Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zodi um Härebierg
Kultur Neiegkeeten

Zodi um Härebierg

Béi der Lëtzebuerger Arméi ass Salz am Kaffi. Säit Mëtt

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert
Kultur Neiegkeeten

Stock-Car: Sonn a Reen hunn d‘Piloten erausgefuerdert

Um Sonndeg huet zu Helleng déi zweet Manche vun der

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – den Dag un dem d’Musek gestuerwen ass

Um 3. Februar fält an den USA ee Fliger erof.

Remix! – Esch2022 géif sech iwwert Virschléi freeën

Remix! – Esch2022 géif sech iwwert Virschléi freeën

Esch2022 luet jiddereen derzou an, iwwert d‘Internetsäit www.esch2022.lu Virschléi fir kulturell Projeten anzereechen. An dësem Kontext hat et den 28. Februar eng Pressekonferenz ginn, déi de Startschoss fir dëse Projet-Opruff ronderëm de Sujet „Remix Culture“ gebilt huet. An de kommende Woche soll et nach eng Rei ëffentlech Veranstaltungen um Gebitt vun Esch2022 ginn.

Déi europäesch Kulturhaaptstad Esch2022 mécht mat dësem Opruff zur Virlag vu Projetsvirschléi fir hire Kulturprogramm den nächste Schratt. All Privatpersoun, Gemeng, Institutioun, oder Veräin ass agelueden, e Projet fir e Kulturprojet anzereechen. Viraussetzung: De Projet muss um Gebitt vun Esch2022 stattfannen. De Formulaire, op deem och d‘Konditiounen am Detail enthale sinn, kann op der Internetsäit erofgeluede ginn, muss awer virum 31. Juli der Organisatioun virleien.

All d‘Projeten déi agereecht goufen, ginn dann unhand vu festgeluechte Richtlinne bewäert. Déi Projeten zréckbehale ginn, bilden zesummen de Konscht- a Kulturprogramm vun Esch2022.

Kënschtlerescht Schafen a kulturelle Räichtum ervirhiewen

D‘Kulturhaaptstad ass virun allem e participative Projet. An dësem Sënn muss all Kulturprojet zur Verwierklechung vun den Aufgaben an Ziler vun Esch2022 bäidroen.

Mam Bléck op d‘Kultur ass et d‘Zil, de Secteur vum kënschtleresche Schaffen nei ze beliewen an ze fërderen. Dobäi soll de gréisst méigleche Public ugeschwat ginn. Betreffend d‘Sozialekonomie, gëllt den Interessi am besonneschen dem Ervirhiewe vum regional kulturellem Räichtum a senger Bevëlkerung. Heifir sollen deenen hir Kräfte mobiliséiert an nei Bedeelegungsméiglechkeete geschafe ginn.

„Ausserdeem ass déi europäesch Dimensioun e roude Fuedem fir all europäesch Kulturhaaptstad. Dofir muss Esch2022 duerch all eenzele Projet, d‘Gemeinsamkeet vun der Europäer ënnersträichen an doduerch dat géigesäitegt Versteesdemech fërderen“, erkläert d‘Generaldirektesch Nancy Braun.

De Wandel vun enger Regioun veranschaulechen a begleeden

Kärthema vum Projektopruff: Remix Culture. Bevëlkerungsmix, grenziwwerschreidend Stréimungen, d‘Zäit no der Eisen- a Stolkonjunktur… Duerch d‘Besonneschkeete vum villfältege Gebitt vun Esch2022, ass de Remix virun allem d‘Resultat vun engem sech verännerende gesellschaftlechen Ëmfeld. D‘Aufgab vun Esch2022 ass, dëser ëmmer nach stattfannender Metamorphos nei Bedeitungen esou wéi innovativ a kreativ Ausdrocksformen ze verléinen.

D‘Projeten droen all zu de véier Aktiounsberäicher „Remix Europe“, „Remix Nature“, Remix Yourself“ a „Remix Art“ bäi a kënnen sech esou un enger moderner Visioun vun Europa ouni Grenzdenke bedeelegen. Gläichzäiteg ënnersträichen si d‘Diversitéit, esouwuel vun Esch2022, wéi och déi vum gesamte Kontinent.

Lokal Acteuren zesummeféieren

Nodeems geprouft gouf, datt d‘Virschléi de Konditiounen zur Participatioun entspriechen, këmmert sech déi kënschtleresch Leedung ëm déi kulturell Programméierung. Dozou begleet si d‘Projetleeder bei der Entwécklung vun hiren Iddien, andeems si während dem ganze Prozess dofir suergt, datt Leeder a lokal Acteuren zesummen agéieren.

„Esouwuel bei der Ausaarbechtung wéi och beim fanne vun Iddie selwer, wëlle mir eng enk Zesummenaarbecht fërderen, déi de Potentialer vun der Regioun Rechnung dréit. Mir wëllen d‘Bierger aus enger Gemeng, enger Stad, engem Quartier oder esouguer Nopeschstroosse méi no unenaner bréngen“ bemierkt de Christian Mosar, kënschtleresche Leeder.

Zu Esch2022

Mat der Stad Esch am Zentrum, ass „Esch2022“ Kulturhaaptstad vun Europa. D‘Gebitt ëmschléisst all d‘Gemenge vum Verband ProSud esou wéi déi aacht CCPHVA-Gemengen, Esch2022 steet ënnert dem Motto „Remix Culture“. Aktuell fënnt eng Ausschreiwung zur Virlag vu Projete fir de Kulturprogramm statt. Esch2022 gëtt verwalt duerch d‘Vereenegung „Capitale européenne de la Culture 2022 Asbl“.

Matgedeelt vun Esch2022, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: (v.l.n.r.) Sam Tanson, Kulturministesch; Georges Mischo, Buergermeeschter Stad Esch-Uelzecht; Nancy Braun, Generaldirektesch Esch2022; Christian Mosar, kënschtleresche Leeder Esch2022 © Esch2022

Ähnlech Sujeten Christian Mosar, Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad, Kultur, Nancy Braun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel