Gemengeconseil vun der Stad Lëtzebuerg: d’Linda Gaasch gouf vereedegt
Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op
Gëschter huet d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, d’Lydie Polfer, op
Wéi aus enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervirgeet, wéilt
„Ech si stolz op eis fläisseg Crew“, sou d’Mary Crowley, Grënnerin a Patron vum Ocean Voyages Institute. „Mir hunn eist Zil, fir 100 Tonnen toxesche Plastik a „Geeschter-Netzer“ anzesammelen, iwwertraff a mir wäerte weiderhëllefen, fir d’Gesondheet vun eisem Ozean nees hierzestellen, wat och eis eegen Gesondheet an d’Gesondheet vun eisem Planéit beaflosst.“
Bekannt als „Ghost Net Buster“, also als Bekämpferin vun Netzer, déi beim Fësche verlueregaange sinn, respektiv express am Waasser entsuergt gi sinn, entwéckelt d’Mary Crowley verschidde Methoden, fir esou grouss Quantitéiten Offall aus den Ozeaner ze fëschen.
Mee och de Locky MacLean, fréiere Sea Shepherd-Direkter an Aktivist am Beräich Mieresschutz, muss zouginn, datt een net laanscht laang Deeg op Séi, déi ee mat Clean-Ups verbréngt, kënnt.
© Ocean Voyages Institute
Duerch GPS-Opzeechnunge kann den Ocean Voyages Institute zënter 2018 dem Crowley seng Theorie, datt een Fëschernetz oft bei dat Nächst féiert, an zwar an engem Radius vu 15 Meilen. De pazifesche Strudel, wou d’Ekipp ënnerwee war, läit tëscht Hawaii a Kalifornien a gëtt duerch seng rieseg Quantitéiten u Plastik och nach pazifeschen Offallstrudel genannt.
Nodeems d’KWAI um 23. Juni 2020 no 48 Deeg Expeditioun ass, hunn d’Memberen um Schëff sech selwer fir zwou Wochen a Quarantän gesat. De Captain Brad Ives huet matgedeelt, datt dëse Summer een zweete Clean-Up an dësem Beräich geplangt ass.
Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Expeditioun © Ocean Voyages Institute