Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
no profile pic on dating site Neiegkeeten

technology killed dating

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

11 difference between dating a girl and a woman
no profile pic on dating site Neiegkeeten

Dem US-President säi populistesche Wahlkampf

Op en neits muss sech den US-President dem Virworf vu

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!
no profile pic on dating site Neiegkeeten

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!

Um haitegen 21. Juni fënnt d’Summersonnewend statt. D’Sonn steet um

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?

Ëmstrukturéierung vum RGTR-Reseau: Gëtt elo alles besser?

Haut de Mueren huet de Verkéiersminister François Bausch, a Presenz vum Yan Steil, zoustänneg bei der Planung vun der Mobilitéit, an dem Alex Kies, Conseiller beim ëffentlechen Transport, déi nei Organisatioun vum RGTR-Reseau presentéiert. Duerch divers Verännerungen an de leschte Joerzéngten, dorënner beispillsweis de Bevëlkerungswuesstem an steigend Zuelen u Grenzgänger, huet ee missen ëmdenken an dat ganzt Netzwierk vun de Busser nei strukturéieren.

Am Joer 1978 ass de Régime Général des Transports Routiers (RGTR) gegrënnt ginn an huet esou den nationale Bus-Service ofgedeckt. Wéi een viru knapp 3 Joer feststelle konnt reesen all Dag iwwer 125.000 Passagéier mam Bus duerch eist Land, wouduerch grad dëse Service zu de wichtegsten Transportmëttel am Land gehéiert.

Elo muss een awer zouginn, datt och ee klengt Land wéi Lëtzebuerg dauerhaft am Wandel a vu Wuesstem, neie Besoinen an enger gewësser Entwécklung betraff ass. Den aktuelle Reseau ass ëmmer méi schwéier ze verstoen an ze liese ginn, d’Fuerpläng an d’Zäite vun de verschiddene Linne sinn net uneneen ugepasst, d’Nummeréierung oniwwersiichtlech an déi verschidde Busser sinn net un d’Kapassitéiten ugepasst. De Minister huet de Opbau als eng Aart Patchwork beschriwwen, an dem sou munches riicht gebéit muss ginn.

Esou koum et, datt 2016 den éischte Schrëtt zu Ëmstrukturéierung gemaach ginn ass. Duerch divers Etüden, Aarbechtsgruppen a Kritike vun de Gemengen an hire Bierger huet ee sech un d’Wierk gemaach, sou datt an Zukunft den RGTR-Reseau méi kloer ze verstoen an un eis momentan an zukünfteg Besoinen ugepasst ass.

Wéi d’Buslinnen ze verstoe sinn

Am Mee 2020 sollen déi éischt Servicer geännert ginn, am September 2021 wäert da schliisslech de ganze Reseau nei strukturéiert sinn. Folgendermoosse wäert de Reseau ausgesinn:

Déi éischt Zuel vun der Buslinn (1XX, 2XX, 3XX,…) bezitt sech op déi prinzipiell Axen. Dës Axen deelen sech esou op:

RGTR1XX: Norden
2XX: Osten (Iechternach)
3XX: Osten (Waasserbëlleg)
4XX: Osten (Réimech)
5XX: Süden (Thionville)
6XX: Süden (Esch-Uelzecht)
7XX: Süden (Péiteng)
8XX: Westen (Stengefort)
9XX: Westen (Réiden)

Déi zweet Zuel wäert sech op den Typ vum Service bezéien. Hei ënnerdeelt een de Reseau an d’Express-Buslinnen (X0X), primär (X1X) a secondär (X2X) Linnen, Transversal-Linnen (X5X) a lokal Linnen (X3X, X4X, X6X, X7X, X8X, X9X).

