Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun
Neiegkeeten

D‘KPL ass wäit méi wéi eng ausserparlamentaresch Oppositioun

Et war en iwwersiichtlechen Empfang fir Neijoerschdag, deen d‘KPL am

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt
Neiegkeeten

LuxFilmFest 2019: Mat Virtual-Reality duerch d’Filmwelt

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert de Casino

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous
Neiegkeeten

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Wéinst dem EU-Spuerdiktat setzt d’Regierungspartei d’Mindestrent op 350€ erof. Déi lénk Syriza-Regierung huet sech domadder, trotz de massive Protester an Demonstratiounen, de Fuerderungen aus Bréissel ënnerworf. Fir honnert dausende Rentner déi nach eppes iwwert 350€ de Mount Mindestrent kruten ass dëst ee battere Schlag an d’Gesiicht.

Iwwer Rentekierzunge vu bis zu 18% sollen ab 2019 ëm déi 1,8 Milliarden Euro agespuert ginn. Dat entsprécht ongeféier engem Prozent vum Bruttoinlandprodukt (BIP). Betraff sinn esou 1,1 Millioune Rentner, déi am Ament eppes wieder wéi 700 € /Mount kréien. Fir déi „kleng Renten“ ass dëst déi ëmfaassendst Kierzung säit dem éischte Spuerpak am Joer 2010. Dobäi si säit 2010 d’Rente scho ganzer 23 mol gekierzt ginn, wourauser sech ergëtt, datt am Zäitraum vun nëmme siwe Joer d’Renten am Schnëtt ëm 40% erofgaange sinn. Laut dem griichesche vereente Rentnernetzwierk sollen esou bis zu 50 Milliarden agespuert gi sinn.

De President vum Rentnernetzwierk, Nikos Chatzopoulos seet zu den neiste Spuerpläng: „Et geet hei net nëmmen ëm d’Kierzunge bei de Renten, mee och d’Erhéijung vun de Sozialversécherungsbeiträg a Steieren, duerch déi d’Rentner gutt d’Halschent vun hirem Akommes verluer hunn(…) vill kënnen sech hir Medikamenter net méi leeschten. Et ass kee Geld méi fir Stroum- an Telefonsrechnungen do.

Dozou kënnt dann nach, datt de Steierfräibetrag vun 8.636€ op 5.681€ erofgesat gëtt an dann d’Akommes vu ville Klengverdinger a Rentner net dorënner falen. Moossnam trëfft dann och vill Rentner déi just 500 €/Mount kréien a fir all déi wou am Ament nach ënnert de Fräibetrag falen, bedeit et eng Verréngerung vu ronn 650 €. Mat dëser Mesure soll dann nach eng Kéier bis 1% vum BIP gespuert ginn. Se trëtt ab 2020 a Kraaft, falls des Haushaltsiwwerschoss am festgeluechte Kader bleift, soss kann d’Mesure schonn 2019 ëmgesat ginn.

Am nächste Joer kommen dann nach emol weider Spuermoossnamen derbäi, mat deene weider 450 Millioune solle gespuert ginn. Dozou gehéiert eng Reduzéierung vu 50% bei den Heizzoulagen, dem Chômage an eng d’erof setze vum Steiernolooss fir medezinesch Käschten. Geplangt ass och de Verkaf vu Kuelegrouwen a Kraaftwierker vun der griichescher Stroumgesellschaft. Betraff si bis zu 40% vun de Kapassitéite vun der Entreprise.

Gutt Nouvellë fir Däitschland

Net ganz fräiwëlleg an a bestëmmt net am Sënn vun de Bierger huet d’Syriza-Regierung an de Leschte Joer d’Privatiséierung vum Staatseegentum rasant virugedriwwen. Profitéiert an Europa huet hei virun allem Däitschland, déi dreiwend Kraaft hannert de Spuerfuerderungen. Nodeems den däitsche Fluchhafebedreiwer Frapport (Frankfurt Aiport) mat Thessaloniki ganzer 14 Regionalfluchhäfen iwwerholl huet, kritt elo och nach eng däitsch Firma den Zouschlag fir den Hafe vun Thessaloniki. D’Regierung huet d’Rechter um zweetgréissten Hafen un een internationale Konsortium mat däitscher Bedeelegung verkaf.

Nieft de Spuermoossnamen huet dat jéngst Ofkommes och Konsequenzen am Aarbechtsrecht. Déi griichesch huet d’Fuerderunge vum internationale Währungsfong (IWF) akzeptéiert an domadder d’Aushielege vum Aarbechtsrecht ugeholl. Bis elo ass et awer de Patrone weiderhi verbueden d’Beleegschaft auszespären, obwuel et och eng vun den Zentrale Fuerderunge war. Erlaabt schéngen awer zukünfteg Massenentloossungen, och wa laut de virleienden Informatioune maximal 5% vun der Beleegschaft, respektiv 30 Salariéen den Dag, dierfen op eemol entlooss ginn, esou muss dat net méi vum Finanzminister an dem ieweschten Aarbechtsrot (ASE) genehmegt ginn.

Am Ofkommes ass och festgehale ginn, datt d’Regierung Gesetzer géint Streiks muss aféieren, dorënner ee beschleunegt Verfahren zur Feststellung vun der Rechtméissegkeet vu Streiks. Dat huet natierlech fir uerdentlech Opreegung gesuergt an net nëmmen d’KKE also d’kommunistesch Partei an déi lénk Gewerkschaften, vun deenen een erwaarden dierf, datt se op d’Barrikade ginn; nee dës Kéier ginn d’Mesuren och der biergerlecher Oppositioun, besonnesch d’Rentekierzungen, ze wäit. Si huet am Parlament dergéintgestëmmt.

Zur Lige gezwongen ?

De griichesche Premier Alexis Tsipras huet allerdéngs och ee schwéiere Stand. Hien deen alt nees en Enn vun de Kierzunge versprach hat, steet natierlech an der Kritik, enger duerchaus berechtegter Kritik. Déi Deputéiert vun der Koalitioun vun der radikaler Lénker (Syriza) hunn dat jéngst Diktat aus Bréissel iwwer d’Ronne bruecht, fir dem Premier am Juni eng weider „Hëllefstranche“ vun den europäesche Geldgeber an héicht vu mindestens siwen, eventuell zwielef, Milliarden ze sécheren. Dat ass dann déi drëtt aus dem 86 Milliarde schwéiere Rettungspak. D’EU, d’europäesch Zentralbank an den europäesche Stabilitéitsmechanissem (ESM) verlaange fir dëse „Geste“ Kierzunge vu bis zu fënnef Milliarden Euro

Do verwonnert et dann net, datt vill Lénker vu Syriza säit Jore batter enttäuscht ginn. Och déi héich Zuel vun „Netwieler“ muss een als Ausdrock vun der Onzefriddenheet bewäert ginn. De politesch-biergerleche System stéisst u seng Grenzen an nieft de Leit déi nach eng Aarbecht hunn, ass besonnesch d’Jugend rosen an enttäuscht. Bei hinnen ass den Androck entstanen, datt sech näischt méi deet an een sou oder esou näischt méi ännere kann. En Androck deen duerch dem Alexis Tsipras a senger Syriza éischter verstäerkt ginn ass.

Déi grouss Enthalung bei der Wal huet sech awer och op d’Resultat vun der KKE ausgewierkt, wëll net wiele goe bedeit net eng aktiv Haltung anzehuelen, déi haiteg Situatioun a Fro ze stellen a Widdersproch géint d’Ursaache vun dëser Situatioun anzeleeën. Sécher hunn d’Kommuniste widderhuelt verlaangt Moossnamen ze ergräife fir dës Zieler méi liicht ze erreechen, mee all Regierung säit dem Zesummebroch huet net wierklech eppes ënnerholl. Et ass dann och net wierklech ersiichtlech wat d’KKE dann als Géigevirschlag kéint op den Dësch leeën.

Richteg ass dann awer, datt Syriza an de griichesche Premier net vu sech kënne behaapten am Sënn vum Vollek ze handelen. Mat hiren Entscheedunge vertrieden se d’Interesse vu monopolaartege Gruppen, déi sougenannt „waarmt Geld“ gebraucht hunn, also ee vereinfachten Zougang zu Kreditter fir hire Profit eropzeschrauwen. Déi gesamt Verhandlungsstrategie war géint de griichesche Bierger geriicht an d’Resultat war een drëtte Memorandum deem och ND (Neo Demokratia – liberal riets) d’PASOK (mëtt lénks) an To Potami (zentristesch) zougestëmmt hunn. Dëse Memorandum hält déi Virrecht zwee Memorande an déi iwwer 400 Gesetzer zu dëse Memoranden oprecht.

Foto: A Mann verbrennt de Fändel vun der Regierungspartei Syriza virum griichesche Parlament nodeems weider Spuermoossname gestëmmt gi waren. © Louis Gouliamaki/AFP

Mat AFP an Indymedia Griicheland (65/35)

Ähnlech Sujeten Alexis Tsipras, Däitschland, Europa, Griicheland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel