Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
International Neiegkeeten

Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!
International Neiegkeeten

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!

Elo kann de Summer kommen: Mat neie Moossnamen am Transport,

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann
International Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum Shoppingzenter am Gaasperecher Bann

Et ass vollzunn, am Gaasperecher Bann huet den neie „Shoppingzenter

Reporter ouni Grenze gesäit d‘Pressefräiheet an Europa a Gefor

Reporter ouni Grenze gesäit d‘Pressefräiheet an Europa a Gefor

Schonn am Bericht 2018 hat d‘ONG Reporter ouni Grenzen (RSF) op déi verännert Situatioun fir d‘Pressefräiheet an Europa higewisen. Systematescht drangsaléieren, Bedreeungen an Hetz wieren den neien Alldag vu ville Journalisten an der europäescher Unioun. Et ass net besser ginn…

Am RSF-Bericht zur Lag vun der Pressefräiheet 2019, ass ze liesen: „Déi systematesch Hetz géint Journaliste feiert dozou, datt der ëmmer méi an engem Klima vun der Angscht schaffen“. Ganz Batter ass hei de Fait, datt sech dës Ausso besonnesch op esou Länner bezitt, déi am internationale Verglach, eigentlech ëmmer „gutt do gestanen hunn“. Direkt betraff d‘Länner vun der Union.

Mee et ass net eleng an Europa de Biergof gaangen, och an den USA ginn onbequem Journaliste verstäerkt bedrängt, bedreet an deels op oppener Strooss ugegraff. E Bild dat sech esou op déi ganz Welt uwenne léisst, an engem sollt ze denke ginn. Et ass net nëmmen esou datt kee fir gudde Journalismus bezuele wëll, et ass esou datt net alles wat „engem geschenkt gëtt“ Journalismus ass.

Reporter

Illustratioun © RSF

Um Fait, datt an Europa d‘Pressefräiheet zumindest ënner „Drock“ steet, wieren an éischter Linn Hetzcampagne vu populistesche Politiker schold. Dat kann een, bezunn op d‘Länner aus dem Osten, esou duerchaus bestätegen, mee generell gehéiert den Denigrement zum strategesch-politeschen Arsenal vun de Populisten, Nationalisten an anere faschistesch ausgeriichte Mouvementer.

Woubäi am Zäitalter vun „alternative Fakten“ och déi traditionell „Medien“ hire Bäitrag geleescht hunn. Net eleng datt an Europa e puer „Familljen“ sech d‘Mediewelt opdeelen, an ganz aner Ziler wéi „Journalismus“ verfollegen – wat et gutt Argument fir d‘Bezeechnung „Ligepress“ ass – si hunn och meeschtens déi selwecht „Richtung“, emol méi emol manner provokativ.

Op där aner Säit: haut dierf alles näischt méi kaschten, Noriichte schonn emol guer net. Iwwerhaapt ginn de meeschte leit ëmmer méi oft ganz „einfach Erklärungen zu mega komplexen Themen“ duer, besonnesch da wann se sech mam eegene Weltbild deckt. Zu Lëtzebuerg ass et sécherlech manner ausgepräägt wéi soss an der EU, et muss ee just d‘Oueren ophale fir de „Changement“ ze héieren.

Foto: Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Europa, Journalismus, Pressefräiheet, Reporter ouni Grenze, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel