Search

You may also like

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen
International Neiegkeeten

Fir d’EU: Entrevue tëscht Asselborn a Maas zu Schengen

Leschte Samschdeg huet sech den Europa- an Inneminister Jean Asselborn

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen
International Neiegkeeten

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen

D‘Kris am Logement hëlt keen Enn an d‘Spekulanten hunn och

money
EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm
International Neiegkeeten

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

Déi europäesch Institutiounen a Griicheland sinn zu engem techneschen Accord

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft

Reprise: De franséische President, de Covid19 an d‘Wirtschaft

Mëtt Mäerz huet déi franséisch Regierung, mat déi drastescht Moossnamen an der Unioun ergraff, fir der Covid19-Pandemie entgéintzewierken. Quasi de gesamten Industriekomplex, jo déi ganz Wirtschaft gouf ugehalen. De franséische President Emmanuel Macron huet dem Virus de Krich erkläert, dem Schutz vun der Gesondheet huet sech alles missen ënneruerdnen, egal wat et kascht.

Ugesiichts der Häert, mat deem d‘Infektiounskrankheet zougeschloen huet, eng haut verständlech Virgoensweis. Mee dat huet säi Präis: ee risege Rettungsschierm ass opgespaant ginn. Biergschafte fir an hirer Existenz bedreeten Entreprisen, d‘Afréiere vun de Sozialkotisatiounen, ee Fonds fir kleng Entreprisen an Selbstänneger mee och oder besonnesch d‘Kuerzaarbechtergeld soll hëllefen.

Lëtzebuerg hat et virgemaach, eis däitsch Noperen hunn et iwwerholl an esou huet och den Emmanuel Macron dëst Instrument, mam Bléck op déi gutt Erfarungen déi d‘Nopere mat dësem Instrument gemaach hunn, agesat. Hëllef kritt jiddereen, deen net méi op d‘Schaff kann, sief et well de Betrib huet missen zoumaachen, well d‘Kanner hu misse betreit oder well ee vulnerabel ass.

An och wann et ee puer Lacune gëtt, eis Noperen hunn sech eng vun de grousszügegste Mesure bei der Regelung vun der Kuerzaarbecht (partielle Chômage) geleescht. Bis zu 90% vum Nettoloun – natierlech plafonnéiert – ginn esou de Betraffenen ausbezuelt. Dat kënnt gutt un, bei de Bierger wei och den Entreprisen an esouguer an der Politik. Aktuell profitéieren dovunner 13 Millioune Leit.

Verstaatlechung vun de Salairen

An engem Interview sot den Emmanuel Macron: „Mir hunn d‘Salaire verstaatlecht“, an dat stëmmt a gewësser Weis. Berécksiichtegt een an dëser Rechnung d‘Salariéeë vum Staat, d‘Pensionären an d‘Mënschen déi Sozialhëllefsempfänger sinn, dann alimentéiert de Staat dräi vu véier Erwuessenen. A Friddenszäiten eng Première, déi bis Enn Abrëll op 25 Milliarden Euro ze bezifferen ass.

Dat ass dem Fait geschëlt, dat a kengem anere Land vun der EURO-Zon d‘Wirtschaftsleeschtung esou staark réckleefeg war wéi ebe bei eisen Noperen. D‘Folleg ass eng Rezessioun, déi engem Angscht maache kann, firwat d‘Ekonomisten a „gewësse“ Chronisten ufänken eng Rei desagreabel Froen ze stellen, an sech och mat Kritik net zréckzehalen. Hire Standpunkt ass entspriechend.

Esou heescht do beispillsweis: „Schutzmoossname vun der Regierung hunn dozou gefouert, datt d‘Salariat et guer net emol esou schlecht fënnt net musse Schaffen ze goen. Si si beschtens, fir net ze soen iwwert d‘Mooss gutt ofgeséchert, och am internationale Verglach“. Si ënnerstellen hei der aktiver Bevëlkerung, d‘Angscht virum Covdi19 als bëllege Virwand ze notze fir ze faulenzen…

Ab nächstem Méindeg fänkt bei eisen Noperen eng schrëttweis Reprise vun den Aktivitéiten an ville Secteuren un. Virsiichteg a regional – bezunn op de Stand vun den Infektiounsfäll – ass dat emol méi, emol manner ausgepräägt. Déi meeschte Wirtschaftsberäicher wäerten nees lues awer sécher ulafen. An enger Saach dierf ee sech sécher sinn, d‘Majoritéit ass Frou nees lasszeleeën.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Goh Rhy Yan / unsplash

Related topics Covid19, Emmanuel Macron, Frankräich, Reprise, Wirtschaft
Next post Previous post