Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott
Neiegkeeten

Venezuela steet kuerz virum Staatsbankrott

Eigentlech hätt e Freideg zu New York de Staatsbankrott vum

Groussbritannien huet e… Mayxit!
Neiegkeeten

Groussbritannien huet e… Mayxit!

Endlech huet d‘Theresa May agesinn, datt hir Politik op kee

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir
Neiegkeeten

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir

Um Dënschdeg hunn sech zu Lëtzebuerg d‘EU-Europaminister zesummefonnt, fir sech

Rekreative Cannabis: alles eng Fro vun der Mooss

Rekreative Cannabis: alles eng Fro vun der Mooss

De Konsum vu Cannabis zu rekreativen Zwecker soll eng legal Grondlag kréien a ville geet et – wéi dat jo oft de Fall ass – net séier genuch. Elo awer hunn déi investigativ Kollege vum onofhängege Staatskultursender 100,7 en Abléck an de provisoresche Projet vum Gesondheetsministère kritt an Interessantes ze beriichte gehat.

Zil vun der Regierung ass et, wat jo och ugesiichts dem Produkt ëm dat et hei geet net vu Muttwëll ka sinn, de Verkaf vum Cannabis zolidd ze encadréieren a et net zu enger Banaliséierung vun dësem Rauschmëttel kommen ze loossen. Bei engem (nach) illegale Konsum deen erwisenermoosse säit de 60er Joren als „Liewensphilosophie“ verkläert an a ville kulturelle Beräicher dagdeeglech ass…

Gutt fir den Ament deet sech zu Lëtzebuerg wéineg an et muss nach eng Rei Gespréicher tëscht dem Gesondheetsministère an dem Justizministère ginn, iert en endgültegt Konzept virgeluecht ka ginn. Da brauch et nach Entrevue mat den europäesche Partner – déi et léiwer hätte wa mir géifen d‘Patte vun enger Legaliséierung loossen – déi sech Garantien hisichtlech dem „Tourismus“ erwaarden.

Laut deem wat se beim 100,7 erausfonnt hunn, soll e Lëtzebuerger Resident bis zu maximal 30Gr Cannabis de Mount kafen dierfen, muss dofir mindestens 18 Joer jonk sinn a wéinstens sechs Méint am Land wunnen. Et sollen nëmmen 13 (et si Spaassvullen déi sech déi Zuel ausgeduecht hunn) Geschäfter ginn an dofir gouf sech wierklech Gedanke gemaach. Den Detail ass eppes wonnerlech.

Cannabis

© Wesley Gibbs / unsplash

Esou géifen d‘Kantonen: Capellen, Dikrech, Gréiwemaacher, Miersch a Réimech nëmmen ee Geschäft, während d‘Kantonen Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg därer der véier kréien dierfen. Et wier eng 14. Geschäftsstell virgesinn, mee et gëtt nach no enger Plaz dofir gesicht. Et dierf net op der Plaz gekifft ginn an – wat jo wuel normal ass – dës Geschäfter dierfen net bei enger Schoul stoen.

Verkafe kann nëmme wien eng Lizenz vum Staat kritt, woubäi zu de Kritären, déi zu enger Lizenz féieren, beim 100,7 näischt no bausse gedrongen ass. Den Taux vun THC deen am Cannabis dierf enthale sinn, gouf zur Stonn nach net limitéiert. D‘Kraut misst elo awer lokal produzéiert an net wéi emol geduecht, aus Kanada importéiert ginn. Wien dat Kraut uplanzen dierf, ass och net gewosst.

Bis elo ass just gewosst, datt sech eppes deet, déi ganz Filière awer nach net emol schematesch ugeduecht gouf. Wie planzt, wie kontrolléiert, wien dierf et um Enn verkafen? An dat sinn nëmmen déi grondsätzlech Froen. Wann et bei de Lizenze fir de Cannabis leeft wéi bei den Taxi-Lizenzen, ass jiddefalls sécher, datt déi Ziler déi mat Legaliséierung verfollegt ginn, net wäerten erreecht ginn.

D‘Zuel vun de Geschäfter ze begrenzen, dierft net wierklech an Aklang mat der europäescher Legislatioun sinn an widdersprécht ganz kloer der neoliberaler Ausriichtung déi eis Regierung Opweises huet, wann et ëm Finanzinstituter a riseg Akafszenter op der grénger Wiss geet. An esoulaang wéi d‘Politik verseet, freeën sech d‘Brigangen. Nach hu si d‘Geschäft voll am Grëff…

Illustratioun: © Justin Aikin / unsplash

Ähnlech Sujeten Begrenzung, Cannabis, Drogen, Gesondheetsministère, Justizministère, Kritären, Legaliséierung, Lizenzen, THC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel