Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“
Neiegkeeten

D‘ULC huet wéinst iwwerdriwwe Concert-Präisser Sträit mam „den Atelier“

Wann de Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ufänkt mat Bille gëtt et

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA
Neiegkeeten

Palestina kënnegt all d‘Ofkomme mat Israel an den USA

Et war ofzegesinn, datt d‘Pläng zur Annexioun vum Jordandall an

Cargolux: D’Belugaen fléien den 19 Juli an Island!
Neiegkeeten

Cargolux: D’Belugaen fléien den 19 Juli an Island!

Cargolux a SEALIFE Trust hunn elo den Datum fir den

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De Biergerdialog zur Reorganisatioun vum RGTR-Reseau

De ländlechen ëffentleche Verkéier (RGTR) gëtt bekanntlech net nëmme vum 1. Mäerz u gratis, nee dee gëtt och massiv reorganiséiert, an zwar schon zanter 2016. Grondsätzlech geet et heibäi dorëms, en equilibréierte Service um ganzen Territoire unzebidden. Bis Enn 2021 soll et ofgeschloss sinn.

Grousse wäert leeën se am Mobilitéitsministère op de Fait, datt den RGTR fir de Voyageur gutt liesbar, liicht ze benotzen a virun allem emol effikass soll sinn. Den Déngscht gëtt dann och nach bis 23 Auer verlängert, datt allerdéngs nëmme Samschdes a Sonndes op den Haaptstrecken.

Alles Changementer, esou de d‘Informatioun, déi immens Uspréch un d‘Organisatioun stellen. Et brauch eng besser Planifikatioun vun den Infrastrukturen, wéi d‘Busspuren, d‘Arrêten an de sougenannte „Pôle d‘Echange“. Wéi geplangt gëtt, op et Simulatioune gëtt? Kee weess et…

Wéi och ëmmer, déi éischt grouss Verännerunge soll et schonn am Mee 2020 ginn, also nach iert den neie Reseau vollstänneg am September 2021 steet. Dësen neie Reseau wëll den Transportminister François Bausch dem Vollek an de Lokalpolitiker héchstperséinlech virstellen.

Esou huet de Mobilitéitsminister eng Rei Rendez-vouse bekannt ginn:

  • 24. Februar Kulturzenter Cube521, zu Maarnech;
  • 26. Februar Zenter Roudemer;
  • 3. Mäerz Festsall vun der Primärschoul zu Iechternach;
  • 5. Mäerz Sall Nic Welter zu Miersch;
  • 9. Mäerz Géiss-Hal, Esch-Belval;
  • 16. Mäerz Däichhal, Ettelbréck;
  • 23. Mäerz Kultursall am Schlass zu Wolz;
  • 26. Mäerz Schoul- a Sportzenter „Gewännchen“ zu Réimech;
  • 30. Mäerz Multifunktiounszenter CELO, Hesper.

Dës Informatiounsversammlunge fannen all a Lëtzebuerger Sprooch statt, simultan Iwwersetzunge fir franséisch oder däitsch gi geleeëntlech ugebueden. Ufank ass och ëmmer 19 Auer, d‘Dauer vun enger Sëtzung gouf mat 90 Minutten uginn. Et ass do och erlaabt dem Minister Froen ze stellen.

Illustratioun: © Mitchell Johnson / unsplash

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Ëffentleche Transport, François Bausch, Mobilitéitsministère, RGTR, RGTR-Reseau
Nächsten Artikel Virrechten Artikel