Search

You may also like

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?
Neiegkeeten

Gëtt eis Sprooch fir de Wahlkampf op d’Säit geluecht?

Dës Thees stellen op mannst d’Piraten an engem Communiqué op.

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt
Neiegkeeten

Krautmaart: Haut ginn déi vereedegt, déi dir gewielt hutt

D‘Chamberwahle leien hannert eis, d‘Koalitiounsgespréicher komme virun an esou lues

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen
Neiegkeeten

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen

D’Liewen ass eng batter Realitéit, an entweder bleift een um

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet

Reprise vum Schoulbetrib… mir si virbereet

Wat fir vill kleng Gemengen net einfach ass, datt ass zu Esch-Uelzecht eng richteg Erausfuerderung an awer geet och hei haut den Unterrecht fir d‘Butzen nees un. An där Knetzelen a Krapperten, déi sech wéi Geck drop freeën nees mat de Frënn ze spillen, firwat si sech och op d‘Schoul freeën, gëtt et an der Minettemetropole wäit iwwer 3.000. Dat verlaangt eppes méi wéi organisatorescht Talent.

De Schoul-Service hat all Hänn voll ze dinn, sech mat de Raimlechkeeten ausenanerzesetzen. Déi musse schliisslech – wéi och d‘Personal fir d‘Butzen ze encadréieren – verduebelt ginn. D‘Kanner goufe vun de respektiven Direktiounen an déi faméis Gruppen „A & B“ opgedeelt. D‘Upassunge vun de Raimlechkeete sinn entspriechend de Consigne vum Educatiounsministère gemaach ginn.

All Klassen a Säll sinn esou ageriicht ginn, datt de gefuerderten Ofstand tëscht de Kanner och sollt kënnen agehale ginn, d‘Schoulhäff sinn a Secteuren opgedeelt ginn, fir d‘Butzen ausenaner kënnen ze halen. Dat war noutwenneg fir et ze erméiglechen, datt sech méi Klassen zäitgläich am Fräien dierfen ophalen. Zudeem sinn d‘Botzequipe stänneg am Asaz fir alles ëmmer nees ze desinfizéieren.

Op Schoul esou spaass mécht?

Fir d‘Unzuel u benéidegte Raimlechkeeten zur Verfügung ze hunn, huet d‘Gemeng och verschidde Säll einfach requisitionnéiert. Fir genuch Enseignanten, Erzéier a pedagogescht Hëllefspersonal op der Plaz asetzen ze kënnen, hunn eng honnert Leit misse fonnt ginn. De Ministère soll versprach hunn der 30 dovunner bereetzestellen. Dat sinn Educateuren, Animateuren a Studenten.

D‘Schüler, also villméi dären hir Elteren, hunn ganz kloer Consignen erhalen an hätte jo och vill Zäit gehat sech mat de ganze Geste Barrière ze familiariséieren. Zu dësem Zweck hat d‘Gemeng um Infokanal (Tëlee) extra Tutorials verëffentlecht. D‘Enseignanten an d‘Educateuren, esou zumindest de Plang, wiesselen sech mat Gruppen déi hinnen zougewise sinn of. G‘Iess gëtt och am Klassesall.

Schwéier Zäite fir déi „wibbeleg“

Fir d‘Butzen dierft déi gréissten Erausfuerderung doranner bestoen, datt si eigentlech gehale sinn, hiren Allerwäertesten um zougewisene Stull festzeschrauwen, well et soll esou mann Zirkulatioun wei méiglech an de Säll (eigentlech an der ganzer Schoul) stattfannen. Interessant, d‘Gemeng huet gefuerdert datt d‘Butzen um Schoulwee eng Mask mussen unhunn, am Klassesall dann awer net.

Sech dem Unterrecht entzéien ass net erlaabt: D‘Schoulflicht gëllt fir jiddereen, heescht et an wier den Elteren an den Enseignanten hir Aufgab de Butzen d‘Vertrauen anzetriichteren. Datt et do awer Eltere wäert ginn, déi selwer kee Vertrauen – dank de ville Widderspréch – an dës „Rentrée“ hunn, misst ee vläicht berécksiichtegen. Zudeem gëtt och beim Léierpersonal fundéiert Zweiwel

Illustratioun: © Aaron Burden / unsplash

Related topics Deconfinement, Esch-Uelzecht, Frontalunterrecht, Organisatioun, Reprise, Schoul, Schoulunterrecht
Next post Previous post