wäert den naasse Spaass seng Leit mat ville weideren Neiheeten begeeschtere kënnen. Bei dësem feierleche Moment waren natierlech eisen Tourismusminister, de Lex Delles, sou wéi den President vun der Schwemm, de Patrick Wampach an zuelräich Invitéeën dobäi.

Bekannt fir säi spektakuläert Kropemannsfest huet d’Réidener Gemeng, déi am Weste vu Lëtzebuerg läit, iwwer Joeren Grouss a Kleng ëmmer nees an d’Piscine gezunn. A leschter Zäit sollt den Erfolleg awer ëmmer weider senken, an esou huet ee sech missen eppes Neies, Opreegendes a Spannendes missen afale loossen, fir Leit unzezéien. Dobäi koumen déi zwou Rutschen eraus, mat deenen een ab elo mat Schwong erof Richtung Waasser erofdüse kann.

Réidener Schwämm

Laut Plang huet een nach vill vir an Zukunft!

Alles der Rei no

Bei der feierlecher Erëffnung huet de President Patrick Wampach erkläert, datt an enger éischter Phas virun 2 Joer de Saunaberäich mat 900.000 € renovéiert ginn ass. Fir weiderhin attraktiv ze bleiwen sollt de Réidener Wellnesstempel a moderner relaxer Stëmmung vun de Visiteuren genotzt ginn. Weider gaangen ass et mat – wéi hien et nennt – “Relooking vun der ganzer Schwämm”. 2018 ass de Bistro komplett erneiert ginn, woubäi een elo komplett op Eewee-Plastik verzicht an Schwammbegeeschterter mat leckere Cocktailer, Zaloten, Fritten a villem méi verwinne kann. Natierlech huet een an engems och d’Elektresch nei geluecht a gläich soll och nei ugestrach ginn.

Wien all Joer iwwer 110.000 Visiteuren, an all Woch 560 Schoulkanner unzitt, dee muss sech natierlech och fir Kanner a Jugendlecher, wéi och fir déi grouss Kanner eppes afale loossen. An esou sinn 3,1 Milliounen Euro an den neie Rutschtuerm investéiert ginn, mat 2 Rutschen: eng Mega Familljerutsch, woubäi een niefteneen eng Course zu Zwee géint Zäit maache kann, sou wéi och eng immens Rennrutsch, déi ee mat enger Neigung vun 28 % erofschéisst.

Réidener Schwämm

Wann alles fäerdeg ass, soll et emol esou augesinn. De Rutschtuerm a seng Rutsche sti schonn, um Ausseberäich gëtt awer nach geschafft!

Et soll net nëmmen een Effort an Investissement fir d’Schwämm, mee generell fir d’Regioun an den Tourismussecteur sinn. Schliisslech kann ee vun der Piscine a sengen neien Attraktiounen bei all Wierder profitéieren a sech amuséieren. An hei war de groussen Optrëtt vum Tourismusminister Lex Delles! Mat grousser Freed huet hien d’Invitéeën empfaangen an hien huet sech iwweraus houfreg gewisen, datt sech Gemengen zesummen dinn, fir esou eng Attraktioun ze gestalten.

Mat Virdeeler fir d’Bierger, d’Gemengen an déi touristesch Qualitéit konnt hien de Projet vun der Réidener Schwämm nëmme luewen. Selwer testen konnt hien d’Rutschen allerdéngs net. Un d’Schwammbox hat de Minister net geduecht – wisou soll een dann och an enger Schwämm schwammen? Mee och hei hat ee virgesuergt an dem Lex Delles ee ganze Pak mat allem, wat een eben an enger Piscine esou braucht, zesumme gestallt.

Réidener Schwämm

Elo gëtt gerutscht!

No de Rieden duerft schliisslech jiddwereen mat bis eriwwer an den Tuerm goen a sech déi nei Attraktiounen ukucken. Am hellen, modernen Stil huet een hei een neien Unzéiungsmagnéit an d’Gemeng bruecht, deen de President zesumme mam Tourismusminister ageweit huet. Als éischt ass op de Buzzer gedréckt ginn, ier d’Seel duerch geschnidde ginn ass. A kuckt do, gerutscht koumen blo a giel Inten, déi géinteneen ugetruede sinn. Op de Bildschiermer kann een natierlech seng Zäit duerno kucken.

A wiem dës Familljerutsch net schnell genuch ass, dee sollt eng Etage méi héich goen a sech vun der “Turbo Speed” Rutsch erofjoe loossen, bei der een bis op eng Geschwindegkeet vu 65 km/h komme kann. Domat huet Réiden elo déi schnellst Rutsch aus der Groussregioun.

Dir wëllt och gäre probéieren?

Sollt Dir elo virwëtzeg gi sinn, dann hu mir eng ganz besonnesch Offer fir Iech! Vum 18. Mee bis den 1. Juni kascht den Entrée an der Réidener Schwämm fir jiddwereen just 2 €. Fir weider Detailer an d’Ëffnungszäite sollt een op der Internetsäit vun der Piscine laanscht kucke! Mir wënschen op alle Fall vill Spaass!

Ähnlech Sujeten Lex Delles, Patrick Wampach, Piscine, Réidener Schwämm, Rutschen, Schwammen, Tourismusministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel