Search

You may also like

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass
Neiegkeeten Sport Stories

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass

D‘Verhandlungen hunn sech iwwer fënnef Stonnen higezunn, wat schonn eng

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)
Neiegkeeten Sport Stories

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)

Zanter enger Rei Wochen zéien d‘Infektiounszuelen uechter Europa nees zolidd

Nom G7-Sommet vu Biarritz…
Neiegkeeten Sport Stories

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Et war kee Sommet wéi vill anerer, a wann et

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Wann een de Räichen a Mächtegen eppes verbitt, suergt dat séier vir maximaalt Onverständnis

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Si verstinn net firwat ee Klappjuegten als rekreativ Beschäftegung verkläert, firwat d‘Ausübe vun der Juegd dann och verbueden ass. Si… dat sinn d‘Bauerenzentral a de Verband vun de Jeeër, also alles Mënschen, déi Déieren net aus Loscht a Laun mat hire Schéissgewierer ëmbréngen. Nee dat wier eng ganz wichteg Aufgab an ee grousse Beitrag zum Erhalt vun der Biodiversitéit.

Datt privilegiéiert Bierger hiert Geld an de soziale Statut ausnotzen, a virgi mëttels massivem Asaz vu Gewierer d‘Biodiversitéit ze schützen, ass gewot. Anersäits behaapten déiselwecht Matbierger, datt hir Hybrid-Jeepe jo och déi effizientst Method sinn fir dem Klimawandel ze begéinen. Dofir setzen si jo hire Spritverbrauch vun de „Betribskäschten“ steierlech of. Dat nennt een Ausgläich.

Elo awer huet d‘Regierung de villen Hären an Dammen, déi d‘Erschéisse vu Wëlldéiere fir eng humanitär Aktioun halen, d‘Ofhale vu Klappjuegten ënnersot. De Risk sech mam Covid19-Virus bei enger Klappjuegd unzestiechen, géif sech op „Restaurant-Niveau“ befannen, an déi musse jo hir Aktivitéiten och ganz staark aschränken, respektiv hir Dieren zoumaachen. Esou kann et goen.

D‘Federatioun vum hellegen Hubert (FSHCL), an där d‘Jeeër vereent sinn an déi wäit iwwer 2.100 Memberen zielt, huet sech an engem Communiqué zu dësem Verbuet geäussert. Si weisen drop hin datt bei eisen direkten Noperen d‘Lockdown-Mesure méi streng sinn, do awer d‘Klappjuegte géife stattfannen. Si hunn den Autoritéiten – wéi och FSHCL – ee koherent Hygièneskonzept virgeluecht.

D’Grenze vum Dialog

An esou verwonnert et net, datt sech dem hellegen Hubert seng Jénger iergeren, well een sech net emol wëll mat hinnen un den Dësch setzen, fir iwwert den Ofschossplang ze beroden, dee jo awer immens wichteg, och aus wirtschaftlechen Erwägungen eraus ass. Déi „Schéin & Räich“ géife jo net aus Spaass op Wëlldéiere schéissen, mee fir de Wëldschued signifikativ ze reduzéieren.

De Verband, deen nach bemierkt, datt een als Mënsch méi sécher op enger Klappjuegd ass, wéi bei der Akafstour um „schwaarze Freideg“, kann awer an den eegene Reien op vill Juristen zielen, déi sech en Freed wäerten dorausser maachen, de Verbuet enger peinlech genauer Analys ze ënnerzéien. Esou wéi d‘Regierung d‘Gesetzer an der lescht formuléiert, hunn se realistesch Chancen.

Ganz interessant och déi eegen Aschätzung vun der FSHCL, déi behaapt mat hirer Aktivitéit net nëmme Seechen ze verhënneren, mee ee gesond an natierlecht Liewensmëttel ze „produzéieren“. Zudeem géifen si mat klorem Mënscheverstand virgoen, wärend d‘Regierung, respektiv déi droleg Ëmweltministesch, eenzeg eng Ideologie vertriede géif. Dat erliichtert den Dialog leider och net.

Et sinn hir eege Leit

Wat am Kontext vun dësem Dissens op héchstem Niveau schonn eppes lachhaft ass, betrëfft d‘Fro vum honorabelen Deputéierte Guy Arendt (DP) deen de grénge Koalitiounspartner interpelléiert a feststellt dat am modifizéierte Covid19-Gesetz steet: „D‘Praxis vu rekreativen Aktivitéiten am Grupp vu méi wéi véier Leit ass verbueden“. An dat jo elo emol bis mindestens de 15. Dezember.

Den DP-Deputéierte weist dann nach drop hin datt: „Et muss awer notéiert ginn, datt d‘Juegd net explizit als ‚rekreativ Aktivitéit‘ am Covid19-Gesetz genannt gëtt“. Hie wëll dann och vum Koalitiounspartner wëssen, op wat si sech stëtzt, fir d‘Juegd als rekreativ Aktivitéit ze verklären. Hien erënnert och drun, datt d‘Juegd eng Aktivitéit am Sënn vum „generellen Interessi“ ass.

A wann d‘Ministesch dann un hirer Decisioun sollt festhalen, sollt si dann net den Zäitraum vun der Juegd – déi den 20. Dezember op en Enn geet – ëm 3 Woche verlängeren? A falls net, wéi gedenkt d‘Ministesch Carole Dieschbourg de Jeeër ze erméiglechen den Ofschossplang ze erfëllen? Wann ee bedenkt, datt den honorabelen Deputéierte jo och hätt kënne géint d‘Covid19-Gesetz stëmmen…

Pragmatesch, mee kloer…

D‘Äntwert vun der Ëmweltministesch ass dann och mindestens esou interessant wéi opschlossräich. Si ënnersträicht an hirer Äntwert, datt och wann dat modifizéiert Gesetz vum 25. Mee 2011 sech op „d‘Ausübung vun der Juegd muss dem generellen Interessi entspriechen“ berifft, d‘Juegd de facto eng rekreativ Aktivitéit bleift. An als solches ass et elo net méiglech Klappjuegten ze organiséieren.

An d‘Ministesch verweist op de Commentaire zum Artikel: „D‘Zounam vum Bewosstsinn bezunn op d‘Problemer am Zesummenhang mat der Ëmwelt, notamment dat betreffend de Verloscht vun der Biodiversitéit, verlaangt ee Recadrage vun der Ausübung vun der Juegd entspriechen den Erwaardunge vun der haiteger Gesellschaft an den Exigenze vun enger nohalteger Gestioun vun der Natur an dem Wëld am besonneschen“.

Zudeem ass jo net d‘Juegd per se verbueden. Esou ass et nach ëmmer erlaabt sech et gemitterlech um Héichsëtz ze maachen, oder dem Wëld „nozegoen“ fir dësem d‘Liicht auszeknipsen. Et sinn just d‘Klappjuegte verbueden, well et komplizéiert ass déi beschlossen Oplagen ze erfëllen. Et dierf een esouguer d‘Hënn op d‘Wëllschwäi lassloossen. Am Januar dierfen nees Klappjuegte stattfannen.

Illustratioun: © Sebastian Pocieca / unsplash

Related topics Biodiversitéit, Carole Dieschbourg, Covid19-Gesetz, FSHCL, Guy Arendt, Jeeër, Klappjuegd, rekreativ Aktivitéiten
Next post Previous post