Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!
dating sites you can pay with paypal

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

De Carsharing-Service FLEX gëtt fir seng Notzer elo nach vill

https://moien.lu/dating-rain-check/
https://moien.lu/best-hookup-bar-in-dc/
dating sites you can pay with paypal

Polisario: Wann deen ee kontrolléiert wat deen anere gären hätt

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
dating sites you can pay with paypal

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Rekordverdächtege Bilan fir den CHL

Méi Patienten, méi Gebuerten a méi Fuerschung, mee manner lëtzebuergesch

Rekordverdächtege Bilan fir den CHL

Mat der Presentatioun vum Bilan fir d‘Joer 2018 kann sech d‘Direktioun vum CHL bretzen. Et sinn nees Rekorder opgestallt ginn: an der Ambulanz klammen d‘Zuelen ëm 8,4% an am Beräich „Dagesspidol“ gëtt et eng impressionnant Hausse vun 22%. Alles an allem sinn 2018 eppes iwwert 170.000 Patiente behandelt ginn.

Och an der Maternité ass zolidd geschafft ginn. Fir déi éischte Kéier huet et méi wéi 2.800 Gebuerte ginn, wat en neie Rekord duerstellt (+7,8%). Datt et esou gutt géif lafen, dat maachen d‘Cheffen um „agreabelen a gesécherten“ Environnement fest. Datt et wuel éischter eppes mam demographesche Wandel kéint ze dinn hunn, an d‘Zuel vun de Spidolsbetter u sech net geklommen ass, sollt ee bei esou Bilanen awer och berécksiichtegen.

Méi Aarbecht bedeit och méi Personal. D‘Zuel vun de Mataarbechter am CHL ass esou vun 2.267 Salariéen am Joer 2017, op 2.348 am Joer 2018 geklommen. Bedauere kéint een datt Franséisch déi eigentlech Verkéierssprooch am CHL ass, mee wann et keng Lëtzebuerger Kandidate gëtt, muss ee sech deene bedéngen déi et gëtt. Wann d‘Sprooch och net den ausschlaggebende Kritär fir en héichwäertege Service bedeit, wier awer nach Effort ze maachen.

Gutt fir d‘Spidol an d‘Land: den CHL ass 2018 zréckbehale ginn, fir un engem internationale Fuerschungsprojet géint de Kriibs deelzehuelen. Esou mécht den CHL den éischte Schratt fir weider klinesch Tester duerchféieren ze kënnen. Esou stäerkt den CHL déi klinesch an therapeutesch Moyene vum Kriibszentrum. 55 Doktere schaffen als „Fuerscher“ a bal 5.000 Mënschen huelen u Fuerschungsprojeten deel. Den Ament ginn 122 Etüde gemaach.

Ähnlech Sujeten Bilan 2018, CHL, Fuerschung, Kriibs
Nächsten Artikel Virrechten Artikel