  • Express-Buslinnen X0X
    Dës Linne fueren op den Haaptaxen vum Land a verbannen esou d’Haaptpunke vun der Stad Lëtzebuerg an der Nordstad. Generell hunn dës Linne just een Arrêt an all Lokalitéit. Duerch déi wéineg Haltestelle sollen dës Linnen, wéi den Numm et och scho seet, schnell vun A no B kommen.RGTR
  • Primär a secondär Linnen (X1X, X2X)
    Dës Linne fueren op de wichtegsten Axen, fueren all Arrêt un a sécheren esou d’Verbindung an de Regiounen. D’Expresslinnen sollen esou gestäerkt ginn, woubäi déi secondär Linnen net bis bei d’Endstatioun vun der Axe fueren.RGTR
  • Transversal-Linnen (X5X)
    Heibäi handelt et sech ëm staark Linnen, déi wichteg Polen an de verschiddene Regioune verbannen, dobäi allerdéngs net duerch d’Stad Lëtzebuerg fueren. Besonnesch wichteg sinn dës Linnen am ländleche Raum.RGTR
  • Lokal Linnen (X3X, X4X, X6X, X7X, X8X, X9X)
    Heimat ginn ländlech Géigenden oder zuelräich wichteg Polen verbonnen. Zesumme mat den Express- an Transversal-Linne gëtt eng effikass Verbindung garantéiert.RGTR

Zouversiicht beim Minister

De finale Reseau soll, duerch all dës Ännerunge besser organiséiert, liesbar, effikass an einfach ze notze sinn. Kloer Verbindungen, ugepasst a reegelméisseg Fuerpläng an déi nei Nummeréierung sollen eng gewëss Logik an de Busverkéier bréngen. An engem soll dat ganzt Land, duerch verlängert Fuerzäiten (och um Weekend) equilibréiert vum ëffentlechen Transportmëttel ofgedeckt sinn. Esou soll een och am Éislek nach Sonndes Owes aus der Stad Heem kommen.

Am Kader vun der Ëmstrukturéierung hunn déi zoustänneg Ekippen natierlech och berécksiichtegt, datt verschidden Infrastrukture fir de Bus mussen nei oder anescht geplangt ginn. Heibäi muss beispillsweis d’Schaltung vun de Luuchten optimiséiert ginn, wat een duerch Geolokalisatioun wëll fäerdeg bréngen. Donieft mussen och weider Buscouloiren gebaut ginn, sou datt d’Linnen hir Fuerpläng anhale kënnen an net vum restleche Verkéier gestéiert ginn.

Heibäi soll gewosst sinn, datt ee sech just op den RGTR-Reseau, an net op de Schoulbus, Bummelbus an Anerer bezitt. Mat enger homogener Optik soll déi ganz Ëmstrukturéierung dann och nach schéin an zesummenhängend ausgesinn.

RGTR

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wat steet an Zukunft un?

Interessant ze wëssen – fir den een oder aneren – ass hei, datt momentan ganzer 234 Linnen (ouni Schoulbusser) am Land ënnerwee sinn a pro Joer 52.000.000 Kilometer zeréckleeën.

Vir déi kommend Woch huet de Minister geplangt de verschiddene Gemengen technesch Fichen auszedeele mat den detailléierte Pläng. Uschléissend hunn d’Gemenge 6 Wochen Zäit fir hir Remarken un de Ministère ze schécken. Enn 2019 soll de Plang da wierklech feststoen, woubäi een Ufank 2020 der Ëffentlechkeet de finale Reseau presentéiere wäert.

Am September 2021 wäerte schliisslech – wann alles dem Plang no leeft – d’Ëmstrukturéierung ganz ëmgesat sinn. Wéi de Minister Bausch matdeelt wäert bis 2030 de komplette Reseau elektresch sinn. Dëst Zil wier, eegenen Aussoen no, méi wéi realistesch.

Wéi den Alex Kies ofschléissend erkläert huet, wäert een ongeféier bei der selwechter Unzuel u Busser bleiwen. Et wäerten zwar manner Linne ginn, déi allerdéngs méi Kilometer am Joer fuere wäerten. Et wéisst een och, datt ee sech an Zukunft weiderhin un d’Entwécklung upasse muss an dës Ëmstrukturéierung wuel net déi lescht wäert sinn.

Opmaacherfoto: © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bus, ëffentlechen tr, Ëmstrukturéierung, François Bausch, Fuerplang, Mobilitéit, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel