Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

angrydislike
Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Crazy Neiegkeeten

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng

cooltongue
De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet
Crazy Neiegkeeten

De Wirtschaftsministère kritt e neie Mataarbechter fir de Spacemining Projet

Am Kader vum „Spacemining-Projet“ mécht de Wirtschaftsministère grouss Efforte fir

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?
Crazy Neiegkeeten

Editorial: Ka sech Lëtzebuerg eng Erhéijung vum Mindestloun leeschten?

2018 sinn zu Lëtzebuerg Chamberwahlen an nieft dem Dauerthema „Logement“

tongue

Rekordausgabe werfen en laange Schied op de Stater Budget

Rekordausgabe werfen en laange Schied op de Stater Budget

Bei der Presentatioun vum Iwwergangsbudget, huet de neie Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg gëschter um Knuedler schonn emol ronn 90 Milliounen Euro Defizit an Aussiicht gestallt. Dat wier dann awer ugesicht de viraussiichtlechen Ausgabe vun eppes iwwert 335 Milliounen, eigentlech nach ganz am Kader…

An hei muss een dann och festhalen, datt vun der Stad Lëtzebuerg vill gefuerdert an erwaart gëtt. Et soll méi Infrastrukturen a Wunnengen (déi ee bezuele kann) ginn, an och bei der Mobilitéit hätt et de Stater – an déi wou an der Stad schaffen – gären, wann et séier géif virugoen. Datt léisst sech awer nëmme realiséiere, wann een och entspriechend Geld an de Grapp hëlt.

Zudeem dierf een op dëser Plaz drun erënneren, datt d‘Stad matten am Wuesstem stécht, an all dës Investitiounen zukunftsbestëmmend sinn. Déi Sue sinn also net verluer, mee sollte mëttelfristeg och nees Geld an d‘Kees erabréngen. Iwwerhaapt, muss et erlaabt sinn drop hinzeweisen, datt iwwert déi lescht Joren, d‘Stad Lëtzebuerg seng Finanze mat beduecht behandelt huet.

D‘Stad Lëtzebuerg steet finanziell op gesonde Féiss an kann op Reserven an héicht vu bal 900 Milliounen Euro zréckgräifen. De viraussiichtlechen Defizit bedeit also net datt een en Emprunt muss maachen, fir déi sëlleche Projeten déi am Budget stinn unzegoen.

An de Maurice Bauer (CSV), a senger Funktioun als Budgetsrapporter huet dann och betount, datt am Haushaltsentworf 2018, nëmme ganz wéineg „Handschrëft“ vun der neier Koalitioun dran ass. Éischt Akzenter vun der neier DP-CSV-Koalitioun am Budget, sinn deemno eréischt fir de Budget 2019 ze erwaarden. De Budget 2018 wier esou wéi e virläit ganz kloer en Iwwergangsbudget.

Sech den Erausfuerderunge vum Wuesstem stellen

Et läit dann och op der Hand, datt et de Wuesstem ass, deen d‘Stad Lëtzebuerg virun zolidd Erausfuerderunge stellt. Eis Haaptstad ass (gewollt) attraktiv a wiisst iwwerproportional séier, wat mat sech bréngt, datt héich Investissementer an d‘Infrastruktur néideg sinn. Dat bestätegen och ganz dréchen Zuelen: vun 2006 bis 2017 huet ass d‘Awunnerzuel an der Stad ëm 30% geklommen.

Och d‘Zuel vun den Aarbechtsplaze klëmmt Rapid. Vill Entreprisen hätten dann och ugekënnegt sech wëllen an der Stad Lëtzebuerg néierzeloossen. De Maurice Bauer gesäit heiranner eng Chance déi mat immensen Erausfuerderunge verbonnen ass. Sech op des Evolutioun anzestellen, muss also als primär Aufgab vun der Gemeng ugeholl ginn.

Datt d‘Stad Lëtzebuerg sech mam neie Bebauungsplang (PAG) en Instrument ginn huet, fir der Entwécklung Här ze ginn, sollt ee begréissen an net schlecht rieden. Datt d‘Ausgaben ëm gutt 17% géintiwwer 2017 klammen, wier zudeem de Beweis, datt ee sech besonnesch mat Bléck op den Ausbau vun den Infrastrukturen, senger Verantwortung bewosst ass.

Eleng am Wunnengsbau hätt ee sech an der Koalitioun drop gëeenegt, net nëmmen der „Demande“ mee ganz besonnesch dem „Besoin“ gerecht ze ginn. De Rapporter vum Budget huet hei allerdéngs net gesot, a wéi enger Form a vu wiem dat ëmgesat soll ginn. Aktuell si méi Leit mam Bau vu Bürosgebaier beschäftegt, wéi et der gëtt déi Haiser bauen. Zudeem feelt u Bauplazen…

De Finanzschäffe Laurent Mosar (CSV) stellt dann och nach fest, datt d‘Stad Lëtzebuerg am Ament vun der exzellenter Konjunktur profitéiert, een awer och misst déi gesamt geopolitesch Situatioun muss am A behalen. De konservative Gemengepolitiker an Deputéierte schéngt deemno nach net iwwerzeegt, datt mer d‘Kris iwwerwonnen hunn.

Trotz Wuesstem, manner Gewerbesteier

Festzehale wier dann och, esou de Laurent Mosar, datt et no der Reform vun de Gemengefinanzen, an trotz Wuesstem, d‘Einname vun der Gewerbesteier an der Stad Lëtzebuerg méi lues klamme wéi an anere Gemengen. An Zuelen ausgedréckt, bedeit dat, datt een an der Stad Lëtzebuerg 18 Milliounen Euro manner era wäert kréien, wéi ee sech erhofft huet.

Hie wëll elo awer net den Däiwel un d‘Mauer molen, a gëtt sech zouversiichtlech, datt de Budget nach während der Mandatsperiod vun dëser Koalitioun an d‘Gläichgewiicht ze bréngen ass. Et misst een awer dierfen d‘Schlussfolgerung zéien, datt déi kommunal Finanzreform de Stad Lëtzebuerg net entgéint kënnt.

D‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer hätt dann awer gären, datt ee sech och emol d‘Situatioun an Erënnerung rifft, wéi se dann nach viru Joerzéngte war. Während der Kris am Stolsecteur war een an d‘Bredouille geroden an sech net méi sécher nach d‘Paie vun de Mataarbechter kënnen auszebezuelen. Och bei der Gemengereform vun 1990 waren d‘Einnamen drastesch zréckgaangen.

Eréischt nodeems een d‘Finanz- a Wirtschaftskris iwwerwonnen hat, ass et nees biergop gaangen, wat jo och déi finanziell Reserven ënnersträichen. Si huet jiddefalls wëlles mat der neier Equippe konsequent de Wunnengsbau virunzedreiwen an och a punkto Mobilitéit Akzenter ze setzen. Qualitativ Infrastrukture wieren also de Schlëssel zum Erfolleg?

Wéi d‘Gemengeréit, an hei besonnesch d‘Oppositioun, de Budget 2018 gesäit, dat ass dann den Haaptpunkt dee fir den 5. Februar op der Dagesuerdnung steet. Op ee sech do elo schonn op engt konstruktiv Kritik soll dierfen astellen, kann een esou net soen. An egal wéi dësen Debat op en Enn geet, ofgestëmmt gëtt de Budget eréischt de 9. Februar. Et bleift also spannend.

Ähnlech Sujeten Budget, Laurent Mosar, Lëtzebuerg Stad, Lydie Polfer, Maurice Bauerm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel