Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op
Neiegkeeten

Spideeler an Dokter-Praxen ab e Méindeg nees op

Ab e Méindeg, de 4. Mee dierfen all Medeziner, sief

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus
Neiegkeeten

Syrien: A 5 Deeg stierwe 400 Zivilisten vrun den Diere vun Damaskus

Iwwer 400 Doudeger, wouvunner eng 100 Kanner, sinn zanter e

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?
Neiegkeeten

Däitschland: 900 Euro Grondrent, geet dat?

Bei eisen däitschen Noperen ass et de sozialisteschen Aarbechtsminister Hubertus

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert

Rentrée 2020/2021: E Maximum u Presenz gëtt gefuerdert

De Changement vun normalem Cours ob SchoulDoheem, Unterrecht a Wiesselklassen ab dem 4. Mee a schliisslech nees komplette Klassen, huet virun der grousser Vakanz fir Opreegung gesuergt. An dësem Kader hunn haut de Moien d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiounsminister Claude Meisch zesumme mat den Experten Laetitia Huiart vun der Gesondheetsinspektioun an dem Paul Wilmes vun der Uni.lu de Rapport zur Schoulzäit wärend der Pandemie presentéiert. A wéi wäert d’Rentrée 2020/2021 verlafen?

D’Etüd, déi vun enger multidisziplinärer Ekipp aus Wëssenschaftler a Pedagogen zesummegestallt ginn ass, huet besonnesch d’Infektiounen an d’Kontaminatioun an den nationale Schoulen am Fokus. Et baséiert ee sech op den aktuelle Stand vun der Fuerschung, Statistiken zur genereller a schoulescher Populatioun, sou wéi op Analysen zur Quarantaine.

Schoulen

(v.l.n.r.) Paul Wilmes, Université du Luxembourg (Luxembourg Centre for Systems Biomedicine); Laetitia Huiart, Gesondheetsinspektioun © MENEJ

Dobäi huet ee sech op 93.150 Schüler aus verschidden Etablissementer – Schoulen, déi den nationalen an internationale Programm ënnerriichten a Privatschoule mat nationalem Programm – an op 11.667 Enseignanten bezunn. D’Gesondheetsministesch berouegt, datt d’Iwwerdroung vu Kand zu Kand an de Schoule rar a keng Haaptinfektiounsquell ass.

Generell wier an den edukativen Etablissementer de Risiko sech unzestiechen, net méi héich wéi op beispillsweis op der Aarbecht oder Plaze, wou ee seng Fräizäit verbréngt. Trotzdeem kann een déi sanitär Moossnamen an Hygiènesmesuren net ewech fale loossen.

Säit Mëtt Juni ass den Afloss op d’Enseignanten bal méi geréng, wéi am Rescht vun der aktiver professioneller Populatioun. Kanner a Jugendlecher louche seelen am Spidol wéinst enger Covid-19-Infektioun oder hunn u Komplikatioune gelidden. Den effektive Reproduktiounstaux louch am Fondamental bei 0,20, wärend een am Secondaire op 0,38 komm ass.

Am Ganze goufen 424 positiv Fäll am schoulesche Milieu diagnostizéiert. Vun hinne waren der 73 (17,2 %) net present an der Schoul, beispillsweis duerch hir Léier, Vakanz oder se duerften Doheem bleiwen).

Schoulen

Rapport “L’école face à la COVID-19 au Luxembourg”

Preparatioune fir d’Rentrée am September

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet drop higewisen, datt mir de Virus bis zur Rentrée wuel kaum besiigt wäerten hunn. Ëmsou méi wichteg wier et den Ëmgang mat der Pandemie ze léieren an ze verënnerlechen, wéi een an dëser sanitärer Kris liewen, léieren an ënnerriichten soll.

„Zil ass et op e Maximum d’Rescht op Bildung ze garantéieren an eng maximal Sécherheet fir Schüler an Enseignanten ze bidden. Mir brauche kloer Reegelen, fir datt d’Schoulen esou normal wéi méiglech fonctionnéieren.“

Wat een aus der Pandemie geléiert huet

D’Plattform SchoulDoheem war wärend dem Confinement déi eenzeg méiglech Alternativ, fir nach eenegermoossen Wëssen un d’Schüler vermëttelen ze kënnen. Ersetze kann déi digital Moossnam déi physesch Presenz am Cours awer net. Wärend déi eng all noutwenneg Mëttel zur Verfügung haten, schnell verstanen, vill geléiert a vläicht och Hëllef vun den Eltere krute, konnt nach laang net all Schüler vun esou engem Encadrement profitéieren. Verschidde Schüler hunn doduerch Benodeelegungen erlieft.

Natierlech gouf och bemierkt, datt Kanner a Jugendlecher de Kontakt zu de Klassekommerode brauchen. Ouni de sozialen Niveau dreet och de jonke Bierger e Réckgang vun der mentaler a psychescher Gesondheet.

Schoulen

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert © MENEJ

Fir d’Rentrée 2020/2021 gëtt soumat geplangt, datt d’Course stattfannen an e Maximum u Presenz an de Klasse gefuerdert gëtt, natierlech ënnert striktem Respekt vun de sanitäre Moossnamen. Zousätzlech Ënnerstëtzung gëtt deene Schüler gebueden, déi dës benéidegen, fir esou weider Ongläichheeten ze evitéieren.

Vulnerabel Schüler, déi net physesch um Cours kënnen deelhuelen, solle besser vun Doheem aus ënnerriicht ginn. Dës weideren soll an de Schoule staark op d’Recommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun opmierksam gemaach ginn. D’Informatioune ginn dobäi verständlech fir Kanner a Jugendlecher duergestallt.

Ma, och d’Sensibiliséierung vu Kanner a Jonken zu den Hygiènesreegelen steet am Virdergrond, sou wéi d’Informéiere vun Elteren am Fall datt Symptomer optrieden.

Zu gudder Lescht wier et nach wichteg, jee no Evolutioun, flexibel agräifen ze kënnen. Gëtt et beispillsweis ee positive Fall an enger Klass, soll just dëse Grupp a Quarantaine goen. Si méi Klasse betraff, kann d’Gebai zougemaach ginn.

De komplette Rapport fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: Educatiounsminister Claude Meisch © MENEJ

Ähnlech Sujeten Analysen, Claude Meisch, Educatioun, Educatiounsminister, Gesondheetsministesch, Infektiounsquell, Laetitia Huiart, Paul Wilmes, Paulette Lenert, Preparatioun, Rapport, Rentrée 2020/2021, Schoulen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel