Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frontex toleréiert d‘Gewalt un den EU-Baussegrenzen
Neiegkeeten

Frontex toleréiert d‘Gewalt un den EU-Baussegrenzen

Déi als Grenzschutz getarnten EU-Institutioun Frontex soll d‘Gewalt (Mësshandlungen, Ugrëff

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Endlech ass se do: d‘Citymap vun der Stad Lëtzebuerg

Si war scho méi laang ugekënnegt an elo ass se

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS
Neiegkeeten

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Am Munnerefer Thermalbad, gëtt dësen 10. November e „Weltraum-Nomëtteg“ ofgehalen,

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen

Renaturéierung vun der Péitruss: Ee Projet fir d’Natur an 2 Phasen

Fort vum kënschtlechen Ekosystem, zeréck zur Natierlechkeet. Dëse Fréijoer fänken d’Aarbechten un, fir de Péitrussdall nees zu engem méi puren an aluedende gréngen Uert ze verwandelen, un deem ee matten an der Stad d’Rou an d’Natur genéisse kann. Zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a ländlech Entwécklung, sou wéi der Waasserverwaltung huet d’Stad Lëtzebuerg gëschter déi éischt Phas vun den Aarbechten zur Renaturéierung vun der Péitruss presentéiert.

Mat der Renaturéierung vun der Péitruss an der Ëmgestaltung vum Park soll een Akzent gesat ginn. Duerch d’Reinsertioun vun der Natur entsteet net nëmmen een angenehmt Bild, ma och den Ekosystem freet sech! An dësem Kontext ginn déi natierlech Konditioune vum Waasserlaf nees hiergestallt, andeems een de Bëtong ewech hëlt an doduerch den Equiliber vun der Fauna a Flora, den Nierstoffer an generell dem Waasser verbessert.

Péitruss

© VDL / Charles Soubry

Wat verschwënnt, wat bleift?

Fir de Plang ëmzesetze muss op der enger Säit geplanzt, op der anerer Säit awer och Beem gefält ginn. Duerch dës Moossnam gëtt d’Expansioun vun de Biotopen am urbanen Ëmfeld erméiglecht, wouduerch diverse Planzen an Déieren neien an dauerhafte Raum gebuede gëtt.

Sécherheet geet fir: Bei schwaachen an ze geschiedegte Beem besteet de Risiko, datt d’Spadséiergänger vun eroffalenden Äscht blesséiert ginn. Mee och fir eng gewëss Waasserqualitéit an d’Aarbechten um Waasserlaf ze garantéieren, musse verschidde Beem ewech geholl ginn.

Péitruss

© Lindenkreuz Eggert

Op der Héicht vum momentane Spill- a Minigolf-Beräich ass eng rekreativ Zon virgesinn. Mat dëser Decisioun wëll een d’Liewensqualitéit erhéijen an alle Persounen een erhuelsamen Openthalt bidden. Och hei kënnt een ëm d’Ewechhuele vun enger Rei Beem net dolaanscht. Et sollt een awer net vergiessen, datt d’Plantatioun vun neie Beem strategesch geplangt an de Schutz vun de bestoende Beem wärend den Interventiounen eng vun de Prioritéiten ass.

Péitruss

© Lindenkreuz Eggert

Ee Projet an 2 Phasen

D’Realisatioun vum Projet ass an 2 Konstruktiounsphase geplangt, déi sech vun der Plaz an der Zäit hir ënnerscheeden. Global gekuckt besteet de Projet vun der Renaturéierung nämlech aus diversen Ënnerprojeten, déi onofhängeg vuneneen ausgefouert kënne ginn. Verschidde Prozesser, wéi beispillsweis den Ëmbau vun der Landschaftsarchitektur, d’Aarbechten um Waasserlaf, d’Konstruktioun vum sougenannte First Flush oder och d’Abezéie vun archeologeschen Ausgruewungen (Kierch St Ulric) erweisen sech allerdéngs als komplex.

D’Plantatioun an déi temporär Konstruktioune solle mat Bléck op d’LUGA 2023 déi éischt Phas ofschléissen. Ufänke wëll een dëse Fréijoer.

Déi éischt Phas gesäit folgend Ofschnëtter vir:

  • Preparatiounsaarbechten (provisoresche Parking, archeologesch Ausgruewungen op der Plaz St Ulric);
  • Renaturéierung vum Waasserlaf;
  • First Flush;
  • Spillplaz, Fitness, Minigolf, Bourbon-Schleis, Fëschschleis, Skatepark;
  • Schläife vun de Maueren, Ëmgestaltung vum Ufer, Renaturéierung an Buedemaarbechten, Plantatioun.
Péitruss

© Lindenkreuz Eggert

Déi zweet Phas (ab Fréijoer 2024) gesäit folgend Ofschnëtter vir:

  • Amenagement vun enger Plaz vun der Erhuelung an der Entrée vum Park (Säit vun der Rue St Ulric);
  • Ernéierung vun der Spillplaz, de Fitness-Elementer an dem Minigolf an der Entrée vum Park;
  • Integratioun vum Skatepark;
  • Integratioun vu Sëtzreien a Balkonen op verschiddene Plaze beim Floss;
  • Realisatioun vun engem befuerbare Wee (4,50 Meter breet) laanscht de Waasserlaf op der ganzer Längt vum Dall, wéi och een net befuerbare Wee (2 bis 3 Meter breet) a Proximitéit zum Waasserlaf;
  • Redefinéierung vun de Konschtwierker mat 6 neie Punkten;
  • Integratioun vu Fësch (duerch d’Fëschlieder kënnen si sech tëscht der Uelzecht an der Péitruss hin an hir beweegen).
Péitruss

© Lindenkreuz Eggert

Wat een nach vläicht wësse sollt

Wärend de ganzen Aarbechte gëtt den Accès fir Foussgänger a Cycliste garantéiert. Et suergt een dann och fir eng entspriechend Beschëlderung fir d’Ëmleedungen.

De Budget gëtt fir déi éischt Phas vun der ekologesche Revalorisatioun vum Péitrussdall op 25.909.385,84 € (ttc) geschat. Finanzéiert gëtt de Projet vun der Stad Lëtzebuerg an de Fongen zur Waassergestioun.

Opmaacherbild: © Lindenkreuz Eggert

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Ëmgestaltung, Ëmwelt, Ëmweltministère, Flora a Fauna, Lindenkreuz Eggert, Lydie Polfer, Natur, Renaturéierung, Rou, Skatepark, Spillplaz, Stad Lëtzebuerg, VDL, Waasserlaf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel