Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat sech 2019 alles ännert…
Neiegkeeten

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht,

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech
Neiegkeeten

Giel Gileten – D‘Frae beweisen et: e friddlecher Protest ass méiglech

Datt et méiglech ass, sech och „friddlech“ der Regierung an

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!
Neiegkeeten

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform (FriSol) an den Onofhängege Gewerkschaftsbond vu Lëtzebuerg

Cargolux: Gewerkschafte fuerderen no Rekordresultat e signifikativ verbesserte Kollektivvertrag.

LCGB & OGBL äusseren sech zum Rekordresultat vun der Cargolux

Cargolux: Gewerkschafte fuerderen no Rekordresultat e signifikativ verbesserte Kollektivvertrag.

D’Cargolux erwirtschaft am Geschäftsjoer 2018 e Rekordgewënn no Steieren an Héicht vun 211,2 Milliounen US Dollar an iwwertrefft domat net nëmmen d’Resultat aus dem Joer virdru vun 122,3 Milliounen US Dollar, mee erziilt am zweete Joer hannerteneen een an der Firmegeschicht eemolegt Resultat.

Nëmmen den Asaz an d’Flexibilitéit vum Personal hunn dat erneit Rekordresultat erméiglecht.

Dat neit Rekordresultat ass nëmmen duerch déi säit Joren erbruechte Flexibilitéit an den onermiddlechen, oft bis un d’Grenze vun der Belaaschtbarkeet reechenden Asaz vun den iwwer 1.500 Cargolux Mataarbechter méiglech ginn. Et si genau dës Mataarbechter, déi an der Vergaangenheet zuelräich Zougeständnesser am lafende Kollektivvertrag gemaach hunn, fir eng nohalteg Entwécklung vun der Cargolux sécherzestellen.

Signifikativ Verbesserung vun den tarifvertraglechen Aarbechtsbedéngunge sinn onëmgänglech

Nieft der am auslafende Kollektivvertrag vereenbaarte Gewënnbedeelegung, mussen an de momentan am Kader vun der Mediatioun lafende Kollektivvertragsverhandlungen, signifikant Verbesserunge bei den Aarbechtsbedéngungen a bei der Entlounung vum Salarié erziilt ginn.

Dozou zielen nieft enger Hausse an der Pai fir jiddwer tarifvertraglech Beschäftegten, e grondleeënd iwwerschafft, attraktiivt Entlounungskonzept, dat de Liewensënnerhaltskäschten zu Lëtzebuerg Rechnung dréit, d’Erfarung an den Asaz vum Personal honoréiert. An der Vergaangenheet erziilten Errongenschaften a bewäert tarifvertraglech Reegelunge mussen erëm restauréiert ginn, dozou zielen ënner anerem nees den Asaz vun den a Vergaangenheet agesate Moossname géint Iwwerlaaschtung an Iwwermiddung beim Cockpitpersonal, wat sech deemools bewäert huet. Ausserdeem mussen all mat dem auslafende Kollektivvertrag agefouerten Ënnerscheeder bei den Aarbechtsbedéngunge fir nei anzestellend Personal nees ofgeschaf ginn.

D’Zukunft gemeinsam gestalten

Den LCGB an den OGBL si bereet, gemeinsam mat der Direktioun am Interessi vun alle Salariéen en zukunftsweisende Kollektivvertrag ze vereenbaren. Nëmmen dat wäert et der Cargolux-Direktioun erméiglechen dat fir déi erfollegräich Weiderféierung vun de Geschäftsaktivitéiten erfuerderlecht Personal laangfristeg un de Betrib ze bannen an neit Personal anzestellen.

Opgrond den neie Rekordresultater fuerderen den LCGB an den OGBL d’Cargolux-Direktioun op, an de Kollektivvertragsverhandlungen elo deen nämmlechten Enthusiasmus ze weisen, deen d’Direktioun bei der Ukënnegung vun de Rekordresultater demonstréiert huet, déi duerch hir Mataarbechter erwirtschaft ginn ass.

matgedeelt vum LCGB an OGBL, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto

Foto: Ecowa / Pixabay

Ähnlech Sujeten Cargolux, Kollektivvertrag, LCGB, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel