What the Fakt – Den Emblème vun Europa entsteet
Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet
Et ass net nëmmen d’Symbol vun der EU, mee steet
Lescht Nuecht koum et op der Zuchstreck vu Lëntgen Direktioun
Bis ewell hu sech de Serge Basso de March an de René Penning d’Direktioun gedeelt, woubäi sech den neien Direkter ëm d’Finanzen an d’Verwaltung gekëmmert huet. Ab dem 31. Dezember 2020 wäert de Serge Basso de March an d’Pensioun goen.
De Serge Basso de March (lénks) wäert ab dem 31. Dezember 2020 an d’Pensioun goen. Dofir iwwerhëllt de René Penning (riets) d’Direktioun vun der Kulturfabrik.
An dësem Kontext gëtt och annoncéiert, datt de Michel Clees, President vun der Asbl, de Christian Kmiotek, Vize-President an de Guy Dockendorf, Member, aus perséinleche Grënn hire Mandat net méi erneieren no der nächster Generalversammlung.