Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op
Neiegkeeten

Vereenten Natioune gi jemenitesch Haaptstad op

Et ass dee Konflikt op der Welt, bei deem méi

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington
Neiegkeeten

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘europäesch Kommissioun huet zu Washington ugefrot fir kuerzfristeg eng Entrevue

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

D’Rentrée an d’Gemengewahlen hunn d’Stad voll am Grëff

De Stater Schäfferot stellt d'Neiheete vir

D’Rentrée an d’Gemengewahlen hunn d’Stad voll am Grëff

Zuelen iwwer Zuelen: Mat 4.953 Kanner (477 am Precoce – 1.275 Cycle 1 – 3201 – Cycles 2-4) ass eng liicht Hausse géintiwwer der Rentrée 2016/17 ze verzeechnen. Véier nei Schoule konnten iwwert de Summer fir d‘Rentrée fäerdeggestallt ginn. Ervirzehiewen ass laut der Schäffin Colette Maart (DP) dat neit Konzept, datt Schoul a Schoulfoyer verbënnt.

Iwwerhaapt wieren d‘Kapassitéite vun de Schoulfoyeren erhéicht ginn. Och de Precoce profitéiert vun dëse Strukture. D‘Colette Maart weist drop hin, datt och op modulär Strukturen zréckgegraff ginn ass. Domatter konnten awer 3.272 Kanner ageschriwwe ginn. All d‘Kanner, wou d‘Elteren alle béid schaffen, hunn hei eng Plaz fonnt a och kritt.

Ouni Stress an d‘Wahlkabinn

Fir d‘Gemengewahlen huet et an der Stad Lëtzebuerg 74 Büroen. Dräi heivunner sinn nei: een um Kierchbierg am Fleegeheem „Elysis“ (De Wahlbüro am Centre Polyvalent bleift bestoen), een am Hospice Civil zu Hamm, woubäi den Ierzewee ausnamsweis fir de Verkéier opgemaach gëtt. Da bleift nach de Büro am Quartier Pafendall, an der neier Schoul.

De Coordinateur fir d‘Wahlen an der Stad huet drop higewisen, datt all d‘Büroen och fir Mënsche mat reduzéierter Mobilitéit zougänglech sinn. Zudeem huet d‘Stad sech eng ganz Rëtsch nei Kabinnen mat Rideau zougeluecht. Fir déi Leit mat ageschränkter Siicht ass et nach ëmmer esou, datt si eng Vertrauenspersoun dierfe mat an d‘Kabinn huelen. E System mat „Schablounen“ ass nach bis op Weideres just als Projet an der Chamber.

Fir d‘Leit mat besonnesche Besoinen gëtt et de Wahlbus

Fir d‘Leit mat besonnesche Besoinen, mee och fir eeler Persounen, déi sech net aus eegener Kraaft bis an ee Wahlbüro kënne beginn, gëtt et de Wahlbus. Deen ass den 8. Oktober vun 8:00 bis 14:30 Auer am Asaz. Fir e gudden Oflaf sécher ze stellen an onnéideg Waardenzäiten ze vermeiden, sollen d‘Leit sech op der Hotline 4796-3845 umellen. Dëse Service ass gratis. Fir weider Informatioune kann ee sech och op www.vdl.lu ëmkucken. Méiglecherweis ass den ëffentlechen Transport an der Stad den 8. Oktober gratis.

Mobilitéit mat enger aner Approche

Am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch, déi nach bis den 22. September undauert, huet de Schäffe Patrick Goldschmidt (DP) de Projet „iBeacon“ virgestallt. Dësen Info-Projet war an Zesummenaarbecht an op Demande vu Leit, déi Blann sinn oder ganz schlecht gesinn, opgeholl ginn.

„iBeacon“ ass ee System op der Basis vu Geolokalisatioun, deen op 210 Busarrêten installéiert ginn ass. „iBeacon“ sinn kléng Bluetooth-Sender déi sech mam Client deen d‘App op sengem Smartphone installéiert huet a Verbindung setzt. Wann also de Client bei den Arrêt kënnt, kritt hien hei d‘Notifikatioun, déi him seet op wéi enger Haltestell ee Steet esou wéi de Numero an d‘Destinatioun vum nächste Bus. Och wéini dëse fiert gëtt engem matgedeelt. De Service ass während Woche vu Blanne getest ginn an elo och wierklech operationell. Eenzege Schwaachpunkt: bis ugangs 2018 kann een dëse Service, deen iwwert eng App (City App VdL) funktionéiert, nëmmen a Verbindung mat engem iPhone notzen.

Augmentéiert Realitéit

Et gëtt awer nach eng weider nei App: “VdL-AR“. Déi ass dann och nach am Ament net an der City-App dran a muss separat erofgeluede ginn. De Pilot-Projet, deen an Zesummenaarbecht vum Informatik-Service mam Bus-Déngscht, der Cinemathéik, der Fotothéik an der Ënnerstëtzung vum CNA ausgeschafft ginn ass, kann een als villverspriechend betruechten.

An enger éischter Phas si siwe Statioune mat der „augmented reality“ ze besichen.

Et dierft zudeem eng App sinn, vun där den LCTO (Luxembourg City Tourist Office) profitéiere kéint. An enger éischter Phas si siwe Statioune mat der „augmented reality“ ze besichen. Eng Kéier installéiert, kann ee mat der App, an deem een op den ausgewisene Plazen e QR-Code scannt, e ganze Batz Informatiounen iwwert déi Gebaier/Monumenter op sengem Smartphone erhalen. An enger éischter Phas, d‘App a seng Informatiounen nëmmen op franséisch sinn.

Just „ukomm“

Eng aner Innovatioun wennt sech besonnesch un all déi Leit, déi nei an der Stad ukommen, egal op Lëtzebuerger oder net, ass den „Just Arrived Ambassadors Club“ (JAAClub). Säit Abrëll offiziell eng asbl gëtt hei säitens der Stad eng Zesummenaarbecht ugestrieft. De Veräin organiséiert all Woch (ausser wa Schoulvakanz ass) ab dem 26. September, vun 8.30 bis 11:00 Auer um Integratiounsservice Entrevuen.

D‘Permanence gi vu Membere vum JAAClub assuréiert a stinn all deenen zur Verfügung déi Ënnerstëtzung bei Demarchen oder eng Orientéierungshëllef brauchen. Zousätzlech zu dësem Service, gëtt et Veranstaltungen, déi engersäits dozou solle bäidroen e Netzwierk opzebauen an anersäits den intercommunautairen Echange ze erliichteren. Weider Informatiounen um Site vun der Stad a vum Veräin.

De Bléck op d‘Zukunft

Wann d‘Fouer eriwwer ass, denkt de Lëtzebuerger automatesch schonn un de Wanter: de Chrëschtmaart fënnt dëst Joer vum 23. November bis de Sonndeg 24. Dezember op gewinnter Plaz statt.

Wéi et scho säit Jore praktizéiert gëtt, ginn um roude Pëtz och dëst Joer Chaleten opgeriicht fir de „Marché solidaire“ ze erméiglechen. Déi stinn de Veräiner an Organisatiounen zur Verfügung, déi fir de gudden Zweck Geld sammelen. Interessente sollten sech esou schnell wéi méiglech bei Service „Foire et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg mellen. (Kontakt: Mme Lamesch – Tel 4796-4299 – e-Mail: mflamesch@vdl.lu)

Gläiches gëllt dann och fir Handwierker an Hobbykënschtler, déi hir Wierker un de Mann, respektiv d‘Fra wëlle bréngen. Fir déi Leit gi fënnef Chalete bei der Gëlle Fra opgeriicht. Déi kann ee fir klengt Geld lounen, woubäi et natierlech och heescht: den Éischten ass vir. Hei kann ee sech beim Service „Foire et Marchés“ vun der Stad Lëtzebuerg mellen. (Kontakt: Mme Lamesch – Tel 4796-4299 – e-Mail: mflamesch@vdl.lu)

Bleift nach op den „Second-Hand“ Maart hinzeweisen, deen den 2. Dezember vun 9:00 bis 17:00 Auer an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg stattfënnt. Op gläicher Plaz zu de selwechten Zäiten ass dann um Sonndeg 3. Dezember de Floumaart. Och hei sinn d‘Aussteller/Participante gebieden sech hir Plaz beim Service „Foire et Marchés“ ze reservéieren. Präisser fir Standgeld an aner Informatioune kritt een dann och direkt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Colette Maart, Kaffi-Croissant, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Sam Tanson, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel