Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz
International Neiegkeeten

Ungarn: Nei Gesetzer zu Aarbechtszäit a Justiz

Am ungaresche Parlament sinn e Mëttwoch déi kontroverséiert Gesetzprojeten zu

surprise
Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad
International Neiegkeeten

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
International Neiegkeeten

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit. Mee sinn

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

Rentereform dreift Brasilien an de Generalstreik

De faschisteschen Diktaturnostalgiker aus Brasilien wëll eng radikal Rentereform. Aarbechter trieden an de Generalstreik an iwwerall am Land gëtt Demonstréiert. Nom „Stress“ mat de Studenten, déi d‘Annonce vun de Budgetskierzunge fir Universitéiten net appreciéiert hunn, wëll d‘Regierung elo um Rentenantrëttsalter fréckelen.

Demokratie ass net einfach, a wien d‘Wiel huet kann sech emol verdoen. Mam Jair Bolsonaro hunn sech d‘Brasilianer sech 2018 fir den Antrëtt an eng nei Ära entscheet. Dobäi hat de rietsextreme Staatschef am Kontext vu senger Campagne d‘Richtung ganz däitlech uginn. Knapps datt hien den 1. Januar am Amt war, huet de Jair Bolsonaro och den Aarbechtsministère ofgeschaaft.

Brasilien

Elo also soll et zu enger Rentereform kommen. Laut de Pläng vun der Regierung soll et zu Upassunge beim Rentenantrëttsalter kommen. Männer sollen zukünfteg mat 65 a Frae mat 63 Joer an d‘Pensioun goen. Bis ewell konnt de Brasilianer no 30 bis 35 „Bäitragsjoer“ a Rent goen. Dat huet allerdéngs bedeit, datt vill Leit scho mat 50 oder 55 Joer an d‘Pensioun gaange sinn.

Widderstand

Fir de Staatschef ass dat net méi Zäitgeméiss an hie weist drop hin, datt den Aktuelle System d‘Land riichtewech an d‘Rezessioun dreift. Nom Widderstand vun de Gewerkschaften – deenen sech de Jair Bolsonaro am léifsten entleedege wéilt – ass et zu liichten Upassunge komm. Déi awer ginn de Gewerkschaften net wäit genuch, firwat si um freideg zum Generalstreik opgeruff hunn.

En Appell deem massiv zougesprach gouf. Iwwerall am Land ass zu Demonstratioune komm. Dat ëffentlecht Liewen huet „eng Paus“ gemaach, op de Stroossen goung guer näischt méi a vill Geschäfter hunn et virgezunn d‘Dieren zou ze loossen. Zu Sao Paulo, wou d‘Erëffnungsspill vun der „Copa Americana“ stattfonnt huet, haten d‘Demonstranten d‘Stroossen komplett zougesat.

Brasilien

Hei koum et (wei iwwregens och zu Rio de Janeiro) zu heftegen Ausenanersetzunge mat der Police. Barrikaden si vun Demonstranten a brand gestach ginn an d‘Police huet mat Tréinegas a Granaten dergéint gehalen. D‘Demonstratiounen hu bis an d‘Nuecht ugehalen an op ville Plaze gouf et Kundgebungen. Ob a wéi d‘Regierung mat dësem Protest ëmgeet, ass zur Stonn net gewosst.

mat indymedia/ccs/mia

Foto: Guilherme Boulos (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Brasilien, Copa Americana, Generalstreik, Jair Bolsonaro, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel