Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17.

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten
International Neiegkeeten

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten

Um Sonndeg hunn d‘Schweden hir Kandidate fir d‘Parlament gewielt. Wann

Rentereform a Frankräich elo per Dekret

Premierminister Edouard Philippe brécht Debat zur ëmstriddener Rentereform an der Assemblée Nationale of. Elo soll déi ëmstridde Rentereform iwwert den Artikel 49.3 vun der Verfassung duerchgesat ginn. Oppositioun wollt mat 40.000 Amendementer d‘Gesetz verhënneren.

Rentereform a Frankräich elo per Dekret

Iwwer zéng Deeg gëtt déi ominéis Rentereform elo an der Nationalversammlung „behandelt“ ouni datt et iergendwellech Fortschrëtter ginn hätt. A genee dat huet d‘Oppositioun mat enger Flut un Amendementer esou och am Sënn gehat. Si wëllen esou d‘Regierung vun der Ëmsetzung vun der Rentereform ofhalen. Erreecht hu se elo, datt d‘Regierung an Zochzwang geréit a reagéiere muss.

Diskutéieren ass dat eent, Schwätze fir näischt ze soen dat anert. Dobäi hätt d‘Regierung zumindest d‘Gesetz an der éischter Liesung missen duerchkréien, iert et zu de Kommunalwahlen an elo 14 Deeg kënnt. An déi eenzeg Méiglechkeet, déi dem Premierminister bleift ass de Grëff nom Art. 49 Ofsaz 3, eng Aart „Noutrecht“. Domatter kann d‘Regierung d‘Gesetz fir „ugeholl“ erklären.

Elo kann d‘Oppositioun bannent 48 Stonnen, ee Mësstrauensvott ufroen. Iwwersteet d‘Regierung dëse Vott – an dorunner besti keng Zweiwel – gëllt d‘Gesetz automatesch als ugeholl. De fréiere President François Hollande, hat vun dësem Artikel 2016 gebrauch gemaach, fir seng ëmstridden Aarbechtsmaartreform duerchzeboxen. De Wirtschaftsminister war den Emmanuel Macron…

RentereformMat der Rentereform wëll d‘Macron-Regierung sech den 42 ënnerschiddleche Pensiounskeesen entleedegen déi et am Land gëtt. Sënn an Zweck ass et, d‘Rente méi gerecht ze maachen, wat awer vun de Gewerkschaften an der Zivilgesellschaft zréckgewise gëtt. Onmoosseg Streikwelle waren d‘Folleg: bal siwe Woche laang gouf den ëffentlechen Transport blockéiert. Ouni Erfolleg.

Zanter 1958 ass den „49.3“ am Frankräich 88 mol agesat ginn. De Rekord hält d‘Regierung vum Michel Rocard mat 28 Gesetzer. Net eng eenzeg Kéier huet de Mësstrauensvott déi absolut Majoritéit erhalen. Hei huet elo d‘Partei vum Emmanuel Macron 299 Mandater, firwat et och dës Kéier keng Problemer sollt ginn. Ganz eriwwer ass dann awer nach net, et gëtt nach Etappen…

RentereformFir d‘Gesetz definitiv a Kraaft ze setzen, muss et elo wou et „ugeholl“ ass, un de Senat weidergeleet ginn, wou d‘Gesetz dann nach emol am Fong studéiert gëtt, iert et nees an d‘Assemblée Nationale zréck iwwerwise gëtt. Hei kann d‘Regierung dann op en Neits den „49.3“ asetze fir d‘Debatten ofzekierzen. Ass dat alles erleedegt, dann ass d‘Regierung awer nach ëmmer net fäerdeg.

Zum Rentereformgesetz gehéiert nach ee weidert Gesetz, dat sech mam organesche Volet befaasst, fënnef Artikel „grouss“ ass an säitens der Oppositioun mat ronn 2.000 Amendementer beluecht ass. Et erschéngt logesch, datt d‘Regierung och bei dësem Gesetzprojet op den Artikel 49.3 wäert mussen zréckgräifen. Oppositioun a Gewerkschaften hu schonn emol Widderstand versprach…

mat indymedia/par

Ähnlech Sujeten Artikel 49.3, Dekret, Edouard Philippe, Emmanuel Macron, Frankräich, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel