Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
https://moien.lu/dating-guys-in-their-late-twenties/

https://moien.lu/what-does-a-hookup-look-like/

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

https://moien.lu/asian-dating-apps-android/
https://moien.lu/dating-guys-in-their-late-twenties/

bowes lyons dating

Am Hannerland vu Katalounien, net wäit ewech vun Tarragona hunn

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt
https://moien.lu/dating-guys-in-their-late-twenties/

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Rekordverdächteg Legislaturperiod um Krautmaart

Rekordverdächteg Legislaturperiod um Krautmaart

Déi (bal) ofgeschlosse Legislaturperiod war villes, mee mat Sécherheet net langweileg. Dat huet de Chamberpresident Mars di Bartolomeo (LSAP), e Freideg bei der Presentatioun vum leschte Bilan fir des Sessioun, ähnlech gesinn.

Ëmgi vun de Fraktiounspresidenten: Alex Bodry (LSAP), Henri Kox (déi gréng), Eugène Berger (DP), Claude Wiseler (CSV) a Gaston Gibéryen (ADR), huet de Mars di Bartolomeo de Réckbléck op déi ganz Legislaturperiod gemaach. Eenzeg déi lénk, ware bei der Presentatioun net vertrueden. Et war d‘Legislaturperiod vun der Rekorder, seelen ass esouvill ëm- an duerchgesat ginn, betount de Chamberpresident. An d‘Zuele schwätzen hei eng däitlech Sprooch.

Um Krautmaart huet et iwwert d‘Legislaturperiod ewech: 3.571 Versammlunge ginn, wouvunner 236 Sëtzungen ëffentlech waren. Alles an allem si 466 Gesetzprojeten agereecht ginn, am ganze goufe 628 Gesetzer gestëmmt. Déi Deputéiert hu ronn 4.000 parlamentaresch Froen hannerluecht an bal 700 Petitioune sinn zréckbehale ginn.

„Si hunn d‘Läpper net hänke gelooss“

Dozou komme 646 Kommissiounssëtzungen. Hei ass et d‘Kommissioun „auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Kooperatioun an Immigratioun“, déi mat 64 Sëtzungen de Rekord fir sech verbucht. D‘Finanz- a Budgetskommissioun ass mat 56 Sëtzungen no drun, grad ewéi déi juristesch Kommissioun, mat ëmmerhin nach 46 Reuniounen.

Interessanterweis, ass d‘Kommissioun vun den Institutiounen an der Verfassungsreform, dëst Joer „nëmmen“ 20 mol zesummekomm. Wann een dann zefridde feststellen dierf, datt d‘Kommissioun sech op e Rapport zum Projet vun der Verfassungsreform gëeenegt huet, kann een der gudder Laun vum Mars di Bartolomeo eppes ofgewannen.

De Chamberpresident huet eng laang Lëscht vu Dossieren ernimmt, déi hien als déi wichtegst vun dëser Legislaturperiod betruecht: vum Spidolsplang iwwert de REVIS bis hin zum Elterecongé, d‘Reform vun de Rettungsdéngschter an der Police, Natur-, Ëmwelt- an Déiereschutz, mee och d‘Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch an den Dateschutz. D‘Lëscht ass laang, an de Mars di Bartolomeo ënnersträicht déi Dynamik mat där een alles bewältegt huet.

E gutt Verhältnis zu de Medien

A wann dem Mars di Bartolomeo am Allgemengen d‘Berichterstattung vun de Medie gefall huet, esou gëtt et hei e klenge „Fleck“ deen de Chamberpresident net gëlle léisst. Et wier hei an do op déi eidel Bänken an der Chamber higewise ginn, wat zu enger falscher Aschätzung vun der reell geleeschter Aarbecht féiere kann. D‘Presenzstatistik géif hei en anert Bild zeechnen.

Mat de Medie ass de Chamberpresident trotzdeem ganz zefridden. Sécher wier een am Internet present (d‘Sëtzunge ginn am Live-Stream iwwerdroen), an och an de sozialen Netzwierker wier den „Optrëtt“ vun der Chamber gutt opgeholl ginn. Do kéint een unhuelen, datt een op d‘Publikatioun vun der Zesummefaassung an der Press verzichte kéint, zemools et hei keng Gläichbehandlung gëtt. Et ass awer „Traditioun“, a wann een zur richteger „Sensibilitéit“ gehéiert…

Ähnlech Sujeten Chamber, Krautmaart, Legislaturperiod, Mars di Bartolomeo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel