Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika
Meenung Neiegkeeten

En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika

Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!

Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)
Meenung Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 2)

De Wee doduerch: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

Fir eng pedagogesch sënnvoll a kandgerecht Reouverture vun der Schoul

Fir eng pedagogesch sënnvoll a kandgerecht Reouverture vun der Schoul

déi lénk deelen d‘Bedenken an d‘Reserve vun de Gewerkschaften aus dem Beräich vun der Bildung an Erzéiung. De Minister Meisch huet an enger „diktatorescher“ Aart a Weis säin „Haffstaat“ zesummegeruff an dekretéiert, datt d‘Grondschoulen a Betreiungsariichtungen eng Woch virun der Päischtvakanz hire Betrib ophuele sollen.

Mir hätten eis gewënscht, datt de Minister Meisch, am Dialog mam betraffene Personal an de Gemengen, d‘Konditioune fir eng Reouverture vun de Bildungs- an Erzéiungsstätten op Aenhéicht diskutéiert an all Méiglechkeeten erläutert hätt, fir dann, koherent an eenheetlech, eng Léisung ze fannen, déi pedagogesch sënnvoll an de Bedierfnisser vun de Kanner gerecht gewiescht wier.

Stattdessen huet de Minister dekretéiert an esouguer dem Schoulpersonal virgeschriwwen, wéi et den Unterrecht ze gestalten huet. Ënnert dem Motto „Back to Basics“ ginn déi sougenannt Haaptfächer nees an de Mëttelpunkt gestalt, als Frontalunterrecht an der „A-Woch“, an als Drumme vun Übungen an der „B-Woch“. An Zäite vun der allgemenger Veronsécherung stellen sech Kanner aner, existenziell Froen. Dat geschoulte Personal kennt d‘Bedierfnisser vun hire Kanner, an déi sollten am Mëttelpunkt stoen.

Enseignanten a Erzéier, wéi och d‘Eltere befierchten, datt duerch all déi ongewéinlech Verhalensreegelen, d‘Andeelung vum Schoulgebai an dem Schoulhaff a Secteure, déi Distanzreegelen am sozialen Ëmgang mat de Klassekomeroden am dem Personal, vill Kanner trotzt de Virfreed nees dierf an d‘Schoul goen ze dierfen, ängschtlech a veronséchert sinn.

D‘Betreiungspersonal ass ugewise ginn, esou oft wéi méiglech mat de Kanner „no baussen“ an d‘Natur ze goen. Am Ofstand vun 2 Meter an ouni Kontakt? De Minister Meisch sollt emol selwer eng Grupp vu fënnef kleng Kanner betreien an en erfrëschende Bëschspadséiergang maachen.

Déi sech am Stonnerhythmus verännerend Uweisungen, zeg Ofwäichungen, déi an der enger Schoul geneemegt ginn, an enger anerer net, hunn an de leschten zwou Wochen zum totale Chaos gefouert an Onmutt beim Personal an den Direktioune gefouert an zur Veronsécherung vun den Elteren. Schlecht a widderspréchlech Kommunikatioun, feelerhaft Formulairen, extrem kuerz Deadlinen, enormen Zäitdrock; dat alles ass d‘Resultat vun enger schlecht duerchduechter Aktioun.

Fakt ass, datt a Krisenzäite virun allem den Dialog, den Austausch an eng intelligent Kooperatioun néideg sinn an autoritäert Opgeféiers feel op der Plaz ass. Wien eleng herrscht, muss och eleng d‘Konsequenzen droen. An dësem konkrete Fall, fanne mir d‘Verhale vum Minister Meisch inakzeptabel!

déi lénk verlaangen, datt bis zum 8. Juni 2020, dem Dag vun der Reprise vum Unterrecht no der Päischtvakanz, zesumme mat alle Bedeelegten – Bildungs- an Erzéiungspersonal aus de Schoulen an de Maisons Relais, esou wéi mat den Elterevereenegungen – e Bilan muss gezu ginn. Da muss, opgrond de gesammelten Erfarungen an neie wëssenschaftlechen Erkenntnisser, wat Ustiechungsgefor a Verbreedung vum Virus bei Kanner ugeet, kloer Entscheedungen am Bezuch op eng pedagogesch sënnvoll an kandgerecht Weiderféierung vun engem normale Schoulbetrib getraff ginn!

Dem Bildungs- an Erzéiungspersonal wënsche mir vill Kraaft, Ausdauer a Verständnis fir déi kommend Wochen. Passt op iech op a follegt ärem gesonde Mënscheverstand an der Ausübung vun ärem wichtege Beruff.

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Illustratioun: © Marvin Meyer / unsplash

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, déi lénk, Educatiounsminister, Enseignement, Erzéier, Gewerkschaften, Maison Relais, Pedagogen, Schoul, Schoulpersonal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel