Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zoff zu Hong Kong
Neiegkeeten

Zoff zu Hong Kong

De Staatsrot zu Peking huet esou lues d‘Nues voll mat

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
Neiegkeeten

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op
Neiegkeeten

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op

D‘USA a Russland hunn en neien Atomwaffenentwécklungsprogramm, China hat säin

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

Nei fir d’Rentrée 19/20: De BTS „Assistant médico-administratif“

De Maacher Lycée wäert bei der kommender Rentrée 2019-2020 mam BTS „Assistant médico-administratif“ eng nei Formatioun ubidden. Heibäi ginn d’Schüler villsäiteg ausgebilt, sou datt si op de Beruff als performant administrativ Assistenz mat technologesche Kompetenzen am medezinesche Secteur (Dokterpraxen, Altersheimer, Laboratoiren, avm) virbereet ginn.

De medezinesch-administrativen Assistent gëllt administrativen Arem vum Dokter an këmmert sech ëm den Accueil, sou wéi d’Dossiere vum Patient. D’Formatioun ass fir all Persoun zougänglech, déi ee vun de folgenden Diplomer huet:

  • Lycéesidplom (Technique oder Classique)
  • Diplom als Techniker vun der administrativer a kommerzieller Divisioun
  • Diplom am Beräich Hotel an Tourismus (ënner verschidde Konditiounen)
  • Een auslänneschen unerkannten a gläichwäertegen Diplom

Wien interesséiert ass muss seng Kandidatur a Form vun engem Dossier eraschécken. Uschléissend kënnt een Entretien, sou wéi eventuell Prüfungen an de Sproochen. D’Aschreiwung fannt Dir op der Säit vum Lycée a muss bis spéitstens de 15. Juli am Sekretariat agereecht sinn.

Méi zum BTS

An de meeschte Fäll kritt een den Diplom vum BTS (Brevet de technicien supérieur) no 2 Studiejoer. Doduerch gëtt eng héichwäerteg professionell Qualifikatioun bewisen, wouduerch ee sech direkt um Aarbechtsmaart integréiere kann. Donieft kritt een och d’Dieren opgemaach fir weider Studien, wéi beispillsweis een uschléissende Bachelor.

Bis ewell gëtt de BTS an 13 Lycéeën ugebueden an presentéiert divers Virdeeler:

  • Ee verstäerkten Encadrement am Verglach zur Universitéit
  • Eng virun allem praktesch Formatioun, déi sech u konkrete Projeten orientéiert
  • Gutt Preparatioun op dat spéidert Aarbechtsliewen, duerch Stagen an den Echange mat Professionellen
  • D’Formatioun ass spezialiséiert op de gewielte Beräich
  • Eng uschléissend Spezialisatioun ass breet gefächert. De BTS proposéiert 30 Spezialisatiounen a 6 Beräicher: Handwierk, ugewannte Konscht, Commerce, Industrie, Gesondheet, Service.
Ähnlech Sujeten Assistant médico-administratif, BTS, Formatioun, Maacher Lycée, Rentrée 2019/2020
Nächsten Artikel Virrechten Artikel