Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Disney-Fox Deal, erkläert
https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ 3 months of dating reddit

https://moien.lu/dating-high-functioning-alcoholic/

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun

https://moien.lu/catholic-online-dating-reviews/
https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ 3 months of dating reddit

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump:

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren
https://moien.lu/dating-jim-kirk-would-include/ 3 months of dating reddit

Et soll sech net nëmmen, et muss sech och eppes änneren

Am Kontext vum politesche Wëlle fir eng Reform vum Wahlgesetz,

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S

Italien: De Renzi nach ëmmer géint en Accord mat M5S

Dem Matteo Renzi seng Demissioun als President vun der Demokratescher Partei (DP) steet fest, mee de fréiere Premierminister stäipt sech géint all Accord mat de Wahlgewënner, der Bewegung 5 Stären (M5S). Dat ass engem Entretien ze enthuelen deen e Méindeg am Corriere della sera publizéiert ginn ass.

„Et gëtt keng Regierung déi vun M5S geleet gëtt, déi d‘Vertraue vun der DP kéint erhalen“, deklaréiert de Matteo Renzi, dee ganz oppe säi Refus zu engem eventuellen Accord mat der „Antisystem-Partei“ ausschwätzt. D‘Bewegung 5 Stären, huet sech awer zur éischter Partei vun Italien entwéckelt, wat sech och duerch 32,7% vun de Stëmmen ënnersträiche léisst.

Gespréicher mat der Koalitioun vun den extrem rietsen (37%), déi elo vum Matteo Salvini senger Liga ugefouert gëtt, wëll de Matteo Renzi och net. „Mir wäerte kengem als Krätsch zur Verfügung stoen et bleiwen do wou eis d‘Bierger higestallt hunn: an der Oppositioun“.

Sech op d‘Erneierung konzentréieren

De Matteo Renzi, deem seng Partei bei de Chamberwahlen op 18,7% komm ass, huet wéi gesot, säin Amt als Generalsekretär vun der Demokratescher Partei zur Verfügung gestallt. Hien huet allerdéngs och verséchert, datt hien net wëlles huet d‘Partei ze verloossen.

Um Méindeg Nomëtteg hat sech dann och d‘Spëtzt vun der PD zesummegesat, an de Maurizio Martina, Vizegeneralsekretär a fréiere Landwirtschaftsminister, ass beoptraagt ginn, d‘Geschäfter ze féieren. Dat emol mindestens bis zu Generalversammlung am Abrëll, wou d‘Erneierung vun der Partei soll agelaut ginn.

„Et sinn elo déi wou déi meeschte Stëmme kritt hunn, wou d‘Éier an d‘Flicht hunn d‘Land ze regéieren. Mir wäerten d‘Interesse vum Bierger aus der Oppositioun eraus verdeedegen“, esou d‘Positioun vum Maurizio Martina. „Un déi Kräften déi gewonnen hunn, just esouvill: dir hutt elo keng Entschëllegung méi. D‘Zäit vun der Propaganda ass eriwwer“.

Ënnerschiddlecher Opfaassung

Et gëtt also méi Stëmmen an der DP déi géint eng Koalitioun trommelen. Mee et ass dann do awer och eng „Minoritéit“ déi eng Koalitiounsregierung mat M5S net kategoresch ausschléisse wëllen. Et ass dann och net direkt ersiichtlech, firwat d‘Demokraten net wéinstens Sondéierungsgespréicher féiere wëllen.

An de President vun der Republik, Sergio Mattarella, dee seng Consultatiounen am Abrëll wëll féieren, huet eng schwéier Aufgab virun sech. Hien hat dann och schonn an der leschter Woch d‘Parteien opgeruff, sech Verantwortlech ze weisen. E Message deen déi italienesch Medien als Invitatioun fir d‘DP gesinn hunn, sech mat M5S ze „arrangéieren“.

„D‘Opriff zur Verantwortung sinn ëmmer nëtzlech, mee se riichten sech un déi grouss parlamentaresch Gruppen“, esou d‘Äntwert vum Matteo Renzi, deen un der Usiicht, datt et d‘Wahlgewënner sinn déi eng Regierung mussen zesummekréien, festhält.

M5S an d‘Koalitioun ënner der Leedung vum Matteo Salvini hunn „d‘Recht a vläicht esouguer d‘Flicht et ze versichen. D‘Souverainisten hunn dee selwechte Programm zu den Impfungen, Europa, Awanderung, d‘Steieren an d‘Administratioun. Sollen se dach hir Regierung bilden, wann et hinne geléngt“, esou de Matteo Renzi.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Italien, M5S, Matteo Renzi, Matteo Salvini, Maurizio Martina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel