Search

You may also like

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau
Neiegkeeten

Polen: Modelleisebunnsaustellung zu Krakau

De leschte Weekend (2. an 3. Februar) huet zu Krakau

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018
Neiegkeeten

Déi grouss politesch Erausfuerderunge fir 2018

Ofgesinn datt 2018 Chamberwahlen ustinn, gëtt et fir d‘Regierung nach

Mann an der Musel erdronk
Neiegkeeten

Mann an der Musel erdronk

Fir de 45 järege Camionschauffer aus Rumänien, ass um Samschdegowend

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum Syndikat vun de Stied an de Gemengen zu Lëtzebuerg (SYVICOL) aleedend op deels ënnerschiddlech Punkten agaangen. Am Mëttelpunkt stoungen do d‘Aussoe vum President Emile Eicher am Bezuch op d‘Sich no der zukünfteger Roll den de Gemengen am Unterrechtswiesen. Dat no enger Entrevue mam zoustännege Minister Claude Meisch (DP)

A senger Ried zur Begréissung huet sech de SYVICOL-President Emile Eicher héich erfreet doriwwer gewisen, datt dem SYVICOL zanter dem leschte Juni alles an allem 11 Gesetz- a Reglementsprojete fir eng Stellungnam virleien. Deem war d‘Zouso vum Premierminister Xavier Bettel (DP) virausgaangen, de Gemengesyndikat zukünfteg méi staark an Legiferatiounsprozedur anzebannen.

Vu Pompjeeën a Parkméiglechkeeten

Beim éischte Punkt op Dagesuerdnung, ass et ëm den Entworf vum groussherzogleche Reglement iwwer d‘Berechnungsmodalitéite vun der finanzieller Géigeleeschtung am Fall vun der Iwwernam vun den Asazzenter vun de Pompjeeën a Rettungsdéngschter (CIS) duerch de CGDIS gaangen. Dat sief et am Kontext vum „Vollbesëtz“ mëttels Baurecht (droit de superficie) oder Pachtvertrag (bail emphytéotique).

Dovunner sinn uechtert Land ronn 15 Asazzenter vun de Kategorien III a IV betraff. Schonn a senger Sëtzung vum 10. Juli hat sech de Virstand domatter befaasst, well et hei Bedenke ginn huet. Ee vun den Haaptkritikpunkten deemools: de Virentworf vum groussherzogleche Reglement huet eng Rei Froen opgeworf, déi nëmmen unhand enger Rei Zousazerklärunge säitens dem CGIS ze beäntwerte waren. Et sinn esou zimlech all d‘Remarken an Ännerungsvirschléi, déi de SYVICOL an sengem Gutachte virbruecht hat iwwerholl ginn, esou dat der eestëmmeger Zouso vum Virstand näischt méi am Wee gestanen ass.

Uschléissend ass d‘Gutachten zum Entworf vun engem groussherzogleche Reglement hisichtlech der Schafung a Notzung vun enger Parking-Kaart fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit eestëmmeg ugeholl ginn. Dat neit Regelwierk ersetzt dat vum 31. Januar 2003 a gesäit vir, datt déi genannte Kaart ausschliisslech un Awunner vergi gëtt, esou wéi dat och Europawäit de Fall ass. Och der Digitaliséierung gëtt hei Rechnung gedroen. Bei der Demande ass en neiaartegt medezinescht Gutachten auszestellen an dat neit Erscheinungsbild gesäit en Hologramm vir.

Europa a seng Regiounen

Eestëmmeg ugeholl gouf och d‘Erneierung vun der Besetzung vum sougenannten europäeschen Ausschoss vun de Regiounen. D‘Mandater vum Simone Beissel, Roby Biwer, Tom Jungen, Romy Karier an Aly Kaes, esou wéi vun de Suppleante Liane Felten, Linda Gaasch, Gusty Graas, Carole Hartmann an Cécile Hemmen sinn erneiert ginn.

SYVICOL

Um Méindeg huet och de Virstand vum Syndikat vun de Stied an de Gemengen zu Lëtzebuerg seng politesch Rentrée gemaach. © SYVICOL

Mam Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun, esou de SYVICOL-President Emile Eicher, kéint Lëtzebuerg an Zukunft e weidere Vertrieder an den Ausschoss, dee säi Sëtz zu Bréissel huet an 1994 am Kader vum Maastricht-Vertrag gegrënnt gouf, schécken. Mat dësem Schratt géif déi Lëtzebuerger Delegatioun nees seng ursprénglech Stäerkt vu sechs Persounen erlaangen.

Verantwortung an der Bildung iwwerhuelen

Am Folgenden ass dem Emile Eicher op d‘Entrevue mat der Ministesch fir Gläichstellung tëscht Mann a Fra, Taina Bofferding (LSAP), esou wei virun allem op déi mam Minister fir Bildung, Kanner a Jugend, Claude Meisch, agaangen, déi am Kontext vun der politescher Rentrée stattfonnt hunn. Dobäi ass et ënnert anerem ëm den Thema Verantwortung an dorëms gaangen, datt d‘Léierpersonal jo elo net méi de Gemengen ënnerstallt ass, wéi et den Emile Eicher formuléiert huet.

Mat de Wierder „Wat ass déi zukünfteg Roll vun de Gemengen am Schoulberäich a wéi ee Matsproocherecht hu mir nach?“, huet hien ugereegt, sech Gedanken iwwert déi zukünfteg Ausriichtung am Unterrechtswiesen ze maachen. Eng Aarbechtsgrupp wäert sech gläichfalls mat dësem fir d‘Gemenge wichtegen Thema befaassen.

Sécherheet ass e permanente Sujet

Virun der Virstandssëtzung vun e Méindeg huet eng Aarbechtssëtzung mam Marc Hansen (DP), dem zoustännege Minister fir den ëffentlechen Déngscht ginn. Hei stoung ënnert anerem den Thema Sécherheet an de Schoulgebaier a Maison Relais an esou d‘Zoustännegkeetsverdeelung tëscht der Aarbechtsinspektioun (ITM) esou wéi dem „Nationale Service zur Sécherheet am ëffentlechen Déngscht“ (SNSFP) op der Dagesuerdnung.

D‘gemenge wëllen an dësem Zesummenhang endlech Kloerheet, esou den Tenor vum Emile Eicher. D‘Tendenz geet dann och a Richtung „Nationale Service zur Sécherheet am ëffentlechen Déngscht“. „Mir hunn dëse Sujet ausgibeg mam Marc Hansen diskutéiert, esou de SYVICOL-President weider. De Minister hätt vollst Verständnis fir d‘Uleies vun de Gemengevertrieder an versprécht, zesumme mat de betraffenen Instanzen eng Léisung ze sichen, esou den Emile Eicher ofschléissend.

Matgedeelt vum SYVICOL, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Um Méindeg huet och de Virstand vum Syndikat vun de Stied an de Gemengen zu Lëtzebuerg seng politesch Rentrée gemaach. © SYVICOL

Related topics Emile Eicher, Maison Relais, Schoul, Sécherheet, Syvicol, Verantwortung
Next post Previous post