Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Kenns du d’Sauer gutt genuch, fir op mannst 10 Froe richteg ze beäntweren?

D’Sauer gehéiert zu eisen Haaptwaasserleef. Mee wéi gutt kenns du

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
Neiegkeeten

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien
Neiegkeeten

Eng Presidenten-Tripartite fir de Fridden a Syrien

Um Mëttwoch hunn sech d‘Presidente vum Iran, Russland an der

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!

Reklassement: Endlech eng Léisung a Siicht!

E Mëttwoch 27. Februar, huet den Aarbechtsminister, Dan Kersch (LSAP) eng Delegatioun vum OGBL empfaangen. Bei dëser Entrevue ass sech iwwert d‘Suite vum Gesetzprojet zum beruffleche Reklassement ënnerhale ginn.

An dësem Kontext muss drun erënnert ginn, datt déi Salariéë wou sech elo an enger Reklassement-Moossnam befannen, zur Zäit nach ëmmer net vun der Gehaltsverbesserunge profitéieren, déi vun hirer Gewerkschaft am Kader vun de beschlosse Kollektivverträg erreecht goufen, nodeems si sech am Reklassement erëmfonnt hunn.

Dat ass beispillsweis de Fall vun de reklasséierte Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur an dem edukative Secteur, déi op keng Aart a Weis vum Accord aus dem Joer 2017 profitéieren, deen zu enger Revalorisatioun vun de Carrière, am Kader vun de Kollektivverträg am Spidolssecteur (FHL) an dem Secteur vum „Sozialen an der Fleeg“ (SAS) gefouert huet.

Esou huet d‘Gehaltserhéijung déi tatsächlech vum Employeur ausbezuelt gëtt, absolut keng positiv Konsequenz fir déi betraffe Salariéeë bruecht, well dës Gehaltserhéijungen automatesch vun den Allocatiounen ofgehale ginn, déi vun der ADEM ausbezuelt ginn. Domatter besteet fir d‘Salariéeën déi am Reklassement sinn, eng Aart Pattsituatioun.

Den OGBL ass bis ewell déi eenzeg Gewerkschaft zu Lëtzebuerg, déi dëse Problem opgegraff huet a konkret Aktiounen ageleet huet, fir géint dës Ongerechtegkeet virzegoen. Den OGBL-Service „Gesondheet, Sozial an Edukativ Déngschter“ hat am September 2017 den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) schonn op dëse Problem higewisen.

No der Iwwerreechung vun 330 offizielle Bréiwer, déi vu betraffene Salariéeën ënnerschriwwe waren, an enger Rei Pressecommuniquéë vum OGBL, hat de Minister 2018 e Gesetzprojet ausgeschafft, mat deem dësem „Problem“ sollt eng Léisung zougefouert ginn. Leider ass de Problem bis haut net geléist, wëll dem Nicolas Schmit säi Gesetzprojet nach net Gestëmmt gouf.

Bei der Entrevue mam Minister Dan Kersch, huet dësen sech Verständnesvoll gewisen an huet versprach, alles ze maache wat noutwenneg ass, fir de Gesetzprojet op den Instanzewee ze bréngen. Déi „Diskriminatioun“ ënnert där d‘Salariéeën am Reklassement ze leiden hunn, sollt dann endlech ad acta geluecht sinn. Den OGBL begréisst d‘Engagement vum Aarbechtsminister.

Matgedeelt vum OGBL, aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © OGBL

Ähnlech Sujeten Aarbechtsminister, Dan Kersch, OGBL, Reklassement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel