Search

You may also like

Vianden Tattoo Convention 2019: Wëllkomm op der Ink-Party!
Kultur Neiegkeeten

Vianden Tattoo Convention 2019: Wëllkomm op der Ink-Party!

Vergaangene Weekend hunn zu Veianen am Kulturzentrum Larei nees Tätowéier-Maschinne

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op
Kultur Neiegkeeten

Mali: No Meuterei gëtt de President säi Mandat op

Zaldoten hunn den Ibrahim Boubacar Keïta, President vun dësem westafrikanesche

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!
Kultur Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Märd Alors!!!

De Jhemp Hoscheit huet nees seng satiresch Fieder gezéckt an

D‘Rentrée Culturelle setzt op Neel mat Käpp

D‘Rentrée Culturelle setzt op Neel mat Käpp

De neie Pavillon zu Venedeg, d‘Joer vum Patrimoine 2018, d‘Subsiden an déi nei Modalitéiten am musikaleschen Enseignement, waren déi grouss Sujete vun der „Rentrée Culturelle“. Wichteg Themen och fir de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt.

Hei war dann och gewuer ze ginn, datt de Premier a Kulturminister Xavier Bettel zu Venedeg Neel mat Käpp gemaach huet. De Lëtzebuerger Pavillon plënnert a kritt an der „Sale d‘Armi“ vum Arsenal säin neit Doheem. D‘Fläch verduebelt sech dann och op 240 Quadratmeter an de Bail leeft iwwer 20 Joer. De Präis fir d‘Locatioun bedréit 1,2 Milliounen Euro. Interessant ass, datt de neie Sall, deen um éischte Stack geleeën ass, vun zwou Säiten accessibel ass, an een net un eisem Pavillon laanscht kënnt.

Biennale vun der Architektur

Och wann de Lëtzebuerger Pavillon net den Architekte virbehalen ass, an esou och d‘Kënschtler hei hir Wierker sollen der Ëffentlechkeet zougänglech maachen, dann ass et trotzdeem d‘Architektur, déi sech als éischt weise wäert. Am Kader vun der Biennale vun der Architektur 2018, déi ënnert dem Motto „Free Space“ vum 26. Mee bis den 25. November stattfënnt, huet d‘Andrea Rumpf vum „Luxemburg Center for Architecture“ (LUCA) mam Florian Hertweck (UNI.LU) éischt Detailer vun der Ausstellung virgestallt. Interessant ass, datt d‘Organisateuren dës Kéier, mam Averständnes vum Kommissär, op d‘Ausschreiwung verzichten.

Domatter läit d‘Koordinatioun, d‘Organisatioun, esou wéi d‘Konzeptioun an d‘Produktioun an den Hänn vum LUCA. Déi hunn sech bei dësem Projet mat der Universitéit Lëtzebuerg, zesummegedoen, vir der Erausfuerderung Här ze ginn. Erausfuerderungen déi virun allen um kuratoreschem, inhaltlechen a wëssenschaftlechem Niveau ze begéine sinn.

Zwee grouss Themen

De lëtzebuergesche Bäitrag zu der Biennale wäert sech op zwee grouss Theme festleeën: Déi nohalteg Notzung vum Buedem an d‘Ausdifferenzéierung vun der Wunnsphär am Gesellschaftleche Wandel. Fir Lëtzebuerg mat senge beschränkte raimleche Ressourcen a bei rasant steigendem Bedarf u Wunnraum, sinn d‘Theme vun zentraler Bedeitung. Et gëllt Äntwerten op dës zentral Froen ze fannen an de Projet fir d‘Biennale soll dozou bäidroen, onerwaarte Raim ze schafen, déi Gemeinschaftleches an Integratioun verbannen, dat ass den Usproch deen de Projet erhieft.

Begleet gëtt de Projet vun engem Gremium vun Experten, déi an der Architektur-Zeen bekannt sinn. Dat sinn: De Alain Guillheux, d‘Christine Muller, d‘Anh-Linh Ngo, d‘Véronique Patteeuw, d‘Beatriz Ramo, den Nico Steinmetz an de Frank Vansteenkiste.

D‘Mosaike vun der Réimervilla

Nodeems déi europäesch Institutiounen am Mee d‘Joer 2018 zum Joer vum Patrimoine erkläert hunn, ass dann och all EU-Land ageluede matzemaachen. Zil wier et, d‘Bierger ze sensibiliséieren an dat net eleng am Beräich vun der Architektur, mee wuel och dem Patrimoine „mobilier“, „immateriel“ an „archéologique“.

D‘Bierger wieren häerzlechst ageluede, deel ze huelen. Wéi a wat den eenzele ka maachen, dat gëtt am Kader vun engem „Kick-off“ Event an der Abtei Neimënster, dësen 29. September dem grousse Public verroden. Et sollen esouguer de Coordinateur vun der Kommissioun an deen aus Däitschland uwiesend sinn.

Wichteg wier och, datt eng zéng dausend Mosaikstécker vun der Réimervilla an d‘Frankräich, op Soissons verschéckt goufen, fir gebotzt, gefléckt an nees zu engem Ganzen zesummegesat ze ginn. De Guy Arendt wëll dann och an de nächste Wochen de Fortschrëtt vun den Aarbechten op der Plaz iwwerpréiwen.

Subsiden a musikaleschen Enseignement

Déi ganz Demarchen déi e Kënschtler muss maache fir e Subsid ze kréie sollte méi einfach ginn, an wéi et de Staatssekretär erkläert, schéngt dat elo och de Fall ze sinn. Villes ass aktualiséiert ginn, Kritäre sinn kloer an explizit um Site nozeliesen, d‘Formulaire kann een elektronesch ausfëllen an eraginn. Dat bescht dierft dann awer de „Guichet Unique“ sinn, deen engem misst kënne weiderhëllefen: subsides@mc.etat.lu / Tel: 247-86615.

Beim musikaleschen Enseignement ass gewuer ze ginn, datt ausser dem Fait all d‘Schoulen déi bescht sinn, fir d‘Joer 2016/17 1.149 Demandë fir Ënnerstëtzung ugeholl gi waren. Och hei soll et eppes méi einfach ginn. D‘Demande kann iwwert www.guichet.lu ausgefëllt ginn. Zudeem kann dës Hëllef mat de Cheques-Service kumuléiert ginn.

De MUDAM kritt viraussiichtlech an den nächsten Deeg a Wochen en neien Direkter. Kandidature leie vir, wéi de Paul di Felice ganz zefridde bestätegt huet. Op ënnert de Kandidaten dann och déi eng oder aner Lëtzebuerger Kandidatur ass, war déi Fro déi grenz vun der Blasphemie iwwerschratt hat. An et war net no engem Numm, nach et emol no engem Geschlecht gefrot ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Paul di Felice, Mudam; Nancy Braun, Casino de Luxembourg; Florian Hertweck, Universitéit Lëtzebuerg; Andrea Rumpf, LUCA; Guy Arendt, Staatssekretär; Gilles Lacour; Kulturministère; Beryl Bruck, Coordinatrice Joer vum Patrimoine. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Related topics Biennale, Guy Arendt, Kultur, Patrimoine, Venedeg
Next post Previous post