Search

You may also like

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer
Neiegkeeten

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

Endlech mol positiv Noriichten aus dem Haus vum Gezwitscher! Twitter

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun
Neiegkeeten

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot hat sech d‘Chrëschtdeeg

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft
Neiegkeeten

D’Tierkei an d’EU hunn sech auserneegelieft

Tëscht Ankara a Bréissel herrscht grousst Mësstrauen. De Protokoll vun

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Muss een d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks encadréieren?

Wat richteg ass fir den Tubak, ka fir den Alkohol net verkéiert sinn. Esou oder ähnlech dierft de Grondgedanken am Gesondheetsministère gewiescht sinn, wéi ee sech virgeholl huet driwwer nozedenken, d‘Reklamm fir alkoholescht Gedrénks ze encadréieren.

Preventiv géint den exzessive genoss vun Alkohol virzegoen ass gutt an noutwenneg. En Aarbechtsgrupp vum Gesondheetsministère huet sech dësem Thema ugeholl, an d‘Publicitéiten als en Element fonnt, wou een de Hiewel usetze kann.

An dësem Kontext gëtt dann och ganz dorëms: de Sponsoring duerch alkoholescht Gedrénks bei groussen Evenementer anzeschränken, den Horaire fir d‘Verbreede vu Reklammen um Radio oder an der Tëlee nei definéieren, a Pechbiller unzebréngen déi virun de Gefore warnen.

Grad ewéi den Tubak, wier den Alkohol ee vun de gréisste Problemer mat deem sech déi ëffentlech Gesondheet misst befaassen. Preventioun, esou wéi ee sech dat virstellt, géif et zu Lëtzebuerg an deem Sënn net ginn, beschreift d‘Asbl AMA.LU d‘Situatioun vum Land.

D‘Zuele géifen dann och kee Spillraum fir Zweiwel loossen. Laut dem STATEC, drénken déi meescht hiren éischte „Patt“ scho wäit virum 16. Gebuertsdag. Bal 12% vun den Awunner hunn en exzessive Konsum (den EU-Duerchschnëtt läit hei bei 5,5%).

Vum Comptoir op de Kierfecht

Interessant an dësem Kontext, de Fait datt zu Lëtzebuerg d‘Zuel vun de Stierffäll déi dem Alkoholkonsum zouzeschreiwe sinn, mat 56 (2017) beziffert gëtt. De Ministère weist awer drop hin, datt hei d‘Affer vu Verkéiersaccidenter net berécksiichtegt ginn.

Mee och wann een d‘Zuele vun den Affer vu Verkéiersaccidenter géif berécksiichtegen, wou manifestement den Alkohol als „Schëllegen“ auszemaache wier, hätt een nach ëmmer keng „richteg“ Zuelen zur Hand. Den Afloss vum Alkohol op d‘Liewenserwaardung gëtt méi wäit.

Wien et mam „Duuscht“ iwwerdreift setzt säi Kierper enger Abberzuel Pathologien aus. Dat geet vun der Zirrhos iwwer Häerzkrankheete bis hin zu Kriibs. Mee éierlech a vertrietbar Zuele virzeleeën ass schwiereg, well d‘Politik och hei vun enger staarker Lobby bedrängt gëtt.

An um Enn ass et dann och den Afloss vun der Lobby vun den Hiersteller vun alkoholeschem Gedrénks, deen doriwwer entscheeden dierft, wéi eng „konkret Mesuren“ den Aarbechtsgrupp vum Gesondheetsministère wäert duerchgesat kréien.

Related topics Alkohol, Gesondheetsministère, Liewenserwaardung, Onofhängegkeet, Reklamm
Next post Previous post