Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Fir ze laachen, fir ze kräischen: En TV-Duell verwandelt sech zur Tragi-Komödie
Neiegkeeten

Fir ze laachen, fir ze kräischen: En TV-Duell verwandelt sech zur Tragi-Komödie

Et ass en trauregen, lächerlechen Héichpunkt vum Wahlkampf an der

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville
Neiegkeeten

Florida: 3 Doudeger bei Schéisserei zu Jacksonville

Wéi d‘Police matgedeelt huet, si während engem Videospill-Tournoi zwou Persounen

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Säit elo gutt dräi Joer gëtt un der Reorganisatioun vum generelle Regime vum Stroossentransport (RGTR) gedoktert. Et sinn Etüde gemaach an et huet Ateliere ginn, an alles gouf am ganze Land virgestallt. Et geet drëms datt ganzt eppes méi „flësseg“ ze maachen, mee bei de Gemenge trëfft d‘Propose vum Ministère net op Géigeléift.

Interessant un dësem Dossier – wéi et par ailleurs an ëmmer méi Fäll gehandhaabt gëtt – ass de Fait datt zu deene vun de Gemengen agereechte Positiounen, déi jo och Conclusioune mat sech bruecht hunn, well ee sech net äusseren. Zumindest net Ament wéi eis gesot gouf, mir sollen eis gedëllegen an déi dozou ze erwaardend Pressekonferenz ofwaarden.

A punkto Kommunikatioun net déi galantst Aart a Weis ze Äntwerten, besonnesch wa gewosst ass, datt et do Gemenge gëtt déi hiren „Avis“ längst am Netz verbreet hunn. Sech domatter ze beschäftegen ass wuel eppes opwänneg, dofir sinn d‘Positiounen zur Reorganisatioun vum RGTR nawell zimlech eendeiteg, firwat een nach méi virwëtzeg gëtt wat d‘Conclusioune betrëfft.

Wéi och ëmmer, d‘Bierger an d‘Press sollen sech bis Ufank 2020 gedëllegen, da gëtt déi ominéis Reorganisatioun, déi schonn am Mee soll duerch- an ëmgesat ginn. Leider ass – Internet mécht et méiglech – elo scho gewosst, datt et eng Rei Gemenge gëtt, an deenen ee fäert, datt de Service éischter erofgeschrauft wéi dann tatsächlech verbessert sollt ginn.

Positiv denken

Elo ass et dann awer net esou, wéi wann un dësem partiell onbekannte Remaniement vum RGTR alles schlecht wier. Et gëtt Positives: esou d‘Express-Linnen, déi zesumme mam Eisebunnsnetz en zentraalt Standbee vum neie Reseau duerstellen. Aneres, esou d‘Meenung vun enger Rei Lokalpolitiker kéint allerdéngs derzou féieren, dat d‘Leit nees den Auto huelen.

Déi wichtegst Reklamatioune bestinn doranner, datt gefaart gëtt, den RGTR géif Zukünfteg net méi d‘Arrêten an de Wunngéigenden ufueren. An Arrêten, wéi beispillsweis an den Industrie- an/oder Aktivitéitszonen, komme guer net vir. Zousätzlech sollen och nach Direktverbindungen (Beispill: Wuermer – Munneref – Belval-Universitéit) ofgeschaaft ginn.

An dem 400 Säite schwéieren Dokument dat de Ministère un d‘Stied a Gemenge geschéckt huet, fannen sech d‘Gemenge seelen erëm, besonnesch déi wou sech am ländleche Raum „verstoppen“. A wann déi eng sech Kappzerbrieches driwwer maachen, jo esouguer proposéieren, datt wann ee „grousse Bus“ net ausgelaascht ass, ee jo méi kleng Gefierer kéint asetzen, dann ass dat en Detail.

Wierksverkéier

Bosseg och, datt de Mobilitéitsministère – deen eigentlech d‘Aarbechter op den ëffentlechen Transport brénge wëll – d‘Linnen déi d‘Produktiounsstanduerter (Biissen, Contern, Steesel oder Kolmer-Bierg) ufuere sollen ewech falen. Déi sinn awer immens wichteg, besonnesch fir all déi wou op Schichte schaffen. Mee vläicht gëtt et jo Alternativen.

E weidere Problem deen ze erkennen ass: d‘Anhale vun den Horairen, an de Fait datt et soll RGTR-Busser ginn, déi Leit an Dierfer wuel erausklamme loossen, hei awer kee mathuelen, wéi et säitens der Gemeng Koplescht behaapt gëtt. Datt a villes méi hu se um Ministère ëm d‘Ouere geschloe kritt an net jidderee wäert eng Äntwert erhalen.

Stellt dann nees d‘Fro firwat ëmmer muss esou ee Gedeessems gemaach ginn. An Zäite wou d‘Kommunikatioun schnelllieweg ass an den Dialog als „ustrengend“ betruecht gëtt, sollt een de Bierger, esou wéi et versprach war, déi Transparenz gewähren déi ee sech selwer ofverlaangt huet.

Foto: Wat brauch een e Bus wann ee Rollschong huet (Ryan McGuire / Pixabay)

Dokumenter zum Artikel

Ähnlech Sujeten Bus, Ëffentlechen Transport, Mobilitéitsministère, Reorganisatioun, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel